Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Länner fir ee Verbuet, nei Kleeder ze vernichten

EU-ECODESIGN-REEGELEN

EU-Länner fir ee Verbuet, nei Kleeder ze vernichten

Kleeder oder Schong, déi net verkaf goufen, dierfen an Zukunft an der Europäescher Unioun net méi zerstéiert ginn. Dat seet een neit EU-Gesetz iwwert dat den Ament diskutéiert gëtt. Lëtzebuerg ass dofir, verschidde Länner warnen vrun negativem Impakt op kleng a mëttel Entreprisen.

auto_stories

2 min

Foto: Adobe Stock

Déi sou genannten Ecodesign-Reglementer si net onëmstridden an der EU. Verschiddener awer wéi Däitschland stoungen vun Ufank un hannert deem, wat d'Europäesch Kommissioun proposéiert huet.

"Diese Verordnung ist eine der wichtegsten Verordnungen des Europäischen Green Deals. Sie wird dafür sorgen, dass Europa bei den zentralen Gütern des täglichen Gebrauches Nachhaltigkeit zum Standard macht."

seet de Sven Giegold, fréieren gréngen Europadeputéiert an aktuellen Staatssekretär am Robert Habeck sengem Wirtschaftsministère.

EU-Minidest-Standarden fir nohalteg Produiten

Een digitale Pass soll an Zukunft Informatiounen iwwert d'Nohaltegkeet vun engem Produit ginn. Et geet em d'Recycléieren, em d'Energie-Effizienz, dorëm datt et d'Méiglechkeet muss ginn, eppes ze reparéieren - fir alles dat gi Standarden festgeluecht.

Eng gutt Saach, seet de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Franz Fayot.

"Mir mussen awer drop oppassen, datt mer am EU-Bannemaart keng ze vill grouss Fragmentatioun kréien. Verschidde Länner si scho virgeprescht an hunn hir eege Gesetzer gemaach. Hei geet et elo drëm, datt Europa muss kloer a staark Norme setzen."

Fayot: Vernichtungsverbuet kéint ausgebaut ginn

Am meeschten diskutéiert gouf ënnert de 27 Memberlänner de Punkt vun engem Verbuet, Saachen, déi net verkaaft goufen, ze zerstéieren. De respektiven Artikel war während de Verhandlungen nees an den Text opgeholl ginn, de Verbuet gëtt awer fir elo op den Textilberäich limitéiert.

Et hätt en do kënne méi wäit goen, seet de Franz Fayot

"Et ass wichteg, datt de Prinzip elo verankert an dat dono op aner Prduiten ausgewäit gëtt. Et gëtt ganz vill Produiten wou et kee Sënn mécht se zerstéieren an dat bréngt jo da mat sech datt anescht produzéiert gëtt, dat erëm méi Qualitéitsproduiten hiergestallt ginn."

Italien an aner melle Bedenken un

Géint dee Verbuet Saachen, déi am Lager leie bloufen, futti ze maachen, hu verschidde Länner Bedenken ugemellt. Virop Italien, awer och Bulgarien, Kroatien, Ungarn oder Portugal. Si fäerten ee negativen Impakt op kléng a mëttel Entreprisen aus der Kleederbranche.

Am Text ass allerdéngs eng Iwwergankszäit vu 4 Joer fir mëttelgrouss an eng komplett Derogatioun fir ganz kléng Betrieber virgesinn.

D'Skeptiker ënnert de Länner hoffen, datt do nach nogebessert gëtt. D'Europaparlament muss och nach Jo soen - et ass am gaangen seng Positioun auszeschaffen, si soll eventuell nach vrun der Summerpaus virleien.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.