Europawäit ginn et ëmmer méi Daten, déi iergendwou gespäichert ginn. Der Europäescher Kommissioun no ass dat ee Schatz, dee besser muss exploitéiert ginn. Virun allem an Europa, well d'europäesch Industrie déi ass, déi am meeschten Date sammelt.
"De Kampf ëm déi industriell Donnéeë fänkt elo un, an Europa steet am Zentrum dovun. Mir hunn alles, fir dee Kampf ze gewannen", seet den EU-Kommissär fir de Bannemarché, den Thierry Breton. Dat ass den Haaptmessage vun der Europäescher Kommissioun.
Diskussiounen iwwer Gesiichtserkennung
D'Europäesch Kommissioun leet ee Wäissbuch vir, dat a verschiddene Secteuren de Wee weise soll. Si weess awer och, datt et bei de Bierger Bedenke gëtt.
"Et geet drëm Vertrauen hierzestellen, amplaz Angscht ze maachen", seet dowéinst d'Vizepresidentin vun der Kommissioun, d'Margrethe Vestager.
D'Dänin ass zoustänneg dofir d'EU fit fir d'Digitaliséierung ze maachen. Mat am Pak, dee si proposéiert, sinn och Iddien doriwwer, wéi sensibel Donnéeë geschützt kënne ginn. Iwwer Gesiichtserkennung zum Beispill gouf et schonn am Virfeld vill Diskussiounen.
"Si kann harmlos sinn, wann een u säin Handy denkt", sou d'Margrethe Vestager - awer och kriddeleg, wann et ëm d'Gesiichtserkennung am ëffentleche Raum geet. D'Kommissioun wëllt een Debat doriwwer ustoussen, ënner wéi engen Ëmstänn dat kéint erlaabt sinn.
Fir den Diego Naranjo, de Chef vun der ONG "European digital rights network", gouf hei awer schonn op Drock vun den Entreprisë Waasser an de Wäi geschott.
"Deen éischte Brouillon vun enger Direktiv, dee mir gesinn haten, war méi schaarf an deem Beräich. Ech ka mir virstellen, datt hei d'Entreprisen dohannert sinn, fir datt de Langage méi moderéiert ass. Am Numm vun deem, wat hei 'Innovatioun' genannt gëtt."
Der ONG no gi schonn an néng EU-Länner Versich mat Gesiichtserkennung gemaach, deels op Fluchhäfen, a Garen oder esouguer a Schoulen. Et géif hei de Risiko vun enger Masseniwwerwaachung ginn, seet dofir den Diego Naranjo.
EU-Gesetz kënnt eréischt méi spéit
D'Industrie awer ass prinzipiell op fir eng Reglementatioun, seet d'Cecilia Bonefeld-Dahl, Directrice vun "Digital Europe".
"Industrie, Kommissioun an déi national Regierunge mussen zesummeschaffen. Et muss zesummegeschafft ginn, fir genee ze definéieren, wou d'Beräicher mat héijem Risiko leien. Mir sinn net géint Reegelen. Mee mir musse sécher sinn, datt se räsonabel an effikass sinn."
Grouss Entreprisë kéinten effektiv mat Contraintë konfrontéiert ginn. Geplangt ass zum Beispill, datt si an Zukunft misste verschidden Date mat aneren austauschen.
D'Kommissioun huet awer decidéiert, net direkt mat enger Propos fir eng EU-Reglementéierung ze kommen. Et wielt ee fir d'éischt eng ëffentlech Debatt mat alle Concernéierten, sou d'Margrethe Vestager.
Ze vill Donnéeën an der Hand vun e puer Entreprisen
Dat gouf virun allem am Europaparlament bedauert. D'EU misst kloer Weiche stellen, seet zum Beispill déi Gréng Europadeputéiert Alexandra Geese.
"Dacks héiere mer, datt mer an Europa d'Course scho géint d'USA a China verluer hunn. Mee déi richteg Fro ass, wou mer hi wëllen. Wëlle mer wierklech eng Muecht ouni Limitte fir grouss Entreprisen? Oder wëlle mer een Iwwerwaachungsstaat ginn, wéi China?"
Ze vill Donnéeë sinn den Ablack an der Hand vun nëmmen e puer groussen Entreprisen, déi se exklusiv fir hir Virdeeler notzen, do virdrun huet och den europäesche Konsumenteschutzbüro gewarnt. D'Rechter vum Konsument dierften an där geplangter digitaler Revolutioun net ënnergoen. Dowéinst géife Gesetzer gebraucht ginn, déi d'Entreprisë forcéieren, déi Rechter ze respektéieren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.