Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun stellt Reform vu Scholde-Reegele vir

Stabilitéitspak

EU-Kommissioun stellt Reform vu Scholde-Reegele vir

Wéi vill Scholden ee Land maachen dierf, ass an der EU gereegelt. Wien iwwer enger gewësser Limitt läit muss eng Prozedur iwwer sech ergoe loossen, déi festleet, wéi d'Schold ofgebaut soll ginn.

auto_stories

3 min

D'Reegele vum sougenannte Stabilitéitspakt sinn zanter Joren an der EU staark ëmstridden. Haaptsächlech sti sech zwee Campe géintiwwer: Déi eng, déi sech fir eng streng Spuerpolitik asetzen, an déi aner, déi fannen, d'Staate misste méi Spillraum fir Investitioune kréien.

D'Europäesch Kommissioun huet gëschter Propose fir eng Reform vun deem Pakt presentéiert. Där Reform no kréiche Länner mat héije Scholde méi Zäit, fir dee Bierg ofzebauen.

Ee Véierjoresplang fir d'Schold ofzebauen

De System soll méi einfach ginn: d'Länner kréie méi Spillraum, e soll awer méi streng duerchgesat ginn, sou de Vizepresident vun der EU-Kommissioun de Valdis Dombrovskis.

Un den ale Prinzippien, datt eng Neiverschëldung vun engem Land net iwwer 3 Prozent, an d'Gesamtschold net iwwer 60 Prozent vum PIB dierf leien, gëtt festgehalen.

D'Länner mat héije Scholde solle selwer ee Véierjoresplang areechen, dee festleet, wéi d'Schold ofgebaut ka ginn. Dee Plang kann op siwe Joer verlängert ginn.

Stabilitéitskrittären: "Ëmmer méi onrealistesch"

Datt déi al Reegelen net funktionéiert hunn, ass kee Geheimnis. Kaum ee Land hätt se agehalen, sot een héijen EU-Fonctionaire, si hätten en plus zu exzessiver Austeritéit gefouert.

"Den Echec léisst sech vläicht doduerch erklären, datt d'Reegelen ëmmer méi onrealistesch goufen", sou de Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni mat engem Hauch vu Selbstkritik.

A sengem Heemechtsland Italien waren d'Stabilitéitskrittäre besonnesch onbeléift. Dat nämmlecht gëllt fir Länner wéi Portugal oder Irland, géint déi Defizit-Prozedure mat strenge Spuerprogrammer ageleet goufen.

"Leit hunn doduerch hir Aarbecht, hiert Doheem oder souguer hiert Liewe verluer", sou eng iresch Journalistin op der Pressekonferenz, mat der Fro, ob d'Kommissioun, déi eng wichteg Roll an där Politik gespillt huet, sech dofir entschëllegt.

Dat hunn d'Representante vun der Kommissioun net gemaach. Virun hinne steet elo eng Diskussioun mat de Memberlänner, deenen hir Meenung nach ëmmer wäit ausenee leien.

Lëtzebuerg: Eenheetlech Reegele fir all d'EU-Memberlänner

Lëtzebuerg, wat bis elo net a Konflikt mat de Reegele geroden ass, wëllt sech dee Pak elo mol genee ukucken, sou d'Finanzministesch Yuriko Backes. Eng liicht Kritik ass awer erauszehéieren:

"Wat fir eis manner gutt wier, dat wier, wa mir elo an ee System verfalen, wou d'Kommissioun mat all Land eenzel eppes aushandelt, bis wéini wat muss geschéien. Et kann een dat awer verstoen, well d'Situatioun effektiv an all Land anescht ass. Mir wëlle kloer stellen, datt d'Reegelen déi selwecht si fir all Land."

Déi sou genannte "gëlle Reegel" gouf net zeréckbehalen. Si gesäit vir, datt bestëmmten Depensen aus dem Beräich Klimaschutz oder Digitaliséierung aus dem Budget erausgerechent géife ginn. Dofir hate sech verschidde Länner agesat, och dat dierft fir Diskussioune suergen.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.