Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun wëll Gentech-Reegele labberen

EUROPÄESCHE GREEN-DEAL

EU-Kommissioun wëll Gentech-Reegele labberen

Verschidde Genetesch modifizéiert Planze géifen net méi ënnert déi méi streng Reegele fir d'Autorisatioun falen a missten och net méi extra gekennzeechent ginn, proposéiert d'Kommissioun. Dat géif zum Beispill fir déi Zort vu neie Planze gëllen, déi och hätte kënnen duerch konventionell Methoden entstoen.

auto_stories

2 min

De Vizepresident vun der Kommissioun, de Frans Timmermans, huet e Mëttwoch d'Virdeeler vun deene Planzen erkläert.

"Nei Genom-Technike kënnen déi nämmlecht Resultater liwwere wéi eng natierlech Selektioun, just ebe vill méi séier, méi präzis a méi effikass."

Méi oder manner Pestiziden duerch Gentechnik?

De Frans Timmermans sot och, de Bauere stéingen duerch nei Gentechnik-Prozedure méi widderstandsfäeg Planzen zur Verfügung, déi manner Pestizide brauchen. D'Propos vun der Kommissioun wier wëssenschaftlech genee analyséiert ginn.

Kritik koum direkt vun Ëmweltschützer, awer och deene Gréngen an de Sozialisten aus dem Europaparlament.

Si pochen op de Prinzip vun der Precautioun. Déi nei Zort vu Gentech-Planze wieren net mat deenen, déi konventionell geziicht goufen, gläichzesetzen, seet d'Tilly Metz.

D'Argument, datt d'Baueren duerch déi nei Planze manner Pestiziden asetzen, dréint déi gréng Europadeputéiert ëm. D'Vergaangenheet hätt gewisen, datt ebe just bei genetesch verännerten Zorten, déi resistent géint verschidde Pestiziden sinn, dono méi gesprëtzt gouf, sou déi Lëtzebuerger Gréng.

"Jee méi een Herbizid-resistent Planze schaaft, desto méi Herbizide ginn agesat. Dat ass jo och dat wat d'Produzente vu Pestizide wëllen. Fir si ass et eng win-win Situatioun."

Fir Konsumenten, déi op Gentechnik verzichte wëllen, kéint et an Zukunft schwéier ginn, dat ze realiséieren, sou eng weider Kritik. Och d'Biolandwirtschaft kéint Problemer kréien duerch ongewollte Kontaminatiounen.

Zougeständnes u Géigner vum "Green Deal"

D'Kommissioun huet iwwerdeems och ee Plang fir méi gesond Biedem op den Dësch geluecht. Op mannst 60 Prozent vun de Biedem an der EU sinn an engem schlechten Zoustand. Zil wier et, bis 2050 just nach gesond Biedem ze hunn.

D'Propos wierkt awer éischter zeréckhalend. Een Tëschenzil fir eng Verbesserung bis 2030, wéi zum Beispill bei den Emissioune gouf net zeréckbehalen. Wollt een duerch deen neie Pak de Konservative Parteien entgéint kommen, déi d'Pläng vum europäesche "Green Deal" fir de Klimaschutz zur Zäit massiv a Fro stellen?

"D'Äntwert dorop ass kloer Nee.", sot dozou de Frans Timmermans.

Den hollännesche Sozialist steet awer ënner Drock. Viru Kuerzem ass säin Naturschutzgesetz an der Ëmweltkommissioun vum Parlament duerchgefall. Seng Pläng, den Asaz vu Pestiziden scho bis 2030 ëm d'Hallschent ze reduzéieren, stinn ënner Beschoss.

D'Virschléi vu gëschter solle méiglecherweis d'Gemidder berouegen.

"Mir hu probéiert, Brécken ze bauen. Vläicht kënnen dës Proposen hëllefen", sou de Frans Timmermans.