Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Freezee Pops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissärin: "Mir verhandele net!"

EU-USA

EU-Kommissärin: "Mir verhandele net!"

Enn Juli war den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker beim amerikanesche President Donald Trump op Besuch. D'Entrevue gouf zu Bréissel als grousse Succès gewäert. Mee wat ass wierklech dobäi erauskomm? A wéi soll et elo virugoen mat den transatlanteschen Handelsrelatiounen? Am Europaparlament gouf et vill kritesch Froen un d'Handelskommissärin. Si huet versicht, d'Gemitter ze berouegen.

auto_stories

4 min

Mir erënneren eis: Matten am Sträit iwwert Stroftarriffer gëtt de Jean-Claude Juncker Enn Juli vum Donald Trump empfaangen. Et ass déi grouss Nouvelle virun der Summerpaus: D'EU an d'USA schwätzen nees mateneen. D'Resultat vum Gespréich gëtt zu Bréissel net ouni Stolz presentéiert.

"Ech sinn hei komm, fir een Deal ze maachen. An dat hu mir haut gemaach", sot den Ex-Lëtzebuerger Premier de 25. Juli, op der improviséierter Pressekonferenz vrum Wäissen Haus.

Mee ëm wéi een Deal handelt et sech hei eigentlech?

Et géif een drop hi schaffen, Tariffer op industrielle Gidder ofzeschafen, sou de Jean-Claude Juncker. Den Donald Trump hieft virun allem déi europäesch Engagementer ervir. "D'EU wëll méi Flësseggas aus den USA importéieren, si wäerten ee groussen Akeefer ginn", sot hien. An: "D'Europäesch Unioun wäert zimlech direkt domat ufänken, vill Sojaboune vun eise Baueren ze importéieren".

"EU keeft Flësseggas a Sojabounen aus den USA"

De Jean-Claude Juncker confirméiert des Annoncen. "D'EU ka méi Sojabounen importéieren, an dat wäert och gemaach ginn", präziséiert hien.

Eng erstaunlech Ausso vun engem Kommissiounspresident - vu de Faiten, datt et jo um fräie Marché eleng d'Saach vun den Entreprisen ass, ze decidéiere wou si wat akafen.

Dorop an op aner Punkten hunn Enn där leschter Woch d'Europadeputéiert zu Bréissel opmierksam gemaach. An der zoustänneger Parlaments-Kommissioun huet d'Handelskommissärin Cecilia Malmström d'éischt emol déi europäesch Engagementer recadréiert.

Et wier "net un der Kommissioun, ze imposéieren, ob d'EU Gas akafe soll oder net", sou d'Cecilia Malmström. "Mir sinn eng Maartwirtschaft a mir gi kengem den Uerder ginn, dëst oder dat ze importéieren".

Allerdéngs hätte verschidde Memberlänner no Gas an no Sojaboune gefrot.

"EU-Kommissioun huet kee Mandat"

Fir d'Europadeputéiert stelle sech eng ganz Partie fundamental Froen. D'EU hätt hei Zougeständnesser gemaach, ouni wierklech eppes zeréckzekréien, seet de Bernd Lange, däitschen SPDler, de Rapporteur vum Parlament wat d'Handelsrelatioune mat den USA ugeet. Ëmmerhi wieren d'Stroftaxe weider a Kraaft.

Eng Partie Deputéiert hunn Explikatiounen doriwwer gefrot, mat wéi engem Mandat d'Kommissioun elo mat den USA viru verhandelt. D'Kommissioun hätt kee Mandat fir esou Gespréicher, sot zum Beispill den Helmut Scholz vun den däitsche Lenken:

"Mir verhandele guer net, mir hunn een Aarbechtsgrupp", huet d'Cecilia Malmström kloer gestallt. A fir esou Gespréicher bräicht d'Kommissioun kee Mandat. An deem Aarbechts- oder Expertegrupp, soll analyséiert ginn, ob een Ofkommes iwwert industriell Gidder Sënn mécht.

D'Kommissärin huet och betount, datt een elo net "nees mat TTIP ufänke géif".

Kënnt deen Aarbechtsgrupp virun, wäert d'Kommissioun bei de Memberlänner ee Mandat fir ze verhandelen ufroen, an dee Moment géif natierlech och d'Parlament mat ageschalt, sou nach d'EU-Kommissärin.

Gen-Soja a Schifergas?

Bei verschiddenen Deputéierte bleift d'Suerg doriwwer, ob déi europäesch Standarde weider garantéiert sinn, en vue vun de méiglechen Importer vu Flësseggas a Sojabounen.

Wat de Soja ugeet berouegt d'Kommissärin: Si wiere vun der europäescher Liewensmëttelagence zougelooss an et géing sech net em OGM-Soja handelen. Beim Flësseggas gouf et allerdéngs keng Garantie dofir, datt dee Gas net duerch den ëmstriddene Fracking gewonne gouf.

Europäesch Standarde géifen ënnert kengen Ëmstänn a Fro gestallt, versprécht d'Cecilia Malmström.

Nach am September soll deen zweete Meeting vum Expertegrupp sin.

D'EU ass bereet, wäit ze goen, sou d'Cecilia Malmström. Obwuel Autoen an net industriell Gidder bis elo aus de Gespréicher ausgeschloss sinn, bréngt d'Kommissärin se an d'Spill: "Mir si prett eis Tariffer op Autoen op Null erofzesetzen, all eis Tariffer op Null ze setzen, wann d'USA dat selwecht maachen".

"EU esou schlëmm wéi China"

Eng Offer, déi den Donald Trump kuerz vrum Weekend direkt via Bloomberg-Interview zeréckweist. Si wier net gutt genuch, sou den amerikanesche President. An d'EU wier bal esou schlëmm ewéi China, just méi kleng, seet den Donald Trump an deem Gespréich.