Radioen

On air

Notturno  |  Sean Nicholas Savage - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet: Export vu Kären aus der Ukrain ass Top-Prioritéit

Honger an der Welt

EU-Sommet: Export vu Kären aus der Ukrain ass Top-Prioritéit

Net d'Sanktiounen, mee de Krich ass Schold drun, wann et zu Enkpäss an der Liewensmëttel-Versuergung kënnt. Dat war de Message vun de 27 Staats- a Regierungscheffen aus der EU haut um zweeten Dag vun engem Spezial-Sommet ronderëm de Krich an der Ukrain. Op där Reunioun huet de President vun der afrikanescher Unioun, Macky Sall, een Appell lancéiert, alles ze maachen, fir datt d'Ukrain nees ka Kären exportéieren.

auto_stories

3 min

D'Vereenten Natioune warne virdrun, datt de Krich an der Ukrain den Honger an der Welt méi schlëmm maache kéint. Ee Grond dofir ass, datt d'Ukrain den Ament kaum Weess oder aner Kären exportéiere kann. Hei wier Russland am gaangen doriwwer falsch Informatiounen an d'Welt setzen, sou de Premier Xavier Bettel.

"Am Moment ass een Narrativ am gaangen duerch d'Welt ze goen, datt am Fong bal duerch Sanktiounen eng crise alimentaire géif kommen. Dat ass falsch, et ass net duerch d'Sanktiounen, datt eng pénurie géif kommen. Et ass duerch de Krich, duerch d'Aggressioune vu russescher Säit", sot no der Reunioun de Premier Xavier Bettel.

D'EU schafft op Rekord-Exporter vu Kären hin

Vum Sommet aus geet een Appell u Russland, keng Infrastrukturen an der Ukrain méi ze attackéieren an de Blockage am Schwaarze Mier opzehiewen.

Et géif elo drëm "d'essayer au plus vite de sortir les capacités en Ukraine, 20 millions de tonnes pour pouvoir les acheminer vers les pays qui en ont le plus besoin", sou de franséische President Emmanuel Macron.

D'EU selwer géif hir Produktioun eropsetzen, erkläert iwwerdeems d'Kommissiounscheffin. Et géif mat engem Rekord-Export vu Käre vu 40 Milliounen Tonnen an de Joren 2022 an 2023 gerechent, mat deenen ouni Restriktioune soll kënne gehandelt ginn: "Mir appelléieren un eis Partner, op all Barrièrë beim Handel mat landwirtschaftleche Produkter ze verzichten", sou d'Ursula von der Leyen.

D'EU wëllt och hëllefen, datt lokal an deene betraffene Länner méi Liewensmëttel kënne produzéiert ginn. Et soll probéiert ginn, Fongen aus dem Europäesche Kooperatiounsfonds ze deblockéieren, heescht et an de Konklusiounen, déi op dësem EU-Sommet festgehale goufen.

Gas: Ofhänegkeet soll weider reduzéiert ginn

En anere Sujet war haut REPowerEU, de Plang, deen drop aus ass, déi europäesch Ofhängegkeet vu fossillen Energien aus Russland ze reduzéieren. Wann e gräift kéint dat der Unioun hëllefe laanscht en Embargo op Gas aus Russland ze kommen.

Nieft engem massiven Ausbau vun den erneierbaren Energië gesäit REPowerEU vir, no neien, "méi zouverlässege" Gas-Fournisseuren ze sichen, sou d'Kommissiouns-Presidentin, a sech och déi néideg Infrastrukturen ze ginn, fir zum Beispill Flësseggas kënne geliwwert ze kréien. D'Versuergungssecherheet soll och iwwer eng besser Interconnectioun vun de Gas-Reseauen erreecht ginn, fir datt de Gas dohinner fléisse kann, wou e gebraucht gëtt.

Doriwwer eraus soll och eng méi stratesch Gas-Späicherung ueschter d'Unioun opgebaut ginn. An deem Kontext géifen et gutt Noriichte ginn: déi europäesch Gas-Späichere wieren am Moment zu 41 Prozent gefëllt, fënnef Prozentpunkte méi wéi zejoert ëm dës Zäit.