Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert kritt wéinst psychologeschem Harcèlement eng Geldstrof, déi enger Indemnitéit vun 10 Deeg entsprécht. Konkret heescht dat, datt si ronn 3300 Euro bezuele muss. D'Deputéiert wier doriwwer informéiert ginn an hätt och d'Recht intern an Appell ze goen, sou d'Roberta Metsola an hirer Annonce, déi just 30 Sekonne gedauert huet.
Comité vum Parlament hat am November ee Rapport gemaach
D'Annonce kënnt fënnef Méint nodeems deen zoustännege Comité vum Parlament no enger Plainte géint d'Europadeputéiert zur Konklusioun koum, datt et sech em "Harcèlement psychologique" handele géif.
D'Strof ass des Kéier liicht manner héich ausgefall wéi virun zwee Joer. D'Monica Semedo war am Januar 2021 eng éischte Kéier vum deemolege Parlamentspresident David Sassoli wéinst Harcèlement psychologique fir zwou Woche vun hirer parlamentarescher Aarbecht suspendéiert ginn. Deemools haten dräi fréier Matarbechter geklot.
D'Recommandatioune vun der Kommissioun si genee ewéi de Rapport net ëffentlech. Et läit de Reegele vum Parlament no eleng bei der Presidentin, ze decidéieren, wat si dovun iwwerhëlt, a wéi eng Zort vu Sanktioune si verhänkt.
Eisen Informatiounen no war de Comité, nodeems verschidde Leit gehéiert goufen, mat grousser Majoritéit zum Schluss komm, datt op en Neits ee Fall vu Mobbing virläit. D'Monica Semedo selwer hat refuséiert virum Comité auszesoen. Si sot spéider an enger schrëftlecher Stellungnam, dat et hir refuséiert gouf, een Affekot bei deem Entretien derbäi ze hunn. Dat allerdéngs ass an de Reegelen, déi am Europaparlament festgehale goufen, net esou virgesinn.
Fréier Mataarbechter hunn Ambiance als toxesch beschriwwen
An deem nämmlechte Statement hat d'Monica Semedo och betount, si hätt eng exzellent Relatioun mat hire Mataarbechter. An Aussoe géintiwwer dem 100.7 hu fréier Mataarbechter awer vun enger toxescher Ambiance um Büro geschwat a gesot, si wieren net respektvoll behandelt ginn.
No der éischter Sanktionéierung hat sech déi deemoleg DP-Deputéiert bei deenen dräi Mataarbechter, déi eng Plainte gemaach haten, entschëllegt. Si wier exigent par rapport zu hirer Ekipp gewiescht an dat hätt leider zu Spannunge gefouert, déi net ze iwwerwanne waren, sou deemools déi fréier RTL-Moderatrice.
D'Monica Semedo war kuerz nodeems d'Sanktiounen annoncéiert gi waren, aus der DP ausgetrueden. Zanterhier ass si als parteilos Europadeputéiert an der Fraktioun vun de Liberalen, dem Grupp "Renew Europe" vertrueden. An där nämmlechter Fraktioun ass och den DP-Europadeputéierte Charles Goerens Member.
Zweet Sanktioun dëst Joer am Europaparlament
Et ass déi zweete Kéier, datt d'Presidentin dëst Joer Sanktiounen annoncéiert.
De 17. Januar 2023 hat d'Roberta Metsola déi spuenesch Sozialistin Monica Silvana Gonzalez sanktionéiert, och wéinst psychologeschem Harcèlement. Si gouf fir 30 Deeg vun de parlamentareschen Aarbechte suspendéiert. Op deenen Deeg muss si och op hir 338 Euro Bonus, deen ee fir d'Presence kritt, verzichten.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.