Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Grénge Label fir Gas an Atom

GRÉNG INVESTITIOUNEN

EU-Kommissioun: Grénge Label fir Gas an Atom

D'Europäesch Kommissioun huet Wëlles Atomkraaft a Energie aus Gas als "nohalteg" anzestufen. Si stellt sech domat hannert d'Fuerderung vu Frankräich a vu verschiddenen osteuropäeschen Länner. Lëtzebuerg hat sech zesumme mat Éisträichesch an Däitschland dergéint ausgeschwat.

auto_stories

3 min

Foto: dpa / Julian Stratenschulte

Lauschterenplay_arrow

Op deen Text war laang gewaart ginn, e sollt nach 2021 virleien, an d'Europäesch Kommissioun huet e schliisslech op Silvester kuerz vru Mëtternuecht per Email verschéckt.

Last-Minute-Email an der Silvesternuecht

Et wollt ee wuel déi méi roueg Feierdeeg ausnotzen, an der Hoffnung, datt déi ëmstridde Propose da fir manner Opreegung suergt.

D'Taxonomie ass eng Zort Klassement fir nohalteg ekonomesch Aktivitéiten. Schonn am Abrëll hat d'Kommissioun en Text presentéiert, doran awer déi zwee ëmstridden Beräicher Atomkraaft a Gas ewechgelooss. Um EU-Sommet gouf stonnelaang doriwwer gestridden. Verschiddener hu probéiert de Sujet erofzespillen, e géif iwwerbewäert sot den däitsche Kanzler Olaf Scholz:

"Die Taxonomie ist ein kleines Thema in einer ganz großen Frage."

Déi Fro ass duerchaus grouss, well de Klassement an der Taxonomie gëllt net nëmmen als Recommandatioun fir Investisseuren, ma och dofir, wéi eng Aktivitéit eligibel si fir eng Ënnerstëtzung duerch ëffentlech Gelder.

Atomzentralen si klimafrëndlech a nohalteg

Der Kommissioun no wier de Bau an de séchere Betrib vu neien Atomkraaftwierker konform mat der Taxonomie - dat heescht als nohalteg anzestufen. Dat gëllt fir Atomzentralen, déi bis 2045 eng Autorisatioun kruten. Den Offall gëtt net als prinzipiell problematesch ugesinn, sou laang dofir een detailléierte Plang virläit. Och Investitiounen a Atomzentralen déi schonn existéieren, an déi bis 2040 zougelooss ginn, kriten dee grénge Label. Dat nämmlecht gëllt ënner bestëmmte Konditioune fir Gas.

D'Kommissioun kënnt mat hirem Virschlag virun allem Frankräich ma och der tschechescher Republik oder Polen entgéint. Entspriechend positiv falen do d'Reaktiounen aus. Kritik kënnt aus Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg.

Kritiker kéinten an der Minoritéit sinn

D'Proposen (wier prozedural eng Provokatioun) a géif elo zesumme gepréift, schreift de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes op Twitter.

Méi däitlech dréckt sech d'Leonore Gewessler, éisträichesch Ëmweltministerin aus. Sollt den Text esou bleiwen, wéi en elo virläit, géing hiert Land dogéint vrum Europäesche Gerichtshaff kloen.

"Mir wäerten op jiddwer Fall all Moyenen, déi mer hunn weider benotzen", sou de Premier Xavier Bettel nom EU-Sommet zu Bréissel - och hien hat eng Plainte an Aussiicht gestallt.

Et kéint gutt sinn, datt eng Plainte deen eenzegen Wee ass, sech ze wieren. Well den Text kann zwar vun enger Majoritéit vun de Memberlänner an am Europaparlament refuséiert ginn - op béide Säiten ass awer net domat ze rechnen, datt d'Géigner genuch Stëmmen zesumme kréien.