Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Memberkaart fir d'Ukrain nach net prett

EU-Bäitrëtt vun der Ukrain

EU-Memberkaart fir d'Ukrain nach net prett

D'Haltung vum Europaparlament ass kloer - op mannst fir elo. An enger Resolutioun, déi gëscht mat grousser Majoritéit gestëmmt gouf, ginn d'EU-Institutiounen opgefuerdert, der Ukrain de Statut vun engem EU-Kandidat ze ginn.

auto_stories

4 min

Kuerz vrum Vott hat den ukrainesche President perséinlech d'Demande nach eng Kéier direkt un d'Plenière zu Bréissel geriicht. De Wolodymyr Selenskyj, dee per Video direkt bäigeschalt gi war, sot:

"Europa gëtt méi staark mat eis, ouni Iech ass d'Ukrain eleng. Beweist eis, datt Dir zu eis haalt, datt dir richteg Europäer sidd."

Reaktioun op Selenskyj-Demande éischter zeréckhalend

Déi Adresséiert ënnersträichen d'Solidaritéit mat der Ukrain. Wat d'Demande fir EU-Memberland ze ginn ugeet, héiert een awer Skepsis eraus.

Dat wier eng schwiereg Fro, gëtt de Conseilspresident Charles Michel zou. Et wier gewosst, datt d'Memberlänner op deem Punkt verschidde Meenungen hunn. D'Kommissioun sollt een Avis ausschaffen, dee géif dann ënnersicht.

"Le Conseil devra analyser cette demande symbolique, politique, forte et, je crois, legitime, qui a été exprimée."

D'Kommissiounscheffin hirersäits hat de Weekend duerch hir Ausso, "we want them in" - "mir wëllen si dobannen hunn", fir Opreegung gesuergt. D'Ursula von der Leyen sot:

"Et ass nach ee laange Wee a mir sollten iwwert déi nächst Schrëtt schwätzen."

Och de Chefspriecher vun der Kommissioun huet schonn an den Deeg virdru missen zeréckrudderen. Et wier net d'Kommissioun, déi déi Prozedur definéiert, sou den Eric Mamer.

"Prozedure mussen agehale ginn"

Op déi Prozedur pochen och eng Partie Europadeputéiert, dorënner Tilly Metz - och en vue vun deenen anere Kandidaten, déi scho laang ugeklappt hunn, fir an d'EU ze kommen.

Fir déi Lëtzebuerger Gréng musse verschidde Konditiounen erfëllt ginn - och wann et elo ganz aktuell net dorëms geet:

"Et ass net de Moment, fir iwwert sou Saachen ze schwätzen. Et ass Krich, mir mussen d'Ukrain op verschiddene Niveauen ënnerstëtzen. Dono kann een dann d'Prozedure mat Konditioune verknäppe fir dat déi Kandidatur un d'Rulle kënnt."

EU-Adhesioun ass ee laangwierege Prozess

D'Ukrain huet een Associatiouns-Accord mat der EU. Am Kader vum deem Accord gëtt och reegelméisseg gekuckt, wéi d'Land en vue vun den EU-Standarden do steet. Am leschte Rapport goufe Fortschrëtter ma och nach ëmmer Defiziter festgestallt, notamment wat de Rechtsstaat ugeet.

Eng Prozedur fir EU-Member ze ginn ass laangwiereg. Als Erënnerung: Nordmazedonien ass zanter 2005 offiziell eent vu fënnef EU-Kandidate-Länner. Déi richteg Bäitrëttsgespréicher hunn awer bis haut nach guer net ugefaangen.

Am Parlament hunn en Dënschdeg just 13 Deputéiert Neen zum Text gesot, an deem fir d'Ukrain de Statut vun enger EU-Kandidatur gefrot gëtt.

Rapid Evolutioun vun de Positiounen am Europaparlament

Beim leschte Vott iwwer d'Situatioun an der Ukrain am Dezember hat sech do een anert Bild gewisen. Deemools haten déi däitsch Sozialdemokraten zesumme mat Vertrieder vun der Extrème droite an der Gauche géint eng Resolutioun zur Ukrain gestëmmt. Och dono hat een sech dogéint ausgeschwat, d'Ukrain mat Waffen ze ënnerstëtzen.

Dorop ugeschwat, ob et him haut leed deet, datt d'SPD sech esou positionéiert huet, verweist de Jens Geier, de Chef vun der däitscher SPD-Delegatioun, drop, datt sech d'Situatioun elo anescht duerstellt.

"Wir haben uns so verhalten, weil wir die Hoffnung hatten, Russland in eine Situation einzuhegen, wo man zu einer Entspannung kommen kann. Das ist nicht möglich gewesen."

Och bei deene Gréngen hunn sech d'Positiounen deels geännert. Et géif ëmmer nach Diskussiounen doriwwer, ob een d'Ukrain mat Waffen ënnerstëtze soll, seet d'Tilly Metz. Déi Gréng haten sech nach am Dezember skeptesch par rapport zu Aussoe gewisen, et misst een eng Memberschaft vun der Ukrain an der Nato an der EU ënnerstëtzen. D'Argument deemools: Et wéilt een de russesche President Wladimir Putin net provozéieren.

Nach viru 14 Deeg hätt si aner Positioune gehat wéi elo, esou d'Tilly Metz. De Krich hätt dozou gefouert, datt déi evoluéieren.

"Dat huet sech elo immens zougespëtzt. Et muss een natierlech a ville Beräicher, eist Verhalen hannerfroen, par Rapport zur Ukrain, zu Russland - fir doraus ze léieren."