Radioen

On air

Concert  |  Die Sehnsucht nach dem Süden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Naturschutz-Gesetz: Decisive Vott am Europaparlament

EU-GREEN-DEAL

EU-Naturschutz-Gesetz: Decisive Vott am Europaparlament

E Vott e Mëttwoch an der Plenière vum Europaparlament decidéiert wéi et viru geet mam ëmstriddene Gesetz, dat virgesäit, datt een Drëttel vun den Ekosystemer an der EU musse restauréiert ginn. Bei de Lëtzebuerger Europadeputéiert ginn d'Meenungen auserneen.

auto_stories

4 min

D'Gesetz war am Europaparlament schonn an der Ëmwelt- an an der Agrarkommissioun duerchgefall, elo awer stëmmen déi ronn 700 Europadeputéiert alleguerten doriwwer of.

Seet och do eng Majoritéit Neen, ass den Text bis op Weideres vum Dësch.

D'Géigner vum Gesetz setze sech och dofir an, datt net elo, mee eréischt am Hierscht ofgestëmmt gëtt. Dat decidéiert sech e Méindeg am spéide Nomëtteg, wann déi lescht Plenière vum Europaparlament vrum Summer zu Stroossbuerg ufänkt.

Tilly Metz a Marc Angel stinn hannert dem Gesetz

D'Preparatioune si schonn déi lescht Woch op Héichtouren gelaf. Nodeems de Vott an der Ëmweltkommissioun ganz knapps ausgoung, war d'Ambiance ugespaant. Et wäert e Mëttwoch op all Stëmm ukommen, dat zielt fir béid Campen. D'Tilly Metz vun deene Gréngen gëtt sech am Virfeld zouversiichtlech.

"Ech hu Vertrauen, datt de Bons sens an och d'Wëssenschaft et wäerten emportéieren. Ech hu nach ëmmer Hoffnung, datt mer, och wann et knapps gëtt, dat Restauratioungesetz, wat mer brauchen, awer duerchkréien."

Déi Gréng si fir dat Gesetz, wat an hiren Aen iwwerfälleg ass. Et seet zum Beispill, datt op mannst een Drëttel vun den Ekosystemer bis 2030 musse restauréiert ginn. Dofir sinn och d'Sozialisten. Den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel steet genee ewéi d'Tilly Metz hannert dem Projet de loi vun der Europäescher Kommissioun.

De Rescht vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert schéngt méi skeptesch. De Charel Goerens zum Beispill hofft, datt de Vott verluecht gëtt.

"Ech hoffen, datt eng Majoritéit am Parlament seet: Loosse mer eng kleng Paus maachen, kucken datt mer Äntwerten do bréngen, wou nach nebulös Virstellunge sinn."

D'Leit um Terrain, déi dat Ganzt ëmsetze mussen, géife sech existenziell Froe stellen, sou den DP-Deputéierten. Et wier net kloer, wéi d'Gesetz dono an déi national Gestiounspläng géif integréiert ginn.

CSV-Europadeputéiert dofir, d'Gesetz ze refuséieren

Och de Christophe Hansen vun der CSV hätt léiwer, et géif elo net ofgestëmmt. Hien hat sech vun Ufank un der Kritik vu senger Europäescher Vollekspartei ugeschloss a wäert, genee ewéi seng CSV-Kolleegin Isabel Wiseler zimmlech sécher géint d'Gesetz stëmmen.

Well och déi Kompromësser, déi elo nei op den Dësch koumen, si fir hien net akzeptabel.

Een dovun kënnt vum President vun der Ëmweltkommissioun, dem Pascal Canfin. De franséische Liberalen proposéiert, datt d'Parlament sech der Positioun vun de Memberlänner uschléisst.

Si ware sech virun e puer Wochen iwwert een Text eens, deen d'Ziler vun der Kommissioun bäibehält, awer eenzele Länner bei der Ëmsetzung méi Flexibilitéit gëtt. Dobäi waren och Länner, an deenen d'EVP an der Regierung ass.

Trotzdeem hält de Christophe Hansen näischt vum Pascal Canfin senger Propos. Si wier just do, fir Drock op d'EVP ze maachen, seet den CSV-Politiker.

"Hei muss een éischter Drock eraushuelen, sech erëm beienee setzen, dat ass awer net de Charakter vum President vun der Ëmweltkommissioun, an domat ass et och, wa mer deen Text net beienee kennen a keen Accord kréien,seng Responsabilitéit."

Déi, déi fir d'Gesetz sinn, hu sech hirersäits iwwert de Manktem u Verhandlungs-Bereetschaft vun de konservative Parteie beklot. Hir Vertrieder hate matzen an engem Debat an der Ëmweltkommissioun, de Raum verlooss an d'Diskussioun ofgebrach. Et ass allerdéngs net kloer, ob zum Beispill bei der EVP all d'Deputéiert op där Linn sinn, déi staark vum Parteichef Manfred Weber verdeedegt gëtt.

Charel Goerens wëll sech enthalen

D'Fraktioun vun de Liberalen ass gespléckt, och do ass et net kloer wéi si sech um Enn verhalen. De Charles Goerens wëll sech enthalen, och hien ass net fir dee Kompromëss vu sengem Parteikolleeg Pascal Canfin, fir dee jo och déi Lëtzebuerger Regierung gestëmmt huet. Dat géif awer net heeschen, datt hie sech géint d'Regierung stellt, sou den DP-Politiker.

"Mir kenne 100 Kompromësser maachen, wann ech keng Äntwërt hunn iwwert eng graff Virstellung wei dat doten an de Gestiounspläng ëmgesat gëtt, kann ech näischt mat der Meenung vum Här Timmermans oder dem Här Canfin nach mat iergendengem anere senger Meenung eppes ufänken."

Fir d'Tilly Metz wier awer och deen ofgeschwächten Text ee Fortschrëtt. "Léiwer dat ewéi guer näischt", sou déi Lëtzebuerger Gréng. Vu den Zoustand vun der Natur, wier et urgent, elo ze handelen.

Dorop haten och iwwert 3.000 Wëssenschaftler aus 26 Länner an engem Appell un d'Europadeputéiert higewisen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.