Radioen

On air

Notturno  |  Wye Oak - Every Day Like The Last

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pro-russesch Regioun am EU-Kandidateland

TRANSNISTRIEN

Pro-russesch Regioun am EU-Kandidateland

Transnistrien, eng Regioun op moldaweschem Territoire, huet sech virun iwwer 30 Joer selwer zur "Republik" ernannt. Bis haut sinn do russesch Zaldote stationéiert. Ee Gebitt mat Konfliktpotential direkt un der Grenz mat der Ukrain.

auto_stories

6 min

Lauschterenplay_arrow


De russesche Krich an der Ukrain war vun Ufank un am klénge Moldawien mat 2,6 Milliounen Awunner, ganz present. D'Land ass mat enger Längt vun 350 Kilometer an enger Breet vun 250 Kilometer agequëtscht, tëscht Rumänien an der Ukrain.

Ganz no beim Krich

De 24. Februar zejoert, wéi Russland an d'Ukrain amarschéiert ass, ass bei ville Leit Panik ausgebrach, net nëmmen un der Grenz, ma och zu Chisinau, der Haaptstad vun der Republik Moldau, wéi d'Land offiziell heescht. Si hätt grouss Angscht gehat, erënnert sech d'Irina Iacoban.

"Ech hu mäi Rucksak gepaakt a mech gefrot, wéi ech dat maache sollt, mat zwou Kazen fortlafen, a virun allem wouhin? Ma, wéi all déi Leit aus der Ukraine iwwert d'Grenz koumen, déi vun doheem fort gaange sinn, ouni alles, hu mer séier verstanen, datt hir Situatioun vill méi schlëmm ass, wéi eis."

Virum Krich war et normal fir déi 30 Joer al Fra, déi responsabel ass fir d'Kommunikatioun an enger IT-Entreprise, op mannst e puer Mol am Joer mam Zuch op Odessa ze fueren. Elo ass deen direkte Kontakt an d'ukrainesch Stad um Bord vum schwaarze Mier, eng 160 Kilometer vu Chisinau ewech, fir déi meescht ofgebrach.

Eng aner Vue op d'"Republik" riets vum Dnister

De Krich huet och de Bléck op Transnistrien, d'Regioun ëstlech vum Floss Dnister, un der Grenz mat der Ukrain verännert. Transnistrien, wat sech selwer "Pridnestrowien" nennt, gëtt just vu Russland als autonom Republik unerkannt. Déi "Republik" ass an de 1990er Joren nom Zerfall vun der Sowjet-Unioun entstanen, no engem Konflikt mat iwwer 500 Doudegen, bei deem déi russesch Arméi intervenéiert an dono Zaldoten an där Regioun stationéiert huet. Bis haut sinn an Transnistrien iwwer Dausend russesch Zaldote präsent.

Eng Partie vun hinne si laanscht d'Strooss postéiert, soubal een déi onscheinbar Grenz passéiert, eng 40 Kilometer vu Chisinau ewech.

Sheriff Tiraspol: Prominente Futtballclub aus Transnistrien

Komplizéiert ass d'Arees erstaunlecher weis net. No enger kuerzer Passkontroll am kléngen Haische mat zwee Guicheten, muss de Chauffeur just säin Taxis-Schëld vum Autosdaach ofmontéieren an an d'Malle leeën. A weider geet et op der Strooss, déi méi bockeleg gëtt a kuerz vrun der Haaptstad Tiraspol laanscht dee grousse Stadion vum weltbekannte Futtballclub "Sheriff Tiraspol" fouert.

Am Veräin, an deen d'Sécherheetsfirma "Sheriff" vill Suen investéiert, hunn haaptsächlech auslännesch Spiller ee Kontrakt. Zanter 2000 ass de Club, wou bis zejoert de Lëtzebuerger Sébastien Thill gespillt huet, ouni Ënnerbriechung Champion vun der moldauescher National-Divisioun an huet et och schonn an d'UEFA Championsleague gepackt.

"Mir hunn ee spezielle Lien mat Russland"

Direkt um Ufank, wann een op der zwee-spuereger Strooss an Tiraspol erafiert, gëtt ee vun enger riisescher Lenin-Statue empfaangen. Wat denken d'Leit hei vum Krich, vum Wladimir Putin?

"Mir hunn eis eegen Approche", seet ee Mann, dee sech als Historiker virstellt, a fréier am Gebai hannert der Statue, der Regierung geschafft huet. "Mir wëllen net Deel vun der EU ginn, mir hunn ee spezielle Lien mat Russland."

Moldawien ass zanter dem Juni 2022 offiziell Kandidat fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Do awer géifen nämlech Däitschland a Frankräich diktéieren, wat gemaach gëtt, sou de Mann virun. Wéi hien eelef Joer al war, si seng Eltere wéinst der Aarbecht aus der Ukrain, der Regioun vun Odessa op Tiraspol geplënnert. Haut lieft säit Papp nees op där anerer Säit vun der Grenz. Wéinst dem Krich ass et komplizéiert ginn, hien ze besichen.

D'Grenz op der Ukrainescher Säit ass nämlech zou. Ouni eegene Flughafe kënnen d'Leit, déi an Transnistrie liewen, an nieft dem moldaweschen dacks ee russesche Pass hunn, just a Moldawie reesen.

Keng Angscht vrum Krich

E bësse méi wäit d'Strooss erof stinn am Zentrum vun der Stad, an där soss net ganz vill Leit ënnerwee sinn, e puer Jonker um Busarrêt.

"Fifty-Fifty", äntwert ee jonkt Meedchen op d'Fro, ob hat Englesch kann. D'Sätz ginn duerch russesch Wierder ënnerbrach, d'Haaptaussoen awer sinn ze verstoen. "Ech sinn hei zu Tiraspol gebuer. Mir hunn eist Land, eis Stad gären", sou eng dovun an "Neen", de Krich géif him géif Angscht maachen, hat wielt an Transnistrie bleiwen, do studéieren a spéider Léierin ginn.

"Mir wënschen eis Fridden, mir wëllen net dat, wat an der Ukrain ass", sou eng aner Fra, déi net ouni Stolz op Rei vu Plakater mat russesche Perséinlechkeete weist, déi ronderëm ee klénge Park opgestallt sinn.

Ofhängegkeet vu russeschem Gas

Wéi et virugeet, an dëser Regioun, déi nach ëmmer zu Honnert Prozent vu russeschem Gas ofhänkt, dee weiderhin de facto gratis vu Russland geliwwert gëtt, weess den Ament keen. Wat geschitt zum Beispill, wann d'Ukrain de Gas net méi duerchléisst?

An der Republik Moldau setzt ee weiderhin op eng friddlech Léisung, seet am Interview déi fréier moldawesch Premierministerin Natalia Gavrilita.

"Wa sech déi russesch Truppen zeréckzéien, sou wéi dat an den internationalen Traitéë virgesinn ass, gëtt et gutt Chancë fir eng friddlech Léisung. Et war ni ee Konflikt ënnert de Leit. Si sinn et gewinnt, op där enger Säit vum Floss ze wunnen an op där anerer ze schaffen oder ëmgedréint."

Opreegung op europäeschem Sommet

Eng Léisung awer ass nach net en Vue.

Um Sommet vun der "Europäescher Politescher Communautéit", déi lescht Woch a Moldawien war kuerz Opreegung opkomm, nodeems op de Soziale Medien zirkuléiert ass, d'Ukrain wielt an Transnistrien amarschéieren. Et war net déi éischte Kéier, datt déi Nouvelle verbreet gouf, meeschtens vu Säite vum russesche Regime.

D'Ukrain géif keen Usproch op den Territoire erhiewen huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op enger Pressekonferenz um Sommet erkläert.

Moldawien hätt net Wëlles d'Regioun opzeginn, hat virdrun déi moldawesch Presidentin Maia Sandu betount.

"Wat mer méi wäit um Wee vun der Europäescher Integratioun sinn, wat d'Situatioun op der rietser Säit vum Dnister méi sécher an de Support vun de Leit op der lénker Säit fir eng Reunifikatioun méi grouss gëtt."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.