Frankräich setzt och an Zukunft op Atomenergie, wëll d'Lafzäite vu senge Reaktere verlängeren an den Nuklearpark erweideren. Eenzeg: d'Personal dofir feelt.
Keen neit Phänomen
Leschte Freideg huet d'Industrie d'Politik mat engem konkrete Plan d'action opgefuerdert, sech hei ze engagéieren. Datt et elo schonn Enkpäss beim Personal gëtt, feiert een ënner anerem op d'Deindustrialiséierung vum Land zeréck. De Christophe Neugnot vum Brancheverband Gifen gesäit awer nach eng aner Ursaach: Laang Zäit hätt d'Politik d'Atomindustrie vernoléissegt an dowéinst hätt et u Visibilitéit gefeelt.
Fir den Energieexpert Mycle Schneider ass de Personalmangel awer keen neie Phänomen. Schonn 2009 wier d'Hallschent vum EDF-Personal kuerz virun der Pensioun gewiescht. D'Alterspyramide wier deemools schonn extrem ongënschteg gewiescht.
Atomindustrie: Kritt ee jonk Leit iwwerzeegt?
De Plan d'action gesäit fir, datt konkret Mesurë geschaaft ginn, fir d'Attraktivitéit an d'Visibilitéit vum Secteur ze stäerken. Sou soll d'Internetpresenz verbessert ginn, d'Kooperatioun mat der Aarbechtsvermëttlung intensivéiert ginn a jonk Schüler a Schülerinne scho fréi cibléiert ginn. De Christophe Neugnot gesäit hei schonn ee Fortschrëtt. Vill Formatioune fir Beruffer am Atomsecteur géinge bei de Jonken op groussen Interessi stoussen.
De Mycle Schneider par contre gleeft net dorun, datt d'Atomindustrie jonk Leit iwwerzeege kann, well d'Suen virun allem an erneierbar Energië fléissen. Och wier mat dem Rekrutement vu Jonken den Haaptproblem net behuewen. Et géing intern un Kapazitéite feelen, fir dat néidegt Personal auszebilden. Virun allem, seet de Mycle Schneider, géing d'Atomindustrie nees an een aalt Muster verfalen: Pläng maachen, ouni ze iwwerpréiwen, ob dës iwwerhaapt realistesch sinn.