Radioen

On air

De Moien  |  Electric Light Orchestra - Don't Bring Me Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun proposéiert grénge Covid-Pass

EU-IMPFCAMPAGNE

EU-Kommissioun proposéiert grénge Covid-Pass

Bis den 17. Mäerz soll eng legal Propose fir een digitalen Pass um Dësch leien, deen och mat Rechter op de Grenzen verbonne wier. Wéi eng dat genee solle sinn, ass nach net kloer. D'Iddi ass an der EU ëmstridden, Lëtzebuerg ass net begeeschtert.

auto_stories

5 min

D'Annonce e Méindeg koum iwwerraschend, nach dozou op Twitter: Nach am Mäerz soll ee Gesetz fir een digitale grénge Pass presentéiert ginn, heescht et an engem Tweet vun der Kommissiounscheffin.

Et geet net nëmmen ëm d'Impfen: an deem Pass soll een entweder gewuer ginn, ob eng Persoun geimpft gouf, ob si Tester gemaach, oder ob si no enger Covid-Erkrankung nees gesond ass.

Pass mat méi ewéi just Impf-Informatiounen

"D'Kommissioun schafft un enger Gesetzespropos", confirméiert mëttes de Kommissiounsspriecher Christian Wiegand. "D'Zil soll et sinn, eng sécher a fräi Zirkulatioun an der EU ze erliichteren." An zwar fir ze schaffen oder fir den Tourismus, dat preziséiert d'Ursula von der Leyen an hirem Tweet.

Nach déi lescht Woch hat sech dat anescht ugehéiert op der Pressekonferenz nom EU-Sommet, op deem déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer de Sujet diskutéiert haten.

D'Kommissioun géif deen technesche Volet vun engem Impf-Zertifikat koordinéieren, dat heescht dofir suergen, datt d'Dokumenter aus den eenzel Länner standardiséiert ginn, sou d'Kommissiounspresidentin en Donneschdeg. D'Zil wier et, datt ee Pass eng Zort Barcode huet, deen iwwerall an der EU, a vläicht och doriwwer eraus, gelies ka ginn.

Fräi Zirkulatioun an der EU "erliichteren"

Allerdéngs: "Dat dauert seng Zäit, op d'mannst dräi Méint", sou d'Ursula von der Leyen. Elo awer soll scho bis an zwou Wochen ee Projet de loi ausgeschafft ginn, dee wäit iwwer esou een Zertifikat erausgeet.

Wat huet dat eent mam aneren ze dinn? D'Propos fir de Pass baséiert op deem Zertifikat, explizéiert de Chef-Porte-parole vun der Kommissioun Eric Mamer. Et géif net drëm goe Leit, déi net geimpft goufen, eppes ewechzehuelen, sou den Porte-parole. Et geet drëm dofir ze suergen, datt déi fräi Zirkulatioun weider garantéiert ass.

Allerdéngs stelle sech do duerchaus eng Partie Froen, well genee dat Recht steet per EU-Vertrag jiddwer EU-Bierger zou, an zwar och ouni Impfpass.

Um Sommet hate sech awer virun allem Länner wéi Griichenland, fir déi den Tourismus besonnesch wichteg ass, fir d'Iddi vun engem gréngen Impfpass staark gemaach. Lëtzebuerg ass bis elo net wierklech begeeschtert dovun.

Och aner Länner, wéi zum Beispill d'Belsch hu sech dogéint ausgeschwat, bestëmmte Rechter mat engem Impfpass ze verbannen.

Paulette Lenert: Eng ongesond Diskussioun

Et ass verfréit, Konsequenzen un d'Impfen ze knäppen, sou déi lescht Woch d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op eis Nofro hin. D'Impfe wier fräiwëlleg an dat soll och esou bleiwen. An sou laang net gewosst ass, ob ee Geimpften de Virus nach ka viruginn, kéint een net iwwer extra Rechter schwätzen.

"Mir si matten an der Pandemie dran, dofir fannen ech déi Diskussioun eigentlech ongesond. D'Leit si scho nervös a si stelle sech vill Froen ronderëm d'Impfung, dat doten dréit net zur Serenitéit bäi."

Ee standardiséierten Impf-Zertifikat wier awer eppes, wat Lëtzebuerg géif begréissen, sou d'Gesondheetsministerin. Un deem Zertifikat gëtt bis elo just an e puer Länner geschafft, zu Lëtzebuerg ass dat nach net de Fall, sot eis en Donneschdeg de Premier. Op d'Fro, ob een do net riskéiert dono den Zuch ze verpassen, sot de Xavier Bettel d'Diskussioun op EU-Niveau wier bis elo just eng technesch:

"Mir si nach net esou wäit, fir kënnen ze soen, wat d'Preparativen an deenen eenzele Länner sinn. Am Moment muss d'éischt emol festgehale ginn, wéi eng Donnéeën an déi Zertifikater kommen, dat dauert nach bis d'grouss Vakanz, an da wäerten och d'Aarbechte lafen."

Elo kéint dat also méi séier goen.

A ganz um Ufank steet een an deem Prozess och net. Well Fakt ass, datt d'Gesondheetsminister aus de 27 EU-Länner, dorënner och Lëtzebuerg, sech schonn Enn Januar driwwer eens gi sinn, wat an deem Zertifikat stoe soll. Deene Richtlinnen no géif an deem Dokument den Impf-Datum, d'Zuel vun den Dosissen, d'Land, wou d'Sprëtz gemaach gouf an awer och de Numm vum Vaccin genee ewéi vu wiem en zougelooss gouf, festgehale ginn.

Debatt iwwer grénge Pass um nächsten EU-Sommet

Um nächsten EU-Sommet, de 25. a 26. Mäerz, solle sech d'Staats- a Regierungscheffe mat der Propos vun der Kommissioun ausenee setzen.

Ob et dono wierklech schëtzeg geet, ass awer alles anescht wéi sécher. Un engem eenheetlechen Formulaire fir Leit, déi an der EU verreesen, enger sougenannter "Passenger Locator Form", gëtt zanter Méint geschafft, si sollt bis Enn des Joers do sinn, ass awer nach ëmmer an der Maach.

Beim Impfpass ass den Drock méi grouss, well d'Hoffnung am Tourismussecteur, an net nëmmen do, wiisst, datt dee Pass een Entréesbilljee fir méi labber Mesurë kéint sinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.