Radioen

On air

Notturno  |  Broadstrokes - Underwater

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëllt d'Baussegrenze fir 30 Deeg zoumaachen

Coronavirus

EU wëllt d'Baussegrenze fir 30 Deeg zoumaachen

D'Europäesch Kommissioun proposéiert, fir d'EU-Baussegrenzen fir 30 Deeg zouzemaachen. Et wéilt een ausserdeem "green lanes" installéieren, fir datt den Transport vu Gidder assuréiert ka bleiwen.

auto_stories

2 min

Foto: EU / Etienne Ansotte

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet den EU-Memberlänner proposéiert fir d'EU-Baussegrenzen fir 30 Deeg zouzemaachen. No dësen 30 Deeg soll dat kënne verlängert ginn. Groussbritannie soll net heivunner betraff sinn.

D'Ursula von der Leyen géif de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 EU-Memberstaaten eng deementspriechend Propos maachen, huet si an enger Videobotschaft op Twitter annoncéiert.

D'EU-Kommissiounspresidentin wëllt gläichzäiteg de Verkéier vu Gidder innerhalb vun der EU assuréieren. Dofir proposéiert d'Europäesch Kommissioun sougenannten "green lanes" op den Autobunnen, also Spueren, déi fir Gidder reservéiert sinn. Et misst een aussergewéinlech Mesuren ergräifen, fir d'Gesondheet vun den EU-Bierger ze assuréieren, esou d'Ursula von der Leyen

D'EU proposéiert Richtlinnen fir d'EU-Memberlänner, wéi si mat de Grenzkontrolle sollen ëmgoen. Wichteg wier et, datt den europäesche Bannemaart funktionéiert, heescht et.

Muer wëllt d'Ursula von der Leyen iwwer Video mat de Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Rot diskutéieren.