Déi geplangte Reform hätt den europäesche Parteien ënner anerem eng méi eng grouss finanziell Onofhängegkeet solle ginn. Dofir huet sech d'Parlament agesat, sou den DP-Europadeputéierte Charles Goerens, deen hannert deem Zil steet.
"Ech hu léiwer eng Partei déi keng Done brauch vu Privatpersounen, respektiv vu Societéiten. Déi Partei ka sech méi op hir Aarbecht konzentréieren a muss sech net virwerfe loossen, si hätt d'Politik gemaach vun deenen, déi hir Sue ginn hunn."
Parteien aus Net-EU-Länner ausschléissen
D'Memberlänner awer wëllen, datt eng europäesch Partei sech maximal zu 90 Prozent aus ëffentleche Fondatioune finanzéieren dierf. Sou wéi dat elo och de Fall ass.
Am zweete Sträitpunkt allerdéngs wëllen d'Länner d'Gesetz änneren an dofir suergen, datt Parteien aus Net-EU-Länner, net méi dierfen als volle Member an den europäesche Parteien zougelooss ginn.
Déi brittesch Labour-Partei ass beispillsweis och nom Brexit bei den europäesche Sozialdemokraten affiliéiert bliwwen. Dem ukrainesche President Selenskyj seng Partei ass Member vu "Renew Europe"- den europäesche Liberalen. D'Parlament fënnt, datt dat esou bleiwe soll, seet de Charles Goerens. Dat wier wichteg fir den demokratesche Prozess an Europa.
"Mir wëllen deene Leit, déi Demokrate sinn an keng Preuve méi brénge mussen, datt si zu den europäesche Valeure stinn, dach net eng Zesummenaarbecht mat den europäesche Parteien erschwéieren. Oder se als Membere vum zweete Rang oder Ënneparteie betruechten. Nee mir fannen si solle kënnen op Aenhéicht mat hiren europäesche Schwësterparteien zesummeschaffen."
Verhandlunge si blockéiert
D'Memberlänner awer fäerten den Afloss vu baussen a wëllen dat änneren. Si sinn och, anescht wéi d'Parlament dogéint, datt europäesch Parteien dierfen ee Referendum an iergendengem EU-Land mat organiséieren oder finanzéieren.
D'Verhandlungen si blockéiert. Dat ass op där leschter gemeinsamer Sitzung dee leschte Mëttwoch däitlech ginn. En nächsten Datum gouf bis elo net festgehalen. Deemno ass et onwarscheinlech, datt d'Reform nach mat Zäiten duerchgeet, fir datt d'Parteie bei dësem Walkampf kéinten dovu profitéieren. Egal wéi, de Status Quo wier besser wéi d'Reform, déi d'Länner proposéieren, seet de Charles Goerens. Elo misst um politeschen Niveau - dat heescht dee vun den zoustännegen Ausseministeren tranchéiert ginn.
Trans-National-Lëschten: och hei kéint et knapps ginn
Eng aner Reform stécht iwweregens och an der Sakgaass. Dat ass déi vum Walgesetz, an där d'Iddi vun transnationale Lëschte mat eventuelle Spëtzekandidate misst verankert ginn. Och hei ginn d'Meenungen tëscht Parlament a Memberlänner auserneen - an och hei gesäit et net dono aus, wéi wann ee sech nach mat Zäite virun den nächste Wale géif eens ginn.
Déi Europäesch Gréng hunn déi lescht Woch decidéiert, si géife fir déi nächst Europawalen op hirem Kongress am Juni zu Wien op en Neits zwou Spëtzten nominéieren.
Ob déi aner dat maachen ass ongewëss. De Stéphane Séjourné, de Chef vun de Liberalen, hat déi lescht Woch gesot, et misst ee realistesch sinn. De System vum Spëtzekandidate wier ni operationell gewiescht. Mir erënneren eis: 2019 war net de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber, mee d'Ursula von der Leyen vun de Staats- a Regierungscheffe fir de Poste vun der Kommissiounscheffin nominéiert ginn. Deemno kéinte fir déi nächst Walen déi grouss Parteien zécken, iwwerhaapt Spëtzten ze nominéieren. D'Europaparlament ass am gaange seng Positioun dozou auszeschaffen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.