Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Metronomy, Porij - Petit Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU: Enn vu Käfeg-Haltung fir Hénger nach net en Vue

Déiereschutz

EU: Enn vu Käfeg-Haltung fir Hénger nach net en Vue

An der EU ginn nach ëmmer 45 Prozent vun den Hénger, déi Eeër leeën, a Käfeger gehalen, sou e Rapport vun der EU-Kommissioun. D'Déiereschutz-Reegele géife gréisstendeels agehalen, allerdéngs ginn et keng kloer Krittäre fir d'Déierewuel.

auto_stories

4 min

Zanter 2012 sinn déi sougenannte Batterien, an deenen d'Hénger op enkstem Raum gehale ginn, an der Europäescher Unioun verbueden.

Engem rezente Rapport vun der Europäescher Kommissioun no ginn awer nach ëmmer bal d'Hallschent vun den Hénger, déi Eeër leeën a Käfeger gehalen. 45 Prozent fir genee ze sinn - de Virschrëften no kënnen op engem Quadratmeter Käfeg bis zu 16,7 Hénger gehale ginn. Allze vill Plaz hu si domat net.

Fir déi iwwert een Drëttel vun den Hénger, déi ouni Käfeg, awer dobannen an engem Stall agespaart sinn oder fir déi 13 Prozent, déi dobausse lafe kënnen, gëllt d'Reegel vu maximal 9 Hénger um Quadratmeter. Am Bioberäich sinn et der maximal sechs op der nämmlechter Surface.

1,4 Milliounen EU-Bierger:inne fuerderen Enn vu Käfeghaltung

An de 27 Länner vun der Europäescher Unioun gëtt et am Ganzen 375 Milliounen Hénger, déi Aer leeën - siwe Milliounen Tonnen waren et der engem rezente Rapport vun der Europäescher Kommissioun no am Joer 2021.

Deem nämmlechte Rapport no ginn d'Konditiounen, ënnert deenen déi Hénger gehalen ginn an der EU reegelméisseg kontrolléiert. Et gëtt deemno dofir gesuergt, datt d'Reegelen agehale ginn.

Allerdéngs heescht dat nach laang net, datt alles an der Rei ass. Dorop weisen Déiereschützer zanter Joren hin. 1,4 Millioune Leit hunn eng Petitioun ënnerschriwwen, déi sech fir den Enn vun der Käfeghaltung an der EU asetzt.

Käfeger gehéieren ofgeschaaft - dat seet och d'Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

"Ob e Käfeg elo een hallwen Zentimeter méi oder manner huet, mécht kee groussen Ënnerscheed fir d'Déierewuel. Déi Déiere musse raus aus deene Käfeger kommen. Dat muss d'Grondiddi hannendru sinn, fir méi Déierewuel iwwerhaapt kënnen ze hunn."

EU ass am gaange Reegelen ze iwwerschaffen

D'Europäesch Unioun huet mat déi strengste Reegelen op der Welt, heescht et am Rapport.

Si mussen dringend iwwerschafft ginn, fuerderen awer Déiereschützer - an och d'EFSA - d'Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet huet am Februar eng entspriechend Recommandatioun erausginn. Hénger sollten net a Käfeger gehale ginn, steet do als éischte Punkt, dësweidere missten eenheetlech Protokoller fir d'Déierewuel ze kontrolléieren, festgeluecht ginn.

Dozou gehéiert d'Opstelle vu klore Krittären, déi sech un enger aartgerechter Déierenhaltung orientéieren, sou d'Tilly Metz. Am Fall vun den Hénger wieren dat zum Beispill.

"Als éischt d'Plaz, datt se eraus aus de Käfeger kommen, datt keng Mutilatiounen wéi de Schniewel schneiden, virgeholl ginn, dat se een Daach zu Verfügung hunn an ee Buedem, wou se kenne krazen a schären kënnen."

Wichteg wier et och, datt méi effikass Kontrollen duerchgefouert ginn, sou déi gréng Europadeputéiert.

D'Europäesch Unioun ass am gaangen un enger Revisioun vun de Reegelen ze schaffen. Dat awer kann nach daueren. Entretemps ass et de Memberlänner fräigestallt, selwer méi streng Reegele wéi déi europäesch ze decidéieren.

Lëtzebuerg: Sechs Inspekteren zoustänneg fir Déiereschutz-Kontrollen

Zu Lëtzebuerg gouf d'Déiereschutz Gesetz 2018 reforméiert. Zanter sengem Akraafttriede goufen et 272 Verstéiss, sou de Landwirtschaftsministère Mëtt Mäerz an enger Äntwert op eng Question parlementaire.

Aus där och ervir geet, datt déi allermeescht Fäll vu private Leit gemellt goufen. Fir d'Kontrolle vum Déierewuel sinn am ganzen sechs Veterinärsinspektiounen zoustänneg, vun deenen awer just een dat Vollzäit mécht.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.