An der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa hunn iwwer 800 zoufälleg erausgesichten Europäer:innen aus de 27 EU-Länner bal zwee Joer laang doriwwer diskutéiert, wat hirer Meenung no an der EU verbessert soll ginn.
Um Enn vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa louchen 49 Propose mat 325 Mesuren um Dësch vun den europäeschen Institutiounen.
Marc Angel: Vertragsännerungen si néideg, fir eng méi effikass EU
Déi musse seriö geholl ginn, seet d'Europaparlament. Dofir setzt sech op europäeschem Niveau och ganz engagéiert, den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel an.
Hie war bei den Diskussiounen am Kader vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa aktiv mat derbäi.
"Wann een Europa méi handlungsfäeg wëllt maachen, da muss een och un de Vertrag goen. Da muss een och d'Fro vun der Unanimitéit uschwätzen. Ouni Vertragsännerunge kënne mer Europa net méi handlungsfäeg maachen."
Dat sot de Marc Angel den 10. Mee bei eis op der Antenn. Hie wier dowéinst iwwerzeegt, datt ee Konvent néideg ass, an deem Vertrieder aus de Memberlänner an den EU-Institutiounen ufänken iwwer punktuell Traitésännerungen ze diskutéieren. Dofir huet sech och am Juni eng Majoritéit am Europaparlament ausgeschwat.
Jean Asselborn: Elo ass net de Moment
Den Ausseminister Jean Asselborn, och LSAP, äntwert dorop dës Woch esou:
"D'Regierung ass net iwwerzeegt, datt ee Konvent also Traitesännerungen op dësem Moment unzegoen, dee beschte Wee wier."
De Marc Angel, manner kämpferesch an drëms beméit sengem Parteikolleeg net an de Réck ze falen, seet eis op d'Fro, ob hien elo vun der Regierung enttäuscht ass: "Ech liesen aus der Ried kee kategoreschen Neen eraus".
Et wier net dee richtege Moment, hat de Jean Asselborn an där Ried festgehalen, dat wéinst den diverse Krisen a well "rietsextreem nationalistesch Kräften an Europa nees erwächen".
Mat där Aschätzung ass de Marc Angel net d'Accord. Grad an dëser Situatioun wier et wichteg, d'EU méi handlungsfäeg ze maachen, an do stéingen d'Traitéen dacks am Wee.
Et géif net drëms goen, déi Verträg nei ze schreiwen, ma iwwer punktuell Ännerungen ze diskutéieren.
"Eis sinn d'Hänn gebonnen a verschiddenen Dossieren, zum Beispill an der Gesondheetspolitik. Corona huet eis gewisen, datt een esou eng Kris net national ka léisen, mee datt een Europa méi Kompetenze muss ginn. Et geet drëm, mat deenen Traitésännerungen déi Fessele lass ze schneiden, fir datt mer kënnen als Europa méi do maachen."
Unanimitéit: Regierung hält u Vetorecht fest
Der EU steet och dacks de Prinzip vun der Unanimitéit am Wee, dee fir vill Dossiere gëllt.
Dee Prinzip ofzeschafen, war och ee Wonsch vun de Bierger an dee Wonsch gouf am Fong am Koalitiounsvertrag vun der Lëtzebuerger Regierung op mannst fir d'Aussen- a Verdeedegungspolitik esou festgehalen. Den Ausseminister ruddert allerdéngs e puer Meter zeréck an pocht a senger Ried indirekt weider op ee Vetorecht:
"Wann et ee Punkt vun essentiellem Interessi fir dat eent oder anert Land gëtt, da soll déi qualifizéiert Majoritéit nees an den Tirang geluecht ginn, fir d'Eestëmmegkeet nees an d'Plaz ze setzen."
Christophe Hansen: Mir kënnen net méi zeréck
Et wier ee sech eventuell net eens an der Koalitioun, ass do d'Interpretatioun vum Christophe Hansen. Fir den CSV-Europadeputéierte kann een en Vue vun enger Diskussioun iwwer d'Traitésännerungen allerdéngs net méi zeréck.
"D'Fro ass, wéini ass dee richtege Moment? Mir kënnen net dee ganze Prozess ukuerbelen, wou mer den Dialog mat de Bierger wëllen. A wa mer da ganz konkret Konklusiounen hunn, soen, dat gefält eis awer net."
Et gesäit et allerdéngs esou ass, wéi wann ee gudden Deel vun de Memberlänner - an dozou gehéiert elo och Lëtzebuerg - genee dat wéilte elo mol maachen.
Oneenegkeet och bei Liwwerkettendirektiv
Et gëtt nach een Dossier, an deem sech de Marc Angel staark engagéiert am Europaparlament: dat ass dee vun enger Direktiv iwwer d'Liwwerketten - déi soll dofir suergen, datt an der EU méi drop gekuckt gëtt datt nohalteg Produiten, déi am Respekt vun de Mënscherechter produzéiert goufen, op de Marché kommen.
D'Regierung seet dozou Jo - wëllt awer een Deel vun de Finanzservicer eraushalen - nämlech d'Fongen.
Och hei ass de Marc Angel net d'accord. D'Direktiv misst och fir d'Finanzservicer gëllen, sou den LSAP-Europadeputéierten. Och bei der Gréisst vun den Entreprisen, déi ënner d'Direktiv fale géifen, ginn d'Meenungen auserneen.
Kritik un der Positioun zu China
Et wier d'Roll vum Europaparlament "méi ambitiéis ze sinn", sou de Marc Angel zu deem Widdersproch. Fir hie wäert et och virum nächste Walkampf drëm goen, déi Positiounen am Parteiprogramm genee ze definéieren.
De Christophe Hansen huet iwwerdeems an der Ried vum Ausseminister am Kapitel vun der Handelspolitik ee kloert Positionéiere vun der Regierung par rapport zu China vermësst.
"Et goufe vill Krisen a Problemer ugeschwat, ma wéineg Léisungsweeër opgewisen", sou den CSV-Politiker.
Et léichen e puer nei EU-Gesetzer um Dësch, déi als Zil hunn, d'EU besser géint auslännesch Investitiounen ze protegéieren. Et wier gutt gewiescht, do méi iwwer d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung, "déi heiansdo e bëssen op der Brems steet", gewuer ze ginn.
Dat stéing, sou de Christophe Hansen, am Widdersproch mat de "staarke Wierder", mat deenen den Ausseminister dacks an de Schlagzeile wier, an déi fir keen Zeeche vun enger "gudder Aussepolitik" sinn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.