Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Migratiounspolitik an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

EU-Migratiounspolitik an de Wahlprogrammer

D'Migratiounspolitik ass dat, wouriwwer den Ament am meeschten an der EU gestridde gëtt. D'Länner gi sech bekanntlech guer net eens doriwwer, wie wéi eng Responsabilitéit iwwerhuelen soll. D'Fro, ob a wéi Refugiéë bannen der Unioun ëmverdeelt solle ginn, ass dobäi zentral. Wéi eng Léisunge gesinn d'Lëtzebuerger Parteien an dëser Krise-Situatioun? Wat sinn hir Iddien a wéi eng Positiounen huele si an? Eng Analys vum Daniele Weber.

auto_stories

6 min

Danièle Weber

Dat Wuert Quoten ass am offizielle Langage vun der EU guer net beléift. Wann et ëm Flüchtlinge geet, kéint een esouguer soen, et wier zu engem Tabu ginn. Ob Spriecher vun der Europäescher Kommissioun oder a Conclusioune vun EU-Sommeten - de Begrëff gëtt evitéiert, wou et nëmme geet.

Well beim Numm nenne wëllt een deen Haaptsträitpunkt an der EU am léifsten net: de Problem vun der Ëmverdeelung vu Refugiéen ass awer zentral - an enger EU, an där déi sougenannten Dublin Konventioun dofir suergt, datt dat EU-Land, wou ee Refugié als éischt ukënnt, zoustänneg ass fir eng méiglech Asylprozedur. Et läit op der Hand, datt déi Länner um Mëttelmier, wou largement déi meescht ukommen, net frou si mat där Dublin Konventioun. D'Diskussioun iwwer eng Reform kënnt awer net virun. Virun allem wëlle sech Verschiddener vehement géint Quote wieren. Net nëmmen osteuropäesch EU-Länner:

Es gibt Dissenz über die Verteilung, es gab Dissenz über die Verteilung und es wird auch nach der österreichischen Präsidentschaft Dissenz zu diesem Thema geben. Ich glaube daher, dass es gut und richtig ist, dass wir auf den Aussengrenzschutz, auf das Zerschlagen der Schlepperbanden und auf die Kooperation mit afrikanischen Staaten setzen."

Dat sot den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz um leschten EU-Sommet - hie mécht keen Heel draus, datt d'Ambitioune vu sengem Land hei net grouss sinn - an iwwer de Sujet vun der Ëmverdeelung gouf dowéinst op deem Sommet virsiichtshallwer sou gutt wéi guer net geschwat.

Wéi stelle sech dann elo d'Lëtzebuerger Parteien zu deem Haapsträitthema an der EU? Sou ganz kloer ass dat net ëmmer.

déi Lénk: Humanitär Couloire fir ee sécheren Accès an d'EU aféieren

Fänke mir mat de Piraten un: Si wëllen ee Verdeelungsschlëssel fir net eenzel Memberlänner eleng ze loosse mam finanziellen, administrativen a logisteschen Opwand.

Ganz däitlech fir Quoten a fir ee permanente System vun enger Ëmverdeelung schwätze sech och déi Lénk aus. Si ginn nach méi wäit a wëllen:

s'engager pour la mise en place de couloirs humanitaires afin de garantir aux réfugiés des voies d'accès sûres en Europe. Nous voulons également nous engager pour la fermeture de tous les centres d'expulsion et d'externalisation du contrôle migratoire financés par l'UE.

LSAP: Déi bestrofen, déi net solidaresch sinn

D'LSAP hëlt och zimlech kloer Stellung - ouni allerdéngs, am Contraire vum LSAP-Ausseminister, direkt vu Quoten ze schwätzen. D'Asylpolitik misst op Solidaritéit baséieren, steet an hirem Programm. D'Sozialiste soen och kloer, datt déi déi net matmaachen, solle bestrooft ginn.

Lasten und Ressourcen müssen gerecht zwischen den einzelnen Mitgliedsländern verteilt werden. Wer sich dieser Verantwortung entzieht, sollte mit Sanktionen belegt werden und keinen Anspruch auf EU-Hilfsgelder haben.

CSV an DP: Keng kloer Ausso zu Quoten

Manner kloer an e bësse méi verschlësselt, steet dat am CSV-Wahlprogramm. Eng Reform vum Asylsystem ass noutwenneg - an och eng vum System, wéi d'Sue verdeelt ginn, heescht et - ouni datt dës Virstellunge méi am Detail erkläert ginn.

Wir stehen für eine Reform der Asylgesetzgebung (Dublin III), genauso wie für finanzielle Hilfe im Interesse jener Regionen, die Asylbewerber aufnehmen. In diesem Kontext stehen wir einer Reform der Regional- und Strukturfonds zur Förderung der Solidarität positiv gegenüber.

ADR: All Land soll selwer decidéieren, wien do liewen däerf

Bei der DP dann ënnersträicht de Premier Xavier Bettel zwar, wann een e freet, datt et ouni Quoten net geet - am Wahlprogramm steet dozou awer näischt.

D'Alternativ Demokratesch Reformpartei, par konter, schwätzt net laang ronderëm de Bräi. D'ADR seet:

Mir si géint eng Quoteregelung op europäeschem Niveau fir d'Verdeelung vun de Migranten. All Land ka fir sech entscheeden, wéi eng Leit am Land däerfe liewen a wéi eng net.

Déi Konservativ sinn där nämmlechter Meenung a gi méi wäit: Wéi déi däitsch CSU vum Horst Seehofer fuerderen si eng Héchstgrenz bei der Awanderung.

Déi Konservativ: Héchstgrenz fir Awanderung

Eis Partei fuerdert en Awanderungskontingent, deen d'Migratioun op Lëtzebuerg kloer regelt, d'Integratiounsfäegkeet respektéiert, an d'Lëtzebuerger als Majoritéitscommunautéit séchert.

Manner gestridde gëtt an der EU, wann et drëms geet d'Baussegrenzen besser ze schützen - dat spigelt sech och esou an de Wahlprogrammer erëm, wou dacks eng Verstärkung vum Grenzschutz gefuerdert gëtt.

Piraten: Frontex soll ofgeschaaft ginn

Et gëtt awer och Kritik un der Festung Europa - bei deene Gréngen, oder bei déi Lénk an de Piraten, déi Frontex ofschafe wëllen:

Mir plädéieren och dofir, datt vëlkerrechtswiddreg Praktiken, wéi se duerch Frontex un den EU-Baussegrenzen ugewant ginn, ophale mussen. Mir fuerderen eng Ofschafung vu Frontex.

déi Lénk pochen drop, d'Notioun vun engem "pays sûr" ofzeschafen. Wien aus esou engem Land kënnt, huet an der Regel net vill Chancen, Asyl ze kréien. Fir déi Lénk dierf dat individuellt Recht op Asyl awer net a Fro gestallt ginn.

Vu legaler Migratioun schwätzen och verschidde Parteien. D'DP seet, regulär Migratiounskanäl sollten ausgebaut ginn a féiert dat dono awer net aus.

déi gréng: Zirkulär Migratioun aféieren

Méi konkret sinn déi gréng, déi eng Zort legal Migratioun, awer mat forcéiertem Retour, aféiere wëllen. Dat Konzept nennt sech zirkulär Migratioun.

"Zirkuläre Migration" bedeutet, in Absprache mit Partnerländern, eine zeitlich begrenzte Immigration zuzulassen, insbesondere zu Ausbildungszwecken. So können Migrantinnen und Migranten ihre neu erworbenen Fähigkeiten anschließend in ihren Herkunftsländern anwenden. Dadurch kann die definitive Abwanderung von Fachkräften verhindert werden

DP: Migratioun duerch Kooperatioun verhënneren

Um Sommet am Summer hate sech d'Staats- a Regierungscheffen dofir ausgeschwat, souwuel bannen der EU, wéi och a nordafrikanesche Länner, Flüchtlingscampsen opzeriichten, wou Refugiéen, déi am Mëttelmier gerett goufen, higefouert ginn. Dozou huelen d'Parteie keng Stellung - ausser d'ADR, déi kloer stellt, datt esou ee Camps zu Lëtzebuerg fir si net denkbar ass.

D'ADR schwätzt sech och dofir aus, eventuell Ufroen op Asyl esouwäit wéi méiglech baussen dem Gebitt vun der Europäescher Unioun entgéintzehuelen an do ze ënnersichen.

Eng gutt Diplomatie mat adequate Mëttelen an eng cibléiert Kooperatiounspolitik kënnen dozou bäidroen, Migratiounsbeweegungen ze verhënneren, seet och d'ADR.

Bal all d'Parteie maachen ee Lien mat Entwécklungshëllef a schwätze sech dofir aus, d'Flucht-Ursaachen ze bekämpfen. D'DP ass dofir:

Die EU wird präventiv dabei helfen, die Lebensbedingungen und Perspektiven in den Herkunftsländern so zu verbessern, dass die Menschen sich überhaupt nicht auf den Weg in die Immigration aufmachen müssen. Um dieses Ziel zu erreichen, muss die europäische Entwicklungs-, Handels- und Sicherheitspolitik, zusammen mit den Empfängern der Entwicklungsgelder, effiziente Partnerschaften abschließen.

KPL: EU-Politik verstäerkt Ursaache vu Masseflucht

D'KPL gesäit hei ee ganz aneren Zesummenhank:

Die ständig wiederkehrende Behauptung, die "Fluchtursachen bekämpfen" zu wollen, hat sich als trügerisch herausgestellt, denn mit ihrer Politik der Unterstützung von Ländern und Gruppen, die in Syrien und anderen Staaten einen "Regimewechsel" herbeizuführen versuchen, sowie mit ihrer verstärkten Politik der neokolonialistischen Intervention in Afrika werden die Ursachen für die Massenflucht noch verstärkt.

D'EU an d'Migratiounspolitik - ee schwieregt a kontroverst Kapitel, wat sech also och och an de Wahlprogrammer vun de Lëtzebuerger Parteie weist.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.