Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Anti-Folter-Comité: Pushbacks mussen ophalen an der EU

EU-BAUSSEGRENZEN

Anti-Folter-Comité: Pushbacks mussen ophalen an der EU

De Rapport vum Comité géint Folter vum Conseil de l'Europe confirméiert: Pushbacks gehéiere mëttlerweil zum europäeschen Alldag. D'Europäesch Kommissioun allerdéngs huet bis elo net Wëlles, anzegräifen.

auto_stories

3 min

Vun engem Push-Back schwätzt een, wann eng Persoun op enger Grenz ofgewisen an zeréckgeschéckt gëtt, ouni d'Méiglechkeet ze kréien, eng Demande d'Asyl ze maachen. Esou Push-Backs sinn an der EU illegal, si verstousse souwuel géint EU-Recht wéi géint d'Genfer Flüchtlingskonventioun.

Trotzdeem gehéiere se an der Tëschenzäit zum europäeschen Alldag, dorop hat scho vru genee engem Joer d'Menscherechtskommissärin vum Conseil de l'Europe opmierksam gemaach.

Dat nämmlecht confirméiert elo een Rapport vum Comité géint Folter vum Europa-Rot, deen déi lescht Woch publizéiert gouf. De Comité war op d'Plaz a verschidde Länner a stellt fest, datt et dacks net dobäi bleift, datt Migranten zeréckgewise ginn.

"Push-Backs bréngen et oft mat sech, datt Migrante mësshandelt ginn", preziséiert de President vum Comité, Alan Mitchell, an engem Statement.

Keng effikass Enquêten iwwer Virfäll op de Grenzen

Déi concernéiert ginn dacks ënner onmënschleche Situatioune festgehalen an agespaart. Verschiddener hunn uginn, datt si näischt z'iessen an ze drénke kruten, datt si vu Polizisten oder Grenzbeamte geschloe goufen, sou den Alan Mitchell.

"De Comité huet Leit ugetraff, déi Zeeche vun Hondsbëss haten an effektiv ginn a verschiddene Memberlänner Hënn benotzt fir Migranten Angscht anzedreiwen an se forcéieren fortzegoen."

Bis elo wieren déi Allermannst vun deene Virfäll vun de Memberlänner enquêtéiert ginn, sou de Constat vum Comité géint Folter.

De Comité fuerdert, datt d'Memberlänner déi Pushbacks a Mësshandlunge stoppen. Agespaart a festgehalen dierft ee Land ee Migrant awer just dann, wann him konkret ee Crime reprochéiert gëtt, heescht et am Rapport. All Individu misst op der Grenz identifizéiert a registréiert genee ewéi medezinesch ënnersicht ginn, sou d'Recommandatioun vum Comité.

Dernieft misst d'Identitéit vun de Beamte fir jiddereen ze erkenne sinn, fir datt si dono fir hir Aktioune kënne responsabel gemaach ginn. Eng weider Revendicatioun seet, datt d'Memberlänner missten een onofhängegt Kontroll-Organ zouloossen, fir méiglech Tëschefäll z'ënnersichen.

"De Verbuet vu Folter dierf net a Fro gestallt ginn, d'EU-Länner mussen dat respektéieren."

Europäesch Kommissioun: Memberlänner musse sech un EU-Recht halen

D'Europäesch Kommissioun hëlt Notiz vun deem neie Rapport, vu Journalisten dorop ugeschwat, war et allerdéngs déi lescht Woch hir üblech Äntwert. D'Positioun vun der Kommissioun wier kloer, sou d'Anitta Hipper, Spriecherin vun der Kommissioun.

"D'Kommissioun erwaart, datt national Autoritéiten enquêtéieren an de Reprochë vu Push-Backs a Gewalt op de Grenzen noginn. D'Memberlänner mussen natierlech hire Verflichtungen nokomme par rapport zur EU an zum internationalem Recht."

D'Kommissioun stéing am enke Kontakt mat de Memberlänner. D'Grenza-Agence Frontex géif do och eng wichteg Roll spillen.

Flüchtlingsorganisatioune wéi ECRE, een Europäeschen Daachverband vun ONGen aus deem Secteur, awer kritiséiere reegelméisseg, datt d'Europäesch Kommissioun hei hir Aarbecht als déi Institutioun, déi iwwert den EU-Verträg waacht, net mécht. Och si fuerdere genee ewéi d'Mënscherechts-Kommissärin an elo den Anti-Folter-Comité, datt méi onofhängeg Enquêtë musse gemaach ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.