Radioen

On air

Zeenewiessel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Biolandwirtschaft ënner Drock

Lëtzebuerger Biolandwirtschaft

Biolandwirtschaft ënner Drock

Fir d'Produkter aus der Lëtzebuerger Biolandwirtschaft bei de Leit méi bekannt ze maachen an ze weisen, wéi biologesch Landwirtschaft funktionéiert, ass vum 13. bis den 19. Mee déi éischt Lëtzebuerger Biowoch. Um Programm stinn Aktivitéiten a Porte Ouverten a Biobetriber, souwéi Menüen aus Biowueren, déi an de Kantinnen an enger Rei vu Restauranten offréiert ginn.



auto_stories

3 min

Naturata Geschäfter déi hier Diere mussen zou maachen, Ëmsazverloschter vu bis zu 20 Prozent bei Bioprodukter, d'Biobranche huet scho besser Zäiten erlieft, erkläert d'Daniela Noesen, Direktesch vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft.

Groussen Drock am Biobräich

De Bioberäich hätt de Moment vill Drock. D'Hoffnung wier grouss fir iwwer de Peak ewech ze kommen a sech alles nees méi normaliséiere géif. D'Daniela Noesen argumentéiert, datt Krisen Angscht bedeiten. Dat géif dozou féieren, datt d'Leit heiansdo bëssen extrem géife reagéieren.

Clienten déi den Euro zwee mol ëmdréien éier se en ausginn a bëlleg Bio-Importer maachen de lokale Produzenten zu schafen. Et ginn och Problemer mat de Labelen, erkläert d'Presidentin vun der Biovereenegung Elisabeth Miller-Mariany.

Den aktuelle Géigewand op de Verkafsmaart an deem de Konsument den Ënnerscheed tëscht engem regionale saisonale Produkt an engem regionale saisonale Bioprodukt net méi géif erkennen, géif d'Bioproduzente virun eng grouss Erausfuerderung stellen.

Campagne fir méi Kommunikatioun a méi Sensibiliséierung ze erreechen

Méi Kommunikatioun, méi Sensibiliséierung vum Client fir dat dee gesäit, wéi de Biobauer schafft a wéi en domadder d'Ëmwelt schount. Dat sinn och d'Haaptziler déi ee mat dëser Campagne wëll erreechen.

Dat Biolandwirtschaft funktionéiert beweist den Haff vum Daniel Baltes zu Steeën. Virun iwwer 20 Joer huet hie säin Haff op Bio ëmgestallt. Geessekéis an eng Päerdspensioun mat Reitschoul sinn elo d'Standbee vum Betrib. Dobäi hat den Daniel Baltes am Ufank Bedenke fir ëmzestellen.

"A wat mir méi laang bis derbäi ware wat fir mech d'Iwwerzeegung all Joers geklommen ass well ech gesinn hunn, et funktionéiert jo och. Meng Kanner haten eng Box un fir an d'Schoul ze goen. Si ware propper gekleet a si haten eppes um Dësch fir z'iessen. Also funktionéiert et. Sou, dass de och kanns soen d'erhéngert sécherlech keen deen dat wëll maachen."

D'Ambitiounen zu Lëtzebuerg sinn op alle Fall mol do. 2018 hat d'Regierung festgeluecht, datt bis 2025 20 Prozent vun der Agrarfläch biologesch ugebaut ginn. Zwee Joer virdru sti mir bei grad emol siwe Prozent.

Iwwer déi lescht Jore wieren d'Hektar pro Joer ongeféier ëm 10 Prozent an d'Luucht gaangen, sou datt een och eng Produktioun fir Lëtzebuerg kéint hi kréien.

Dat Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg eng Zukunft huet, dorunner zweifelt eigentlech kee vun den Acteuren. D'Knackpunkte si d'Aushandele vun de Margë mat den Händler, den Opbau vun enger zolitter Verarbechtungs- a Vermaartungsstruktur souwéi d'Unerkenne vun der Gesamtleeschtung vun de Biobauere fir d'Ëmwelt an domadder d'Gesellschaft.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.