Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frënn vu Majoritéits-Decisiounen nach ëmmer an der Minoritéit

EU-AUSSEMINISTER

Frënn vu Majoritéits-Decisiounen nach ëmmer an der Minoritéit

Ee Land blockéiert déi ganz EU: dësen Zenario soll op mannst am aussepolitesche Beräich ofgeschaaft ginn. Dofir gouf op Invitatioun vun Däitschland de "Frëndeskrees" fir Majoritéits-Decisioune gegrënnt. Eelef Länner maache mat, dorënner Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

Beim 11. Sanktiounspak géint Russland wier, wéi bei deene virdrun, villes méi einfach, wann déi 27 EU-Länner kéinten ofstëmmen, an d'Majoritéit dono decidéiere géif. An der Aussen- a Sécherheetspolitik muss et méiglech sinn, datt d'EU méi séier handele kann, sot déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock.

"Die Europäische Union hat im letzten Jahr deutlich gemacht, wenn wir schnell effektiv und geschlossen entscheiden, dass wir wirklich agieren können, wenn es nötig ist. Wir haben zugleich in der Vergangenheit erlebt, dass wenn es eine Einstimmigkeit in der Aussen- und Sicherheitspolitik braucht und man eben keine gemeinsame Stimme findet, dass man als weltpolitischer Akteur nicht wirklich vorkommt."

Zéng Länner hu sech dem "Frëndeskreess" ugeschloss

Virun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren hat si op ee Petit Déjeuner invitéiert, fir de Grupp, dee sech "Frënn vun der Qualifizéierter Majoritéit" nennt, ze grënnen. Do soll analyséiert ginn, wéi een dat an Zukunft ka maachen, ouni d'EU-Verträg ze änneren.

"Das, was wir vorschlagen, ist keine Revolution, sondern Evaluation. Das was möglich ist, innerhalb der Verträge zu nutzen, um aussen- und sicherheitspolitisch effektiver zu sein und geopolitisch Verantwortung zu übernehmen."

Mat derbäi si bis elo just zéng vun de 27 EU-Länner, dorënner d'Belsch, Spuenien, Italien, Holland an och Lëtzebuerg. Mee wat huet de Grand Duché motivéiert, mat ze maachen?

"Wann et ëm d'Aussepolitik geet, ware mir nach ëmmer dofir", sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn e Méindeg zu Bréissel op eis Nofro hin. "Dat steet och esou an eisem Koalitiounsprogramm".

Diskussioun iwwer verschidden Optiounen

Fir den Ament géing et an deem Grupp drëms goen, iwwer verschidden Optiounen ze diskutéieren. "Zum Beispill iwwer d'Méiglechkeet, eng positiv, dat heescht eng argumentéiert Abstentioun ze maachen", sou de Jean Asselborn.

Eng aner Optioun, déi sougenannte Passerelle-Reegel ze applizéieren, ass eng, déi kaum a Fro kënnt, sou de Jean Asselborn. Dës Reegel seet nämlech, datt ee Ministerrot eestëmmeg festleeë kann, datt eng bestëmmten Decisioun ka majoritär geholl ginn. Dat wäert awer net geschéien, seet de Lëtzebuerger Ausseminister. "Et ginn den Ament keng 27 EU-Länner, déi dofir sinn."

Frankräich wëll Steierfroe mat abezéien

Ungarn a Polen setze sech dofir an, datt d'Unanimitéit an alle Beräicher bäibehale gëtt. Och hei gouf et e Méindeg eng Reunioun, op déi den ungareschen Ausseminister invitéiert hat.

Am Club vun de Frënn vun der Qualifizéierter Majoritéit ass iwwerdeems Frankräich dofir, net bei der Aussen- a Sécherheetspolitesche Froe stoen ze bleiwen, wéi d'Ausseministerin Catherine Colonna erkläert huet.

"Nous pensons aussi à la fiscalité. Les deux doivent aller de pair."

Foto: European Union

Asselborn: Qualifizéiert Majoritéit just an der Aussepolitik

D'Unanimitéit a Steierfroen ofschafen? Dat schéngt der Lëtzebuerger Regierung nach ëmmer ze wäit ze goen. "Ech si jo Lëtzebuerger Ausseminister", äntwert am Laachen de Jean Asselborn op d'Fro, wéi d'Regierung zu der franséischer Propos steet. "Mir hunn een Accord gouvernemental, datt mir eis, wat d'Aussepolitik ugeet, dofir staark maachen. C'est tout."

Egal wéi ass d'Iddi, d'Unanimitéit opzeginn, keng fir direkt an och den 11. Sanktiounspak géint Russland muss dofir unanime decidéiert ginn. E Mettwoch setze sech d'EU-Ambassadeuren op en Neits zesummen, fir een Accord ze fannen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.