Radioen

On air

Notturno  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nordséi-Sommet: Grouss Pläng fir gréngt "Powerhouse"

WANDKRAAFT

Nordséi-Sommet: Grouss Pläng fir gréngt "Powerhouse"

​Aus der Nordséi soll dee gréisste gréngen Energie-Liwwerant fir Europa ginn. Dat ass de Plang vu néng europäesche Länner. D'Produktioun soll vervéierfacht ginn. Lëtzebuerg mécht mat an huet finanziell Ënnerstëtzung zougesot.

auto_stories

4 min

Zu Esbjerg an Dänemark hate sech zejoert schonn d'Energieministeren aus der Belsch, Däitschland, Dänemark an Holland drop festgeluecht, d'Wandenergie aus der Nord-Séi massiv auszebauen. Konkret sollt bis 2030 d'Kapazitéit op 65 Gigawatt a bis 2050 op 150 GW eropgesat ginn.

Elo wiisst déi Allianz genee ewéi hir Ziler.

"Mir peilen 300 Gigawatt bis 2050 un. Dat heescht, datt mir bis dohin 300 Millioune Stéit mat Energie beliwwere kéinten", sot e Méindeg zu Ostend de belsche Premier Alexander de Croo.

Frankräich, Irland, Norwegen a Groussbritannien gehéieren zu de neie Signatairë vun enger Déclaratioun, déi e Méindeg zu Ostende ënnerschriwwe gouf.

Lëtzebuerg, den Outsider an der Ronn vun de Séi-Staaten

Genee ewéi Lëtzebuerg, wat jo bekanntlech kee Mierzougank huet. Hie géif Sue matbréngen, sou de Premier Xavier Bettel géintiwwer der Press. Lëtzebuerg wier drun interesséiert, sech finanziell u Projete vu Wandkraftrieder ze bedeelegen.

Wéi koum et dozou, datt Lëtzebuerg an där Ronn opgeholl gouf? Als Benelux-Land wier de Grand Duché Grënnungsmember vun der sou genannter "Nord-Séi-Energiekooperation", déi viru 15 Joer an d'Liewe geruff gouf. Op deem Wee wier Lëtzebuerg mat derbäi komm, erkläert den Energieminister. "Haut ass et natierlech ee Risenavantage fir eis, datt mir mat um Dësch sëtzen", sou de Claude Turmes géintiwwer dem radio 100,7.

An der separater Déclaratioun vun den Energieministeren, gi fir déi meescht Länner konkret Ziler fir den Ausbau vun der Wandenergie opgezielt. Ziler, déi däitlech iwwert deem leien, wat si bis elo zustane kréien. Groussbritannien hätt mat 50 vun den 120 Gigawatt bis 2030, dee gréissten Undeel ze liwweren.

Produktioun misst massiv eropgesat ginn

Frankräich wier mat 40 Gigawatt bis 2050 derbäi. Dat ass däitlech méi ewéi bis elo produzéiert gouf. Zejoert hu franséisch Wandrieder am Mier, knapps ee Gigawatt geliwwert. Dat neit Zil ass eng Erausfuerderung, gëtt de President Emmanuel Macron zou.

"Le défi, c'est d'identifier des sites qui sont compatibles avec la biodiversité, les tracés pour les activités commerciales et les acitvités des pêcheurs."

Trotzdeem. "Mir halen eis drun", versprécht de franséische President.

An Däitschland misst sech d'Produktioun vu Wandenergie verdräifachen. Dat ass machbar, seet och de Kanzler Olaf Scholz. Mat der Nordséi hätt Europa een "Energie-Powerhouse quasi vrun der Hausdier".

"Denn wir müssen ja sagen, jetzt geht's los, jetzt gewinnen wir die Geschwindigkeit, die wir dazu brauchen."

Lëtzebuerg Engagement net genee definéiert

Wat Lëtzebuerg ugeet, ass den Engagement um Pabeier éischter vague definéiert.

Rieds geet vu "Kooperatiouns-Mechanismen" an enger "finanzieller Participatioun an Offshore-Wand-Projeten" ouni dat déi Projeten oder d'Länner, mat deenen zesummegeschafft soll ginn, genannt ginn.

Domat wier déi scho geplangte Bedeelegung un engem dänesche Wandpark gemengt, präziséiert de Claude Turmes.

Bis 2025 sollen no tëscht 33 a 66 Milliounen Euro an deen däneschem Wand-Energie-Projet fléissen. Bis elo wieren nach keng Suen iwwerwise ginn, wëll den Traité mat Dänemark nach muss ratifizéiert ginn, sou den Energieministère. D'Suen sollen aus dem Klimafonds geholl ginn.

Dernieft sollen Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg wéi Arcelo, Dupont oder Good Year et duerch staatlech Garantien erliichtert kréien, Kontrakter mat Produzente vun Energie aus Wandkraaft ofzeschléissen. Och dat hat d'Regierung schonn annoncéiert.

Bettel: Avis aux amateurs

Déi respektiv Ziler solle jeeweils an déi national Energiepläng mat agebaut ginn. Dat wier eng eng Garantie, datt d'Länner sech un hir Verspriechen halen, sou de Lëtzebuerger Gréngen.

D'Déclaratioun vun Ostend wier och eng Invitatioun fir aner Länner ouni Mier, matzemaachen, sot nach de Premier Xavier Bettel.

"Et brauch ee kee Mier, wann mer d'Kapazitéit hunn, gemeinsam Saachen ze maachen, kënne mer Gréisseres bewierken."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.