D'Diskussiounen iwwertdat neit Naturschutzgesetz sinn ugespaant. Déi lescht Woch hat de Versuch vun de konservative Parteien am Europaparlament, d'Gesetz ze stoppen, net geklappt.
Virun enger Woch hat dono d'Rumeur, datt déi schwedesch EU-Presidence d'Decisioun ënner den Ëmweltschutzministere vum Ordre du jour sträiche wollt, zu Bréissel, mee och a verschiddenen europäeschen Haaptstied fir Opreegung gesuergt.
Lëtzebuerg hat zesumme mat Däitschland, Frankräich a Spuenien an engem Bréif kloer gemaach, datt een näischt vun där Iddi hält. Et wier een desastréist Signal och en Vue vun de widderspréchlechen Entwécklungen am Europaparlament.
20 EU-Länner fir de Kompromëss-Text
D'Intentioun, den Dossier op Äis ze leeën, gouf ni vu schwedescher Säit confirméiert. Kuerz nodeems de Bréif verschéckt gi war, louch allerdéngs eng nei Kompromëss-Propose um Dësch vun den EU-Ambassadeuren, een Text zu deem gëscht ëmmerhin 20 vu 27 Länner Jo gesot hunn.
"Et ass net de Moment, eng Paus anzeleeën, mir mussen éischter Gas ginn", hat d'Lëtzebuerger Ëmweltministerin en Dënschdeg um Kierchbierg an der Debatt mat hire Homologe festgehalen. Lëtzebuerg wollt méi wäit goen, keng eenzeg vun deene Propose gouf awer am Text zeréckbehalen. Amplaz dovu gouf méi Flexibilitéit fir d'Memberlänner agebaut.
Trotzdeem wier elo eng wichteg Etappe geholl, ënnersträicht d'Joëlle Welfring.
"Mir mussen engersäits als EU-Memberstaaten kucken, datt mir eis Emissiounen am Grëff halen an eis anerersäits duerch de Schutz vun eiser Natur d'Liewensgrondlag ginn, eis do d'Méiglechkeet ginn, CO2-Emissiounen ze späicheren, dat heescht resilient ze gi par rapport zu deem Klimawandel, dee mir alleguerte spieren. Dat heiten ass also ee wichtege Bausteen, et geet drëm deen an eng nächst Etapp ze bréngen."
Joëlle Welfring: Landwirtschaft kritt keng Flächen ewech geholl
Et wier wichteg gewiescht, den EU-Länner méi Flexibilitéiten zouzegestoen, fir dofir ze suergen, "dat si hannert deem Ganze stinn", sou d'Ministerin. D'Gesetz soll fir méi Biodiversitéit suergen andeems Ekosystemer besser geschützt ginn. Konkret solle bis 2030 op mannst een Drëttel vun deenen, déi an engem schlechten Zoustand sinn, nees restauréiert ginn. Fir méi flexibel ze si soll dat Zil elo méi generell an net fir déi eenzel Liewensraim ewéi zum Beispill Bëscher oder Mouere gëllen.
Et géing net drëm, der Landwirtschaft Flächen ewechzehuelen, och net zu Lëtzebuerg, sou d 'Joëlle Welfring.
"Op engem Deel vun de Flächen, déi landwirtschaftlech genotzt ginn, soll d'Biodiversitéit erhéicht ginn. Dofir sinn Aide virgesinn, mir sinn am gaangen dat respektiivt Reglement fir d'Aiden zesumme mam Landwirtschaftsministère ze iwwerschaffen. Dat do sinn also Ziler, déi machbar sinn an déi d'Liewensmëttelsécherheet net a Fro stellen."
Timmermans: Näischt maachen ass keng Optioun
Eng Partie Memberlänner, dorënner Polen, Holland, Italien Schweden a Finnland hu sech weider géint d'Gesetz gestallt, et wier net méiglech et ëmzesetzen, sou hir Kritik.
"Näischt maache wäert um Enn villméi deier ginn", sot dozou den EU-Kommissär fir de Klimaschutz de Frans Timmermans. Hien huet och un déi international Verflichtungen erënnert, déi d'EU a Saache Biodiversitéits-Ziler agaangen ass. Et misst een doheem dat ëmsetzen, wat ee vun aneren erwaart, sou den Hollänner.
Op d'Oppositioun vu konservativer Parteien am Europaparlament mat virop der Europäescher Vollekspartei ugeschwat, sot de Frans Timmermans, hie wier enttäuscht, datt et bei där Kritik net em Inhalter geet.
"Verschiddener probéieren d'Klimapolitik an ee Kulturkampf ze zéien", sou de Sozialdemokrat. Dat géif him Suerge maachen, vu d'Urgence vun der Klimakris misst de Kampf géint de Klimawandel parteiiwwergräifend gefouert ginn.
Iwwer dat Gesetz muss elo mam Europaparlament verhandelt ginn. Do gëtt nach un engem Text gefeilt. An engem Vott déi lescht Woch, konnt sech déi Fraktioun, déi dofir kämpft, d'Gesetz zeréckzezéien net duerchsetzen. Den nächsten Dënschdeg gëtt virun iwwer d'Positioun vum Parlament ofgestëmmt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.