Am Fong wollten d'Staats- a Regierungscheffen an hirer Schluss-Erklärung hiert Bedaueren iwwer déi grausam Katastroph am Mëttelmier mat Honnerte vun Doudeger zum Ausdrock bréngen an dofir just an zwee Abschnitter vun hire Konklusiounen op déi extern Dimensioun vun der Migratioun agoen. Also op dat, wat op de Grenze soll gemaach ginn. Dat sinn am Fong keng Sträittheemen an der Migratioun. Et ass villméi dee klengste gemeinsamen Nenner ënnert de 27 EU-Länner.
An awer gouf ee sech net eens. Dat läit um drëtten Abschnitt, deen elo an engem Text steet, deen net offiziell als Conclusioun vun deem EU-Sommet, mee just als Deklaratioun vum Conseilspresident an d'EU-Archiven ageet.
Schluss-Deklaratioun blockéiert, Asylreform net
Polen an Ungarn deklaréieren doran, datt si sech dofir asetzen, datt Decisiounen an der Migratiouns- an Asylpolitik am Konsens geholl, an datt déi geplangte Solidaritéits-Mechanismen op fräiwëlleger Basis misste funktionéieren.
Den Asyl-Accord, op dee sech d'Inneministere virun dräi Woche gëeenegt haten, gesäit esou ee Mechanismus fir: D'Länner kënnen entweder Flüchtlingen ophuelen oder mussen een Ausgläich bezuelen. Domat awer si Polen an Ungarn net d'Accord. Och net domat, datt si beim Vott vun de Ministeren iwwerstëmmt goufen.
Déi Prozedur wier esou an den Traitéë virgesinn, huet an deenen zwee Deeg vum Sommet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ëmmer nees betount.
"Et wier mir mech net gaangen, datt mir eng Decisioun, déi majoritär geholl gouf, a Fro géinge stellen. Dat war dat, wat um Dësch louch, an do hu mir bis zum Schluss gesot, dat géing net goen."
Fazit: 25 sinn dofir, 2 dogéint
Wéi geet et virun? Ass elo op all Sommet mam Blockage vun deenen zwee Länner ze rechnen?
"Wann déi zwee wëlle blockéieren, solle se blockéieren. Et ass un eis fir gemeinsam Léisungen ze fannen", seet dozou de Premier. An och de Conseilspresident, op den zukünftege Fonctionnement vun der EU ugeschwat, bezitt eng änlech Positioun, nämlech déi, datt een Ungarn a Polen elo mol esou gewäerde léisst.
Den Debat hätt gewisen, datt 25 Länner kloer hannert deem Accord stinn, wärend der just zwee hiren Desaccord zu den Akte ginn hunn, sou de Charles Michel.
"Il n'y a pas d'unanimité, mais une très large convergence, bien plus grande, une convergence qui était absolument absente de la réalité politique de l'europe il y a quelques années, lorsqu'il y a eu des moments très tendus sur cette question migratoire."
D'Reform u sech geet also weider hire legislative Wee. Als nächst Etapp stinn d'Verhandlunge mam Europaparlament um Ordre du jour, ier deen endgültegen Text da kann ëmgesat ginn.
D'Fro wat genee geschitt, wa sech Polen an Ungarn dono net un dee geplangte Soldiaritéitmechansimus halen, bleift bis op Weideres op.