Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Moldawien empfänkt Europa

REPUBLIK MOLDAU

​Moldawien empfänkt Europa

En Donneschdeg sinn an der Haaptstad vu Moldawien zu Chisinau 47 Staats- a Regierungscheffen op Besuch fir de Sommet vun der sou genannter "Europäescher politescher Communautéit". Eng Chance fir d'Land, wat wéi keen anert vum Krich an der Ukrain betraff ass, op sech opmierksam ze maachen.

auto_stories

3 min

Foto: Picture Alliance

Dat klengt Moldawien oder wéi d'Land offiziell heescht "d'Republik Moldau" ass ee vun deene Länner an Europa, déi am meeschte vum Krich an der Ukrain betraff sinn.

Déi fréier Sowjet-Republik läit tëscht Rumänien an der Ukrain. Si war bis vru Kuerzem staark ofhängeg vu Russland. Déi pro-europäesch Regierung wëll dat änneren an zielt op d'Hëllef vun der Europäescher Unioun.

Moldawien setzt op d'EU

De Krich huet sécher mat dofir gesuergt, datt d'Republik Moldau méi séier ewéi geplangt, nämlech am Juni zejoert de Kandidatestatus krut, fir Member vun der EU ze ginn.

"Dir hutt iech Europa erausgesicht, an Europa wäert Iech wëllkomm heeschen", sou d'Presidentin vum Europaparlament, Roberta Metsola vrun zwou Wochen zu Chrisinau, der moldawescher Haaptstad, vrun Dausende pro-europäeschen Demonstranten,.

De Siegfried Muresan, de Chef vun der Moldawien-Delegatioun am Europaparlament war mat derbäi.

"Diese Kundgebung war wirklich beeindruckend, es kamen Menschen aus allen Ecken des Landes, die sich für eine europäische Integration ausgesprochen haben. Diese Meinung ist nicht einstimmig im Lande aber es ist die Meinung der breiten Mehrheit".

Wéi vill rumänesch Europadeputéiert suivéiert de Chrëschtdemokrat d'Situatioun a Moldawien ganz enk.

700.000 Refugiéen aus der Ukrain

D'Ramona Strugariu, Europadeputéiert vun de Liberalen ass um Bords vum Floss Pruth direkt un der Grenz mat Moldawien opgewuess

"D'Republik Moldau ass haut wäit ewech vun deem Land, wat jorelaang vu pro-russesche Politiker gefouert gouf. Haut huet Moldavien eng immens pro-europäesch Regierung a Presidentin an och déi entspriechend pro-europäesch Majoritéit am Parlament."

De Krich huet allerdéngs vill Problemer am äermste Land vun Europa méi grouss gemaach.

Virop dee vun der Migratioun: Iwwer 700.000 Refugiéen huet déi kléng Republik Moldau aus dem Nopeschland der Ukrain opgeholl, iwwer 100.000 sinn der bliwwen, eng Erausfuerderung fir ee Land mat just 2,6 Milliounen Awunner.

Transnistrien bleift ee Problem

D'EU hëlleft finanziell. D'Europaparlament hat am Abrëll gréng Luucht gi fir eng weider Tranche vun 145 Milliounen Euro.

Suen, déi u Konditioune geknäppt sinn, erkläert eis d'Rapportrice vum Parlament an deem Dossier, d'Marketa Grogorova. "An der Haaptsaach geet et ëm d'Bekämpfe vu Korruptioun an d'Respektéiere vum Rechtstaat", sou déi tschechesch Gréng.

Iwwerall do goufe Progrès gemaach, ma et gëtt nach vill ze dinn.

Och wann et drëm geet, d'Land méi onofhängeg vu Russland an der Ekonomie am allgemengen an am Energieberäich am Speziellen ze maachen.

"Déi gréisst Erausfuerderung fir d'EU, muss et sinn, de proeuropäesche Regime an Moldawien nohalteg ze stäerken."

EU-Bäitrëttsgespréicher nach dëst Joer?

E weidere Problem stellt Transnistrien duer, d'Regioun am Oste vum Land, wou net nëmme russesch Zaldote stationéiert si ma och russesch Munitioun a grousse Quantitéite gelagert ass.

"Ech denken net, datt d'Republik Moldau ka Member vun der EU ginn, sou laang dee Problem net geléist ass", seet de Siegfried Muresan. Dat sollt een allerdéngs net dovun ofhalen, iwwerall do, wou et geet mat de Bäitrëttsverhandlungen unzefänken."

seet den Siegfried Muresan. Dat sollt een allerdéngs net dovun ofhalen, iwwerall do, wou et geet mat de Bäitrëttsverhandlungen unzefänken.

D'Ramona Strugariu hofft, datt dat nach dëst Joer geschitt an d'Land bis 2030 bäitriede kann. Fir déi rumänesch Europadeputéiert ass et net ausgeschloss, datt sech dono Rumänien a Moldawien, déi enk historesch Lienen hunn, mat bis haut där nämmlechter Landessprooch, nees kéinten zesummeschléissen.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.