Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Buckley - Last Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet: Atomkraaft sprengt Debatt iwwert Energie

EUROPÄESCH UNIOUN

EU-Sommet: Atomkraaft sprengt Debatt iwwert Energie

Um EU-Sommet gouf stonnelaang iwwer d'Hausse vun den Energiepräisser a méiglech Perspektive fir den europäesche Energie-Marché diskutéiert. Um Enn gouf ee sech net eens - haaptsächlech well d'Meenungen iwwert Atomkraaft ausernee ginn.

auto_stories

4 min

Dee Sujet war op ee Mol ganz grouss a stoung matzen am Debat. D'EU ass sech net eens an der Roll, déi d'Atomenergie an de Gas an Zukunft spille sollen.

Haaptsträitpunkt war d'Fro, ob Gas an Atomkraaft sollen als "nohalteg" agestuuft ginn. D'Europäesch Kommissioun ass am gaangen am Kader vun där sou genannter Taxonomie ee Klassement fir gréng Investitiounen zesummenzestellen, huet awer nach net decidéiert, wéi ee Label Gas an Atomenergie doran géife kréien.

Ëisträich, Däitschland a Lëtzebuerg géint de Rescht

Atomkraaft sollt een net als gréng astufen, seet nieft Lëtzebuerg och Éisträich, wéi de Kanzler Karl Nehammer betount:

"Wir sind gegen ein Greenwahsing der Atomenergie, wir haben hier Verbündete unter anderem auch Luxemburg aber natürlich auch mächtige Gegner."

Zu deene Géigner gehéiere Frankräich, wat sech hei mat Polen, Ungarn an der Tschechescher Republik zesummegoen huet. Déi Fraktioun huet sech en Donneschdeg den Owend dofir staark gemaach, datt d'Taxonomie sollt an de schrëftleche Konklusiounen ernimmt ginn. Dogéint gestäipt hu sech Lëtzebuerg, Éisträich an och Däitschland. Mam Resultat, dat um Enn dee ganzen Abschnitt iwwert d'Energie aus de Konklusioune gestrach gouf.

"Ech hu léiwer keen Accord wéi ee schlechten", sot um Enn en net onzefriddene Premier Xavier Bettel. Hien hätt awer och mam däitsche Kanzler Olaf Scholz e staarken Alliéierte gehat.

Den Drock gëtt méi grouss

De franséische President an den däitsche Bundeskanzler hunn iwwerdeems op enger gemeinsamer Pressekonferenz probéiert, hir Differenzen erofzespillen.

D'Atomkraaft wier keen Equivalent zu erneierbaren Energien, sou den Emmanuel Macron.

"Le nucléaire est une source d'énergie à bas carbone, c'est plutôt comme cela que nous cherchons à la qualifier."

Beim Klassement vun der Kommissioun géing et just em Investitiounen. All Land kënnt dono onofhängeg dovu weider säin eegen Wee am Choix vu sengen Energie Source goen, sou den Olaf Scholz. A Sengen Ae gëtt dee Sujet iwwerbewäert.

"Die Taxonomie ist ein ganz kleines Thema in einer ganz große Frage."

Fir de Xavier Bettel ass awer kloer, datt et ëmmer méi enk gëtt, well ëmmer méi Länner Drock maachen, d'Atomkraaft als klimafrëndlech anzestufen.

"Wann een an der Minoritéit ass, gëtt et vläicht schwéier fir nach ganz laang ze blockéieren an dëser Fro. Mir wäerten op jiddwer Fall all Moyen, déi mer hunn, weider benotzen."

D'Kommisisoun kéint schonn déi nächst Woch hir Decisioun bekannt ginn. Sollt Atomkraaft als gréng agestuuft ginn, hunn esou wuel Lëtzebuerg annoncéiert, dat viru Geriicht unzefechten-.

Warnung fir Russland

D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn vum Sommet aus eng Warnung op Moskau geschéckt. Sollt Russland d'Ukrain ugräifen ass d'EU prett ze reagéieren, duerch Mesuren, déi "massiv Konsequenzen an héich Käschten" mat sech brénge géifen, heescht et an enger Deklaratioun.

D'EU géing d'Souveränitéit an déi territorial Integritéit vun der Ukrain ouni Aschränkungen ënnerstëtzen. Russland misst dofir suergen, datt sech d 'Situatioun entspaant. Wéi eng Sanktioune genee viséiert ginn, gouf net präziséiert.

Lëtzebuerg wier solidaresch mat der Ukrain a géif d'Sanktiounen ënnerstëtzen, sot zu Bréissel de Premier Xavier Bettel. Et misst een awer och op den Dialog mat Russland setzen.

Keen Accord iwwert de Covid-Certificat

D'Staats- a Regierungscheffen hunn och de Point gemaach iwwert d'Corona-Pandemie. Wéinst dem Risiko, dee vun der neier Omikron-Variant ausgeet, wier d'Impfen an d'Verdeele vu Booster-Dosisse kruzial, sou eng vun de Konklusiounen.

Et wier wichteg, datt d'Impfungen an den digitale Covid-Certificaten an de verschiddene Memberlänner d'nämmlecht laang gülteg sinn. Mëndlech huet een sech hei drop gëeenegt, datt eng éischt vollstänneg Impfung néng Méint soll gutt sinn, dono brauch een eng Booster-Dosis, fir datt de Certificat weider gülteg ass. D'Europäesch Kommissioun soll déi nächst Woch een entspriechend Reglement presentéieren.

Doriwwer, ob zousätzlech zum Impfen Tester bei der Arees gefrot ginn, gëtt et keng gemeinsam Approche. Verschidde Länner, wéi Italien oder Portugal hunn annoncéiert, datt si an Zukunft vun EU-Bierger PCR-Tester verlaangen, wa si an d'Land areese wëllen.