Héich Energie-Präisser fir d'Konsumenten evitéieren an dofir suergen, datt an der EU méi Energie aus erneierbare Sourcë wéi Sonn oder Wand gewonne gëtt - dat ass de But vun der geplangter Reform vum europäesche Stroummarché.
D'Europäesch Kommissioun hat am Mäerz eng Propose presentéiert. Doriwwer wollte sech e Méindeg d'Energieministeren aus de 27 EU-Memberlänner op hirer Reunioun um Kierchbierg eens ginn.
Dat huet awer net geklappt.
Sträit iwwert Subside fir Kuel
Am Wee stinn ënner anerem Ännerungen am Text, déi déi schwedesch Presidence déi lescht Woch op Wonsch vu Polen derbäi gesat huet. Deen Zousaz géif et dem Land erlaben, seng Kuelekraaftwierker méi laang ze subventionéieren.
Dat koum fir eng Partie vun de Memberlänner iwwerraschend, dorënner Lëtzebuerg. Den Energieminister Claude Turmes huet sech net doriwwer gefreet.
"Do kann een nëmmen de Kapp rëselen. Mat där extremer Dréchent gesi mer den Ament, wéi urgent et ass, datt mer domat ophalen, mat Kuel Stroum ze maachen. Wat mer elo brauchen si manner Kuelekraaftwierker a méi erneierbar Energien."
Polen awer pocht drop, datt et weider op Kuel ugewisen ass, pocht op seng eegen Energie-Sécherheet, déi fir déi ganz EU wichteg wier. "Wann ee vun eis a Gefor ass, si mer et all", sou déi polnesch Klima- an Ëmweltministerin Anna Moskwa.
Vrun der Reunioun um Kierchbierg haten d'Ministeren aus 14 Länner, dorënner Spuenien, Holland, d'Belsch an Éissterräich zesumme Kaffi gedronk an iwwert hir Strategie fir méi erneierbar Energie an der EU geschwat.
D'Propose, Kuel elo méi laang ze subventionéieren, géing d'Ziler vun der EU den Undeel vun der Erneierbarer Energie bis 2030 op op mannst 42,5 Prozent eropzeschrauwen, ënnerwanderen, sou d'Leonore Gewessler, éisträichesch Energieministerin vun deene Gréngen.
"Die Zukunft sind erneierbare Energien. Wir haben uns ein Klimagesetz gegeben in der EU, deshalb ist es umso wichtiger, dass wir bei jeder Massnahme darauf achten, konsistent zu sein im Hinblick auf unsere Ziele und uns keine Hürden in den Weg zu legen."
Frankräich kéint Virdeeler um Marché kréien
Zweete grousse Sträitpunkt ware Konditioune fir verschidde laangfristeg Kontrakter mat Energie-Entreprisen, déi an den Ae vum Claude Turmes, Frankräich ee Virdeel géife verschafen.
D'Atomindustrie fält ënnert déi Kontrakter. Si mécht 80 Prozent vum Energie-Secteur a Frankräich aus - dat heescht d'Land géif dovu massiv profitéieren. Dat géif zu Wettberwerbs-Verzerrungen um EU-Banne-Marché féieren, huet déi belsch Energie-Ministerin Tinne van der Straeten an engem Tour de Table ënnert de Ministere festgehalen.
"Ech kann den aktuellen Text net akzeptéieren, well déi Kontrakter zu enger grousser Distortioun tëschent den Ekonomien an de Memberlänner féiere wäert."
Fir Frankräich géif et doduerch och méi attraktiv, den Atomreakter un der Grenz mam Grand-Duché méi laang lafen ze loossen, sou de Claude Turmes.
"Ech fannen dat komplett inakzeptabel, mir si ni gefrot ginn, ob Cattenom soll op där dote Plaz sinn, elo hätte mer duerch dëse Mechanismus een immensen Ureiz fir Frankräich fir d'Lafzäit ze verlängeren."
Claude Turmes: Kaddoe fir Polen a Frankräich
Der Reform no gëtt de Präis vum Elektreschen net vun deem vum Gas ofgekoppelt. D'Aart a Weis, wéi en zustane kënnt, soll duerch eng Iwwerwaachung vun där zoustänneger Agence méi transparent ginn an et soll dofir gesuergt ginn, datt erneierbar Energien e besseren Zougank op de Marché kréien. Iwwert deen Deel ass ee sech gëschter eens ginn, iwwert déi aner Punkte gëtt elo viru verhandelt.
Dat et gëscht keen Accord gouf, huet um Enn de Lëtzebuerger Energieminister begréisst. Hien huet der schwedescher Presidence reprochéiert, Frankräich genee ewéi Polen Faveuren offréiert ze hunn, fir zu engem Accord ze kommen. Dat huet déi schwedesch Energieministerin Ebba Bush an der Pressekonferenz wéi erwaart vu sech gewisen:
"Et gi keng Kaddoe gemaach, mir mussen ee Marché opbauen, deen nei a méi Stroumproduktioun promovéiert. Et geet ëm déi ganz fossil-fräi Energie-Produktioun. Net nëmmen em erneierbar Energien."
D'Diskussioun, wéi eng Plaz d'Atomenergie am Kampf géint de Klimawandel ze sichen huet, geet an der EU also virun. Genee ewéi d'Debatt doriwwer, wéi eng Roll Kuel um Wee fir onofhängeg vu russeschem Gas ze ginn, ze spillen huet.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.