Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Selektiv Präislimitt um Stroum-Marché

ENERGIEPRÄISSER

EU-Kommissioun: Selektiv Präislimitt um Stroum-Marché

D'Europäesch Kommissioun schafft un enger Propos mat Mesurë fir der Hausse vun de Stroumpräisser entgéint ze wierken. Dozou gehéiert et och, de Stroumpräis ënner bestëmmte Konditiounen ze limitéieren. D'Mesurë sollen dee nächste Freideg op der Spezial-Reunioun vun den Energieministeren diskutéiert ginn.

auto_stories

3 min

Engem Pabeier no, deen der Agence Europe virläit, ass d'Kommissioun iwwerzeegt, datt ee Pak vun dräi verschidde Mesuren néideg ass, fir géint eng weider Hausse vun der Präisser virzegoen.

Demande no Stroum reduzéieren

Éischtens misst d'Demande fir Elektrescht reduzéiert ginn. Änlech wéi beim Gas, kéint d'EU sech hei ee konkret Zil fir esou eng Reduktioun ginn.

D'Kommissioun léist et hei op, ob dat Zil fir d'Memberlänner obligatoresch wier, oder ob si sech wéi beim Gas just fräiwëlleg engagéieren missten.

Deem Plang no kéinten Entreprisen, déi selwer proposéieren, manner Stroum ze verbrauchen, dofir Kompensatioune kréien. Dernieft kéinten och privat Stéit, déi Elektrescht doheem aspueren, vum Staat belount ginn.

Limite fir "inframarginal" Technologien

Déi zweet Mesure wier eng Präislimitt - allerdéngs keng generell - mee eng op bestëmmten Energiesourcen, déi d'Kommissioun an hirem Pabeier "inframarginal" Technologien nennt.

Gemengt ass Stroum, deen aus Atom-, Wand- oder Solarkraaft, awer och Biogas oder Kuel produzéiert gëtt. D'Produktiounskäschten heifir si vill méi niddereg ewéi fir Stroum, deen aus Gas hiergestallt gëtt.

De Präis um Energiemaart orientéiert sech awer um Stroum aus Gaskraaftwierker, deemno sinn d'Profitmarge vun deenen anere Stroumproduzente vill méi héich - an hei kéint eng Limitt ugesat ginn, sou d'Kommissioun.

D'Mesure wier net kompatibel mat Steieren, déi op engem Iwwerschoss vum Profit erhuewe kéinte ginn, wéi dat verschidde Memberlänner envisagéieren, heescht et am Pabeier.

D'Kommissioun spezifizéiert och hei net, ob déi proposéiert Mesurë vun der Memberlänner alleguerte missten ëmgesat ginn, oder ob et sech bei där Propos just ëm eng Recommandatioun géif handelen, an d'Applikatioun deemno fräiwëlleg wier.

Kee generelle Plaffong

Nieft dësen dräi Mesuren zielt d'Kommissioun der dann och nach eng Partie op, déi hirer Meenung no net sollten zeréckbehale ginn. Dozou gehéiert eng generell Limitt um Stroumpräis - oder awer d'Subventionéiere vu Gaskraaftwierker, wéi dat Spuenien mécht, oder eng Präisregulatioun wéi a Griicheland, genee ewéi staatlech Ënnerstëtzung fir Käschten, déi duerch den Emissiounshandel entstinn.

D'Kommissioun baséiert hir Proposen op der Analys, déi si vum aktuelle Stroummarché mécht: De Marché erlieft eng Kris mat Präisser, déi staark klammen, well se un de Präis vum Gas gekoppelt sinn.

D'Situatioun ass nach méi ugespaant, well déi franséisch Atomreaktere manner Stroum liwweren, Däitschland aus der Atomenergie erausgeklommen ass, an d'Rekordtemperaturen am Summer dofir gesuergt hunn, datt de Verbrauch vum Elektreschen duerch d'Klimaanlage méi héich wéi soss war.

Zil wier et, sou d'Kommissioun, ze verhënneren, datt elo d'Memberlänner ënnerschiddlech Mesuren huelen, fir op d'Hausse vun de Präisser ze reagéieren. Well dann, sou d'Kommissioun, d'Energieversuergung eventuell net méi garantéiert wier.