D'EU huet sech virgeholl, bis 2030 den Undeel u Materialien, déi recycelt an dann erëm an d'Ekonomie zeréckgefouert kënne ginn, ze verduebelen. Dofir soll méiglechst vill Offall weiderverwäert ginn.
4 Prozent recycléiert Materialien an de Produktiounsketten
Esou wäit d'Theorie. An der Praxis fléisst de gréissten Deel vun den EU-Mëttelen, déi fir d'Kreeslafwirtschaft bestëmmt sinn, haaptsächlech an d'Offallentsuergung, woumat d'Memberstaaten der Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft net ganz gerecht ginn. D'Auswierkungen op d'Ëmwelt kënnen esou net genuch reduzéiert ginn, heescht et am Rapport vum europäesche Rechnungshaff.
Lëtzebuerg schneit hei besonnesch schlecht of: den Undeel u recycelte Materialien, déi hei am Land an de Produktiouskette benotzt ginn, louch 2021 nëmme bei ronn véier Prozent. Dat selwecht Joer louch déi europäesch Moyenne bei ronn zwielef Prozent.
Mee wéi kënnt et zu dëser Zuel? Den Olivier Thunus, zoustänneg fir de Beräich Ëmweltekonomie beim Statec, erkläert, wéi de sougenannten "Taux de circularité" berechent gëtt.
"On va juste prendre la quantité des déchets qui sera recyclée et on va comparer cette valeur-là à la quantité de materiaux qu'on consomme dans le pays."
Zuelen, déi net aktuell sinn?
An enger Kreeslafwirtschaft gëtt de Wäert vu Produiten a Materialie méiglechst laang erhalen, andeems de Ressourcëverbrauch miniméiert gëtt. Recycling ass do ee grousst Theema. Hei kéint sech Lëtzebuerg ënnert anerem ee Beispill un Holland huelen, wou ee vill Wäert op dat modulart Baue leet: hei ginn eenzel Deeler vun de Gebaier am Viraus produzéiert an op der Plaz zesummegefouert, a kënnen ëmmer rëm benotzt ginn.
Op dës Manéier gëtt am Bau immens vill Offall evitéiert, mengt och de Christophe Murroccu, zoustänneg fir den Energie- a Klimaschutz beim Mouvement écologique.
Mat deem neien Offallgesetz, dat ugangs dëst Joer gestëmmt gouf, hätt Lëtzebuerg schonn ee grousse Schrëtt no vir gemaach. De Christophe Murroccu betount, datt zu Lëtzebuerg scho vill méi geschitt ass, wéi am Rapport vum EU Rechnungshaff beschriwwe gëtt. D'Zuelen, op déi de Rapport sech baséiert, sinn nämlech schonn zwee Joer al.
"Also mir gesi ganz kloer, lo zum Beispill wann een déi zukünfteg Ressourcenzentere kuckt, déi aktuell Recyclingzenteren, do ass eng Reform grad ënnerwee. Do gesi mir ganz kloer dës Zentren als Dreh- und Angelpunkt zesumme mat de Gemengen. Wou et net nëmmen ëm d'Offallwirtschaft geet, mee wou de Fokus ganz kloer soll op ré-emploi an op Reparatioun an op sharing gesat ginn."
Industrie: Recycling ass nach keng Selbstverständlechkeet
Zum Beispill mussen déi nei Ressourcenzenteren elo ee Kontrollpunkt fir Objeten ariichten, déi méiglecherweis nach eemol kéinte genotzt ginn. Trotzdeem misst zu Lëtzebuerg nach vill geschéien, seet de Christophe Murroccu.
"Ech denken engersäits ass et ganz wichteg fir Synergien ze schafen tëschent Acteuren, déi am ré-emploi aktiv sinn. Ech denken do un Aarbechstinitiativen, do ginn et jo schonn zum Deel Synergien tëschent Ressourcenzenteren an Aarbechtsinitiativen, wou eng Ressourcenzentral gesammelt gëtt, d'Arbechstinitativ dat verwäert an herno zeréck an de Circuit bréngt. Ech mengen, dat gëllt et verstäerkt ze fërderen an Zukunft."
Recycling wier - virun allem an der Industrie - nach keng Selbstverständlechkeet zu Lëtzebuerg, bedauert de Christophe Murrocu. Déi néideg Reflexer wiere kaum present.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.