Autorisatioun vu Pestiziden EU-Parlament fuerdert méi transparent Prozeduren

Glyphosat ass weider ëmstridden an der EU. D'Europaparlament huet sech bal ee Joer domat beschäftegt, wéi d'Autorisatiounsprozeduren fir Planzeschutzmëttele kënne verbessert ginn. De Rapport vun där Spezialkommissioun läit elo vir. Ënner anerem fuerdert d'Parlament méi Transparenz a méi Onofhängegkeet.

Danièle Weber / cbi

A crop duster applies chemicals to a field of vegetation.
Foto: Walter G Arce Sr ASP Inc / European Union.

Néng Méint hate sech d'Parlamentarier an der Spezialkommissioun PEST mat der Autorisatiounsprozedur vu Pestizide befaasst. Zil war et eng Situatioun wéi déi ronderëm den Herbizid Glyphosat an Zukunft ze evitéieren. Beim Produkt vu Monsanto war et jorelaang hin an hiergaangen, éier datt den ëmstriddene Planzekiller dunn awer Enn 2017 fir fënnef weider Joer zougelooss gouf.

Schwaarz-grénge Kompromëss

D'Auteure vum Rapport, den däitschen CDU-Politiker Norbert Lins an de Grénge Bart Staes haten à la Base ënnerschiddlech Positiounen. "Schwaarz-Gréng funktionéiert", fënnt de Norbert Lins en Vue vun deem Rapport. Et wier ee Kompromëss, mat deem hie liewe kéint, seet hien am 100,7-Interview.

D'Parlament gesäit seng Proposen als Basis fir eng Reform vun der EU-Prozedur fir Planzeschutzmëttelen ze autoriséieren. Allerdéngs gëtt esou eng Reform net explizit gefuerdert.

D'Prozedur misst méi transparent ginn, dat ass eng vun den Haaptdemandë vum Parlament. Déi Studien, déi an der Prozedur benotzt ginn, sollen ëffentlech zougänglech sinn an d'Prozedure missten harmoniséiert ginn. Donieft sollen an Zukunft d'Risikoanalyse fir geféierlech Substanzen net méi wéi bis elo vun den Hiersteller selwer gemaach ginn.

D'Parlament freet och Etüden iwwer déi laangfristeg Toxicitéit vu Wierkstoffer a Studien iwwer den Impakt op d'Gesondheet vum Mënsch vu Pestiziden.

Keng europäesch Prozedur

Zoustänneg fir d'Prozedure sinn den Ament national Autoritéiten. Bis elo kann eng Entreprise sech et selwer eraussichen, a wéi engem EU-Land si d'Demande fir d'Zouloossung vun engem neie Mëttel mécht.

Geet et dem Parlament no soll an Zukunft awer d'Europäesch Kommissioun decidéieren, wou d'Autorisatioun gemaach gëtt.

Déi Studien, déi an der Prozedur benotzt ginn, sollen ëffentlech zougänglech sinn an d'Prozedure mussen harmoniséiert ginn. Eng europäesch Prozedur gëtt awer net gefuerdert. Dat wier ze opwändeg, seet den Norbert Lins. D'EFSA, déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet, hätt da missen Dausende vu Leit bäikréien. Amplaz eng Revolutioun ze maache wier et besser, op d'Evolutioun am Dossier ze setzen, sou den Norbert Lins.

D'Realitéit gesäit den Ament esou aus, datt ronn 80 Prozent vun den Autorisatiounen a just véier Länner, nämlech Däitschland, Frankräich, Groussbritannien an Holland ofgewéckelt ginn. De Brexit wäert hei also Konsequenzen hunn.

Glyphosat: Kontroverse bleiwen och am Parlament

Iwwer Glyphosat gouf vill gestridden an der Spezialkommissioun. Kee Wonner: d'Autorisatioun vun deem ëmstriddene Wierkstoff war jo iwwerhaapt d'Ursaach, firwat d'Kommissioun an d'Liewe geruff gouf. D'Zouloossung vum Herbizid gëtt awer net prinzipiell a Fro gestalt.

D'Kontroversen iwwer de Planzekiller goufen net opgehuewen, sot de Co-Auteur vum Rapport, de Bart Staes, e Méindeg am Debat am Parlament zu Stroossbuerg. Et gouf awer festgehalen, datt d'Etüden, déi sech domat befaassen, ob de Wierkstoff kriibserreegend ass, systematesch sollen iwwerpréift ginn. Dat en Vue vun den Diskussiounen, déi nees ufänken, wann d'Autorisatioun vum Glyphosat nees ausleeft.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Guy Feyder & Raymond Aendekerk
Landwirtschaft

De Secteur erwaart sech méi Ënnerstëtzung fir d'Zäit nom Glyphosat, seet de Guy Feyder vun der Bauerenzentral. De Raymond Aendekerk vu Greenpeace fuerdert e séieren Ausstig aus dem Herbizid.

Glyphosat-Hearing-Europaparlament
Glyphosat

Wéi geféierlech ass den Herbizid Glyphosat fir Mënsch an Ëmwelt? D'Wëssenschaftler streiden doriwwer an d'Politiker sinn iwwerfuerdert. Am Europaparlament sinn déi verschidde Meenungen openeegeprallt.

20150908-etgen-1000591.jpg
Landwirtschaft

D'Lëtzebuerger Regierung ännert hir Positioun zum Pestizid Gylphosat net. Dorun ännert och déi nei Etude vun der WHO näischt. De Minister Fernand Etgen mengt och, de Vote kéint rëm verluecht ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen