arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU trainéiert "Weltpolitikfähegkeet"

EU-SOMMET

|
reading time

4 min

EU trainéiert "Weltpolitikfähegkeet"

D'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner hu gréng Luucht gi fir Sanktioune géint Unhänger vum President Lukaschenko. Weider Mesuren géint Tierkei goufe keng decidéiert. De Sträit-Sujet Rechtstaat gouf iwwerdeems evitéiert.

reading time

4 min

D'EU sollt domat ufänken, dat, wat hien "Weltpolitikfähegkeet" nennt, ze developpéieren, hat sech am September 2018 den demolegen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gewënscht.

Duerch ee Spezial-Sommet, op deem sech déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen op eng Partie aussepolitesch Dossieren konzentréiert, wollt de Charles Michel deem Zil e bësse méi no kommen. D'Realitéit allerdéngs huet déi, déi vu méi europäescher Souveränitéit dreemen, op de Buedem zeréckbruecht.

Solidaritéit mat Zypern, mee keng Sanktiounen

play_arrow De Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren

Obschonn schonn zanter Méint iwwer eventuell Sanktiounen géint Unhänger vum belarusesche President Aleksander Lukaschenko diskutéiert gouf, huet dee Punkt um éischten Dag vum EU-Sommet weider fir laang Diskussioune gesuergt.

Zipern hat blockéiert, a gefuerdert, d'EU misst och géint Tierkei virgoen, well d'Land illegal am Mëttelmier no Gas buert.

"Zypern ass net aleng an ech hoffen, datt dee Message och haut ukënnt", hat vrum Sommet de Premier Xavier Bettel gesot.

Wéivill vun deem Message ukomm ass, ass schwéier soen. Fakt ass, datt Zypern um Enn noginn huet an de Wee fräi gemaach huet fir Sanktiounen, géint eng 40 Persounen a Belarus, déi den President Alexander Lukaschenko ënenrstzëtzen. De President selwer ass net op där Lescht.

Sanktioune géint d'Tierkei goufen net festgehalen. Amplaz dovun setzt d'EU an éischter Linn op ee "konstruktiven", ee positiven Dialog.

Däitschland pocht op positiven Dialog mat der Tierkei

Virun allem Däitschland hat sech dofir agesat. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet um Donneschdeg Owend betount, wéi strategesch wichteg d'Tierkei wier. Och am Hibléck op d'Zesummenaarbecht an der Flüchtlingsfro.

Zypern krut um Enn déi schrëftlech Garantie, datt d'EU sech weider Aktiounen virgebält. "Sollt Ankara nees géint internationalt Recht verstoussen, wäert d'EU all d'Instrumenter notzen, déi disponibel sinn", sou och d'Annonce vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

Um EU-Sommet am Dezember soll de Point gemaach ginn.

Et wier richteg, datt d'EU zu dësem Moment keng weider Sanktiounen géint d'Tierkei decidéiert huet, sot um Enn de Premier Xavier Bettel. Et géife positiv Zeechen an duerch Sanktiounen géif ee riskéieren, dee ganze Mechanismus op d'Kopp ze geheien.

Etat de droit: Hoffen op d'Europaparlament

play_arrow Den zweete Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren

Den Elefant am Raum, nämlech d'Diskussioun ronderem ee Mechanismus mat Konditiounen, un déi Suen aus dem EU-Budget kéinte geknäppt ginn, stoung iwwerdeems net um Ordre du jour vum Sommet.

Ungarn huet domatt gedreet d'Ausbezuele vum EU-Anti-Krise-Fonds ze blockéieren, wann et zu esou Konditioune kënnt.

Dat kéint een awer net esou stoe loossen, sou de Xavier Bettel.

"Wann den Etat de droit egal gëtt, well Ungarn menacéiert, ze blockéieren, dann hu mer ee Problem".

Däitschland, wat den Ament d'EU-Présidence huet, hat e Mëttwoch Detailer fir esou ee Mechanimus presentéiert. Eng Majoritéit vun de Memberlänner hat sech dofir ausgeschwat, op där Basis mam Europaparlament Verhandlungen unzefänken. Lëtzebuerg hat zesummen mat aacht anere Länner dergéint gestëmmt. Zu deene Länner gehéieren och Polen an Ungarn, déi sech prinzipiell géint dee Mechanismus stäipen.

"Déi Propose, déi um Dësch läit geet eis awer net wäit genuch", confirméiert iwwerdeems de Xavier Bettel. Et géif elo just op d'Korruptioun insistéiert, déi aner Voleten vun der Rechtstaatlechkeet kéime net vir. "Déi kann een awer net iwwer Bord geheien, just fir eng Majoritéit ze kréien", sou de Xavier Bettel.

Lëtzebuerg géing hoffen, datt an de Verhandlunge mam Parlament nogebessert gëtt. An deem Prozess sollten awer och d'Memberlänner hir Roll spillen. Um Sommetstoung de Sujet net um Ordre du jour. De Xavier Bettel huet dofir plädéiert, nach eng Kéier een "débat de fonds" doriwwer ze lancéieren.

Ausbezuele vum Fonds de Relance blockéiert

Iwwerdeems wiisst den Drock op d'Europaparlament, wat genee ewéi Letzebuerg méi ee strenge Mechanismus fuerdert. Sou laang et net zu engem Accord kënnt, kënnen d'Suen aus dem Fonds de Relance, fir de Länner aus der Kris ze hëllefen, net ausbezuelt ginn.

Ob d'Fro, ob d'EU dem Zil sech en vue vun der Weltpolitikfähegkeet virun ze entwéckelen, méi no komm ass, sot de Xavier Bettel:

"Mir kënne net Riichter vun der Welt spillen, mee mir sollten och net als frustréierten oder komplexéierten kléngen Acteur optrieden. Dofir musse mir mat enger Stëmm schwätzen. Dat hu mir elo gemaach, par rapport zur Tierkei a Belarus."

play_arrow Aschätzunge vum Danièle Weber vum Sommet zu Bréissel

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.