Vum franséische President Emmanuel Macron bis bei de belsche Premier Alexander de Croo: an der EU gëtt et den Ament net nëmmen um rietse Bord Stëmmen, déi bremsen, wann et ëm nei Klima- an Ëmweltschutz-Gesetzer geet.
Europäesch Vollekspartei: Liewensmëttelsécherheet ass a Gefor
Am Europaparlament probéiert zanter Wochen d'Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei déi geplangten europawäit Revisioun vum Naturschutzgesetz ze blockéieren. Dat Gesetz wier schlecht, et misst zeréckgezu ginn, sou de Chef vun der EVP-Fraktioun, de Manfred Weber
"Mir hätte gären eng nei Propos, well dat Gesetz zu enger Reduktioun vu Liewensmëttelproduktioun féiert. Dat wier an Zäiten, wou d'Präisser ëmmer méi klammen, déi falsch Mesure."
D'Landwirtschaftskommissioun vum Parlament huet schonn Nee zum Gesetz gesot. Haut um Donneschdeg gëtt an der Ëmweltkommissioun ofgestëmmt.
Tilly Metz: Esou ee Gesetz gëtt dréngend gebraucht
"D'Ambiance ass gespaant, fir de Vott gesäit et ganz knapp aus", seet d'Tilly Metz. Déi gréng Europadeputéiert a Member vun där Kommissioun huet kee Versteesdemech fir d'Bremser. Fir si hätt een nach misse mäi wäit goen.
"Trotzdeem verdeedege mir mat Hänn a mat Féiss dës Propos, well eppes Besseres kënnt net méi op den Dësch an d'Situatioun ass dréngend."
D'Gesetz fir d'Natur ze restauréieren ass batter néideg, soen och Ëmweltschutzverbänn. D'Michelle Schaltz vum Mouvement Ecologique verweist ënner anerem drop, datt bal een Drëttel vun de Biedem an der EU degradéiert sinn oder d'Unzuel vu Vullenaarten an de leschte 40 Joer em 60 Prozent ofgeholl.
"Et wier fatal, wann een dat elo géing verwerfen. Dat géing et erëm Joren daueren, bis eppes geschitt."
Och zu Lëtzebuerg géing et gebraucht ginn.
"Wat den Aarteverloscht an den Zoustand vun de Biedem a vum Waasser ugeet, huet dee leschte Reporting gewisen, deen all siwe Joer op Bréissel geschéckt gëtt, datt et zu Lëtzebuerg net wierklech besserass, wéi an aneren europäesche Länner."
Charles Goerens: Et gi nach méi Informatioune gebraucht
Beim Vott um Donneschdeg am Europaparlament kënnt et op déi Liberal un. Si si gedeelter Meenung.
Och de Charles Goerens huet keng kloer Positioun. Hie géing op kee Fall dogéint stëmmen, wéilt awer keng Kaz am Sak kafen, erkläert eis den DP-Europadeputéierten. Et wier wichteg, méi genee doriwwer gewuer ze ginn, no wéi enge Critèren déi 20 Prozent vun de Flächen, déi dem Gesetz no bis 2030 restauréiert musse ginn, ausgewielt ginn.
"Déi Äntwerten hu mir nach net. Mir sinn den Ament an enger Informatioun, déi ee muss als lückenhaft bezeechnen."
Christophe Hansen: "Ouni Äntwerte vun der EU-Kommissioun kann ech net dofir stëmmen"
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen ralliéiert sech der Positioun vu senger EVP-Fraktioun a seet, d'europäesch Kommissioun misst hir Propos iwwerschaffen.
"Et gouf keng Impaktetüd gemaach, wat dat doten op d'Liewensmëttelsituatioun an de EU bedeit. Wann ech d'Europäesch Kommissioun froen, kréien ech keng Äntwert dorop. A wann ech keng Äntwerte kréien, kann ech net Jo zu eppes soen, wou et den Ament sou vill Inconnuë gëtt."
De Vott an der Ëmweltkommissioun um Donneschdeg ass just eng Etapp. Ass dono an der Plenière eng Majoritéit der Meenung, d'Gesetz soll gestoppt ginn, läit keng Positioun vum Parlament vir - an domat och dee ganze legislative Prozess gestoppt. Wat da geschitt schéngt onkloer.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.