China - dat ass eng vun de komplizéiertsten an eng vun de wichtegste Relatiounen op der Welt - sou d'Kommissiounscheffin déi lescht Woch an enger Ried, déi sollt de Kader setze fir des Visitt an der chineesescher Haaptstad.
Von der Leyen: EU muss Strategie upassen
Den Toun war ongewéinlech däitlech. China fiert méi een haarde Kurs, sou d'Ursula von der Leyen.
"Déi chineesesch kommunistesch Partei huet als kloert Zil e systemesche Wandel vun der internationaler Uerdnung, mat China am Zentrum."
Dowéinst muss d'EU de Fokus nei setzen an hir Strategie adaptéieren. Matt Peking ze briechen, ka sech déi europäesch Ekonomie net leeschten. Et misst een awer de Risiko, deen an där Relatioun stécht, reduzéieren.
"Mir mussen eis op De-Risking an net op De-Coupling fokusséieren."
Wéi? Doduerch, datt d'EU méi onofhängeg gëtt, seng Ekonomie diversifizéiert a bei sech doheem no Matière première sicht, déi bis elo aus China koumen. An d'EU muss zesummenhalen, sou déi däitsch CDU-Politikerin.
"Eng staark europäesch Politik par rapport zu China muss enk koordinéiert ginn an op dem Wëlle baséieren, Versich, eis auserneen dividéieren ze loossen, ze konterkaréieren."
EU-Länner hunn ënnerschiddlech China-Approche
Keng einfach Aufgab, virun allem, wann ee bedenkt, datt d'Memberlänner par rapport zu China duerchaus ënnerschiddlech Approchen hunn.
Virun allem Ungarn gëlt als China frëndlech, mee och zum Beispill Spuenië fiert och ee moderate Kurs - op där anerer Säit gi Länner ewéi Litauen op direkt Konfrontatioun - net zulescht duerch hir grouss Proximitéit zu Taiwan.
Den europäesche Bléck riicht sech och drop, op China prett wier, Russland Waffen ze liwweren, fir säi Krich an der Ukrain.
D'EU probéiert dee berüümte Spagat: ouni China geet et net, a mat, gëtt et ëmmer méi komplizéiert. Den EU-Chefdiplomat huet dat gëschter esou genannt.
"D'EU ass prett, mat China weider konstruktiv zesummenzeschaffen, fir déi global Erausfuerderungen unzegoen. Dofir brauche mir China."
Chineesesch Reaktioun bleift moderat
Peking huet iwweregens op déi muskléiert Wierder vun der Kommissiounspresidentin éischter zeréckhalend reagéiert.
D'Ried géif eng gewëss Ambivalenz weisen, sot de chineeseschen Ambassadeur fir d'EU, de Fu Cong , an engem englesche Programm vum Chineesesche Staats-Fernsee.
"Wann een den Text vun der Ried liest, huet een d'Impressioun dat zwou Persoune matenee streiden."
Hie géing hoffen, datt d'Kommissiounspresidentin duerch hir Visitt léiert, China besser ze verstoen, sou och nach de Fu Cong.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.