Radioen

On air

Tockcity  |  Royel Otis - Murder On The Dance Floor - Triple L Like A Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament sanktionéiert Monica Semedo

WÉINST HARCÈLEMENTPSYCHOLOGIQUE

EU-Parlament sanktionéiert Monica Semedo

D'Europadeputéiert vun der DP, d'Monica Semedo, gëtt vum Europaparlament wéinst Harcèlement psychologique par rapport zu hiren dräi Assistente bestrooft. Si haten eng Plainte agereecht an et gouf eng intern Enquête gemaach. Gëschter huet de Parlamentspresident David Sassoli annoncéiert, déi Lëtzebuerger Deputéiert géif fir 15 Deeg suspendéiert ginn.

auto_stories

4 min

D'Monica Semedo ass zanter 2019 EU-Deputéiert fir d'DP. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Den David Sassoli huet déi Decisioun op Recommandatioun vum zoustännege Comité vum Parlament geholl, nodeems an de leschte Méint eng intern Enquête gemaach gouf.

Eisen Informatiounen no haten déi dräi fréier Mataarbechter vun der Monica Semedo eng Plainte wéinst Harcèlement gemaach. Si haten am Fréijoer zesummen demissionéiert a schaffen zanterhier net méi am Europaparlament. Detailer iwwer déi Plainte sinn net bekannt, déi dräi Concernéiert wollten dozou näischt soen.

Prozedur ass streng confidentiel

Zoustänneg fir esou Plainten ass ee Comité consultatif. Dee mécht Recommandatiounen, d'Decisioun iwwer eventuell Sanktioune läit dono beim President vum Parlament. Esou gesäit et een internt Reglement vun 2018 vir, dat eis virläit.

D'Prozedur ass streng confidentiel, d'Recommandatioun vum Comité, eng Sanktioun auszeschwätzen, läit eisen Informatiounen no schonn zanter ufanks Dezember vir, gëscht dunn huet de President seng Decisioun vun enger Sanktioun annoncéiert.

D'Dokumenter vum Comité si weider confidentiel a bleiwen och geheim. Si gi fënnef Joer laang gehalen, den Accès ass just dann erlaabt, wann de Comité dat unanime decidéiert.

Kritik wéinst Intransparenz

Allgemeng gouf et am Kader vun de #MeToo-Diskussioune Kritik vu Parlamentareschen Assistenten um net-transparenten Ëmgang vum Parlament mat Harcèlements-Plainten, fir d'lescht an engem Hearing am November.

Den zoustännege Comité wier mat dräi Deputéiert géint zwee Representante vun den Assistenten net equitabel besat an dat géif d'Leit net encouragéieren, iwwerhaapt eng Plainte anzereechen.

Op deem Hearing sot déi elsässesch Europadeputéiert Anne Sander, datt zanter 2014 eng 23 Fäll vu psychologeschem Harcèlement reportéiert goufen.

Monica Semedo akzeptéiert Decisioun

D'Monica Semedo huet d'Decisioun vum President akzeptéiert a sech gëschter Owend an engem Pressecommuniqué géintiwwer hire fréiere Mataarbechter entschëllegt.

Si wier exigent par rapport zu hirer Ekipp gewiescht an dat hätt leider zu Spannunge gefouert, déi net ze iwwerwanne waren.

Fir d'DP ass den Dossier zou

No der Sanktioun vun der DP-Europadeputéiert Monica Semedo vum Europaparlament gesäit déi Demokratesch Partei keen Ulass, Konsequenzen aus deem Fall ze zéien.

Et wier wichteg, datt d'Monica Semedo d'Decisioun vum President akzeptéiert, esou den DP-Generalsekretär Claude Lamberty.

Huet d'Virbildfunktioun vun enger Politikerin, déi sech selwer den Asaz a soziale Froen op de Fändel geschriwwen huet, dorënner gelidden? Ass d'Monica Semedo als Europadeputéiert nach credibel?

Dem Claude Lamberty seng Äntwert lauschterenplay_arrow

De Claude Lamberty äntwert dorop, datt d'Monica Semedo sech bei hire Mataarbechter entschëllegt hätt. Dat Ganzt wier an enger héijer Stresssituatioun entstanen, d'Uspréch u sech selwer an un hir Mataarbechter wiere "ganz héich" gewiescht.

De President vum Europaparlament hätt eng gutt Faktelag gehat an eng Sanktioun ausgeschwat. De Claude Lamberty wier awer net an dëser Faktelag a géif den Dossier net am Detail kennen a kéint deemno net soen, wat soss nach geschitt ass.

Fir d'Demokratesch Partei ass deen Dossier elo zou, sou de Claude Lamberty.

Reaktiounen aus dem Europaparlament

Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens huet sech den Aussoe vum DP-Generalsekretär ugeschloss.

Déi aner Lëtzebuerger Europadeputéiert reagéieren zeréckhalend. Kee Kommentar ofgi wëllen d'Tilly Metz vun deene Gréngen an de Marc Angel vun der LSAP.

D'Isabel Wiseler-Lima vun der CSV begréisst, datt d'Europaparlament Fäll vu Mobbing Eescht géif huelen a sanktionéieren. De Fall Semedo wéilt si awer net weider kommentéieren, well si déi genau Hannergrënn net géif kennen.

Et misst een awer wëssen, datt esou Sanktioune seele géife virkommen. Wéi d'DP-Europadeputéiert domadder ëmgeet, misst d'Monica Semedo mat hirem Gewëssen ausmaachen.

Reaktioune vum Sven Clement a Frank Engel

D'Isabel Wiseler-Lima schléisst sech deemno net hirem Parteikolleeg Fränk Engel un. Den CSV-President hat géintiwwer RTL gemengt, datt ee kee politescht Amt géif verdéngen, wann ee seng Mataarbechter "terroriséiert".

Fir den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement misst d'Monica Semedo sech d'Fro stellen, ob si, andeems si bei hirem Mandat bleift, net Schued géif uriichten, an dat net nëmme bei sech selwer.

"Ech sinn awer der Meenung datt ee sécherlech d'moralesch Hoheit do verluer huet a sech ganz staark soll d'Fro stellen, ob een - wann een am Europaparlament bleift - senger Partei an och dem Image vu Lëtzebuerg net méi schued, wéi wann ee géif zerécktrieden. Um Enn vun Dag ass déi nächst Echeance nach wäit hin, dofir wier et ze einfach ze soen, datt d'Wielerinnen an d'Wieler sollen dat entscheeden, ech mengen, datt hei awer och jiddweree selwer seng Konsequenze muss zéien."