Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  John Coltrane - I See Your Face Before Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Ee Kompromëss mat Interpretatiouns-Divergenzen

EU-ASYLDEBATT

​Ee Kompromëss mat Interpretatiouns-Divergenzen

Duerchbroch oder Disaster? D'Meenungen an d'Interpretatiounen iwwer den Accord iwwer déi europäesch Asylpolitik gi wäit auserneen.

auto_stories

4 min

Déi eng feieren deen historesche Moment als Enn vun engem jorelaange Sträit ënnert de 27 EU-Länner. Déi aner schwätze vun engem onmënschlechen Accord, deen dofir suerge wäert, datt Flüchtlingscampen op de Grenzen opgeriicht ginn op Käschte vun de Mënscherechter.

Rapid Grenz-Prozeduren: Syresch an afghanesch Refugiéen ausgeschloss?

Ëmstridden ass virun allem d'Aféiere vu feste Strukturen op den EU-Baussegrenzen, an deenen eng Partie vun den Refugiéen agespaart géife ginn, fir da rapid Asyl-Prozeduren ze duerchlafen.

Betraff dovu wiere just déi, déi net vill Chancen hunn, mat hirer Asyldemande duerchzekommen, sou déi lescht Woch den Ausseminister Jean Asselborn.

"Ech ka virun allem soen, wien net dorënner fält: Dat si Syrer, Afghanen an d'Eriträer".

Dat stëmmt esou net, seet den Erik Marquardt. Den Europadeputéierte vun den däitsche Grénge kritiséiert déi Interpretatioun vum Text, déi och déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser esou mécht.

"Es ist einfach so, dass auch Syrer und Afghanen ins Grenzverfahren kommen und auch abgelehnt werden können."

Prinzip vum sécheren Drëtt-Staat gëtt geännert

Och Flüchtlingsorganisatiounen gesinn dat esou an dat huet mam Prinzip vum sécheren Drëtt-Staat ze dinn.

Syrer an Afghanen, déi aus engem sou genannte séchere Land wéi Tunesien oder der Tierkei an d'EU kommen, kéinten anescht behandelt gi wéi bis elo. D'Definitioun vun deem, wat als séchert Land gëllt, kann dem neien Text no, vun all Land individuell festgeluecht ginn.

Dat den Text hei nach um Schluss vun de Verhandlunge geännert gouf, hat am Numm vun der EU-Presidence déi schwedesch Migratiouns-Ministerin Maria Malmer Stenergard confirméiert:

"Et ass un de Memberlänner festzeleeën, wéi si de Prinzip vum sécheren Drëtt-Staat applizéieren, wéi eng Connectioun ee Flüchtling zu deem sécheren Drëtt-Land huet, an ob et raisonnabel wier, dat hien dohin zeréckgeschéckt gëtt."

Dee Migratiounspakt, sou wéi en elo um Dësch läit, reduzéiert d'Protektioun vun Demandeurs d'Asyl, sou d'Konklusioun vun Amnesty International.

Fir de gréngen Europadeputéierten Erik Marquardt wier keen Accord besser gewiescht, ewéi deen doten.

"...weil damit erstens der Anreiz hochgehalten wird, sich auf vernünftige Lösung zu einigen - sonst ist die Tür zugeschlagen - wir aber zweitens nicht vergessen dürfen, dass nicht alles von dieser Einigung abhängt."

Lëtzebuerger Gréng stelle sech hannert Regierung

Déi däitsch Regierung, wou jo déi Gréng mat dra setzen, hätt den Accord net dierfe mat droen, sou seng Konklusioun, déi eng Partie vu senge Parteikolleegen deelen. Et rumouert massiv un der grénger Basis an Däitschland. Net esou zu Lëtzebuerg.

Ze soen, déi Gréng stéingen hannert deem Accord, géing ze wäit, seet d'Stéphanie Empain, gréng Deputéiert a Member vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber.

"Déi Gréng sti genee esou wéineg dohannert wéi och d'Regierungskolleegen dohannert stinn an dat dote mat Freed mat droen."

Et géing sech allerdéngs d'Fro stellen, "op et effektiv de Präis wäert war, fir op där anerer Säit zu enger villäicht Verbesserung ze kommen. Mir hunn do ee groussen Doute".

D'Decisioun vun der Regierung, den Accord op EU-Niveau mat ze droen, gëtt awer net a Fro gestallt.

"Dat ass déi Situatioun, déi mir an Europa hunn. Dat ass d'Resultat dovu wa riets Stëmmen a Populismus iwwer Joren dee nämmlechten Diskurs féieren an elo ee grousse Sieg dovu gedroen hunn. Ech si mer sécher dat eis Regierung sech eppes anescht gewënscht hätt a sech och fir eppes anescht agesat huet."

Den Accord muss nach mam Europaparlament aus diskutéiert ginn. Gëscht hunn déi Verhandlungen ugefaangen. Verschiddener, dorënner Lëtzebuerg setzen drop, dat do nach nogebessert gëtt. D'Lëscht vun de Sujeten, wou sech béid Säiten net eens sinn, wier laang - sou den Erik Marquardt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.