Um Kierchbierg sinn um Donneschdeg d'Ministeren aus de 27 EU-Länner, déi fir d'Migratioun zoustänneg sinn, zesummen. Um Dësch läit ee Pak vu Mesurë ronderëm den europäeschen Asylsystem, iwwert déi zanter Jore gestridde gëtt.
"D'Chancë stéinge 50 zu 50, dat et zu engem Accord kënnt", sot e Mëttwoch een héijen EU-Diplomat. D'Propos vun der Kommissioun gesäit keng obligatoresch Quote vir, fir d'Refugiéen op d'Länner vun der EU ze verdeelen. Ze vill Länner hate sech dogéint gestäipt.
Trotzdeem hu verschiddener wéi Polen oder Ungarn schonn annoncéiert, Neen zu deem Asylpak ze soen. Dat allerdéngs wäert den Accord net blockéieren. Iwwert deen Dossier gëtt nämlech mat Qualifizéierter Majoritéit decidéiert.
Obligatoresch Solidaritéit
"Et geet net ëm eng obligatoresch Ëmverdeelung, mee ëm eng obligatoresch Solidaritéit", sot e Méindeg déi fir d'Migratioun zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson.
Solidaresch kann ee Land sech weisen, andeems et entweder selwer Refugiéen ophëlt, oder awer sech souzesoen dovu fräi keeft, also Sue bezilt.
De Prinzip, datt déi Länner fir Asyldemanden zoustänneg sinn, wou d'Leit als éischt ukommen, géif an der Propos, wéi se elo virläit, bäibehalen.
Dat betraffent Land kéint allerdéngs vun enger gewëssener Zuel vu Migranten un, déi aner ëm Hëllef froen. Déi Zuel kéint bei 30.000 pro Joer leien, do ass ee sech awer nach net eens. Och iwwert d'Fro, wéi laang d'Land zoustänneg fir d'Réfugiéë bleift, gëtt den Ament nach gestridden.
Asylprozeduren op de Baussegrenzen
Fir vill Diskussiounen huet am Virfeld dann eng vun den Haaptiddie vum Pak gesuergt: Flüchtlingen, déi op der Baussegrenz vun der EU Asyl ufroen, vun deenen awer ugeholl gëtt, datt déi Demande keng grouss Chancen huet, géifen direkt un der Grenz eng Prozedur duerchlafen.
"Dat ass dowéinst wichteg, well den Taux vun deenen, déi fräiwëlleg zeréckginn, méi héich ass, wann d'Decisioun méi séier geholl gëtt", sou d'Ylva Johansson.
Ganz eens ass ee sech do nach net. Däitschland an och Lëtzebuerg setze sech dofir an, datt hei fir Famillje mat Kanner eng Ausnam gemaach gëtt. Aner Länner sinn do dogéint.
Kritik un Detentioun op de Grenzen
Flüchtlingsorganisatioune gesinn deen Traitement op de Grenze ganz kritesch. Amplaz esou zweet-Klass-Prozeduren opzebauen, sollt een an déi regulär Instanzen investéieren an dofir suergen, datt déi funktionéieren, seet d'Catherine Woollard vun ECRE, der Daachverband vun europäesche Flüchtlingsorganisatiounen.
"Déi nei Mesurë wäerten net dofir suergen, datt manner Leit kommen, ma dofir, datt se op der Grenz agespaart sinn an do hir Prozedur duerchlafen. Mir erwaarden eis och, dat d'Zuel vun de Push-backs zouhëlt."
Wat ze erwaarde wier, kéint een an de Flüchtlings-Campsen op de griicheschen Insele gesinn.
Gestridde gëtt ënnert de Memberlänner doriwwer wéi vill ee Land ze bezuelen hätt, wat net prett ass Refugiéë vun engem aneren Land opzehuelen. Am Gespréich ass do ee Montant vun 22.000 Euro pro Flüchtling. Dat wier vill ze vill soen déi eng, net genuch, déi aner.
Kloer ass, datt verschidde Länner wéi Däitschland oder awer Lëtzebuerg Irland a Portugal, déi sech fir eng obligatoresch Ëmverdeelung vu Refugiéen an der EU agesat hunn, um Enn net zefridde wäerte sinn. Et wéilt een, datt et endlech zu engem Accord kënnt, war vu verschiddene Säiten ze héieren.
Sollt et een Accord ginn, ass dat eréischt den Ufank vun den Diskussioune mam Europaparlament, wat sech am Abrëll iwwert seng Positioun, déi deels anescht ass, eens gi war.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.