Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Coffee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Klimagesetz: Et gi verschidde Rechnunge gemaach

EU-KLIMAZILER

EU-Klimagesetz: Et gi verschidde Rechnunge gemaach

D'EU gouf sech eens iwwer ee Klimaschutz-Gesetz: Bis 2050 soll d'EU klimaneutral ginn, bis 2030 sollen d'Emissiounen op mannst ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Déi eng schwätze vun engem historesche Gesetz, déi aner vun engem groussen Echec.

auto_stories

4 min

D'Debatten haten, wéi sou dacks an der EU bis an de fréie Moie gedauert. Si wier midd an awer och stolz, sot um Mëttwoch déi schwedesch Sozialdemokratin Jytte Guteland. Dat heite wier een historescht Gesetz. Eent, wat d'Potential huet, dofir ze suergen, datt d'EU sech un d'Klimaziler hält, déi am Paräisser Accord festgehale goufen.

Dobäi steet awer fest, datt d'Parlament bei deene Verhandlungen huet misse vill Waasser a säi Wäin schëdden. Zum Beispill beim Zil, datt d'EU soll bis 2050 klimaneutral ginn. Dat Zil gëtt zwar schrëftlech fir d'ganz EU festgehalen. Et goufen awer net, wéi d'Parlament et gefuerdert hat, genee Engagementer fir all Memberland definéiert.

Michael Bloss: "De Kär vum Green Deal gouf verkaf"

Och d'Zil vun op d'mannst minus 55 Prozent manner CO2 bis 2030 ass zwar eng Hausse par rapport zu deem wat aktuell gëllt, läit awer däitlech ënner dem, wat d'Parlament gefrot hat.

Den Europadeputéierte vun deene Gréngen, de Michael Bloss, deen och bei de Verhandlungen derbäi war, schwätzt vun engem Echec. Hei géif de Kär vum Green Deal - deem ambitiéise Plang also vun der Europäescher Kommissioun fir d'Klima ze retten - verkaf.

Fir den däitsche Grénge war ee virun allem en vue vum Rendezvous vun haut um "Earth day", engem Klima-Sommet op Invitatioun vum amerikanesche President Joe Biden, presséiert. "Et gouf vill Drock, fir datt d'EU bis dohin een Text an der Hand huet, wat do dra steet war egal."

Pascal Canfin: "D'Gesetz ass ee Game Changer"

Eng haart Analys, déi esou nach laang net vu jidderengem am Parlament gedeelt gëtt. Beim President vun der Ëmweltkommissioun zum Beispill, dem Pascal Canfin, fält se ganz positiv aus.

"Dat Gesetz ännert alles", seet hien. Net nëmme wier et fir d'éischte Kéier op der Welt, datt d'Klimaneutralitéit schrëftlech festgehale gëtt. Och d'Reduktiounszil bis 2030 ass fir hien akzeptabel, hie rechent et héich. "Mir kéinte bis op 57 Prozent manner CO2 bis 2030 kommen", sou de franséische Politiker vu "La République en Marche".

Eng Rechnung, déi och d'Sozialiste maachen. Si beruffen sech drop, d'Europäesch Kommissioun hätt versprach, d'Bestëmmungen doriwwer, wéi natierlech CO2-Späicheren, wéi zum Beispill Bëscher, mat aberechent ginn, an engem extrae Reglement nei ze definéieren.

Allerdéngs läit dat nach net fir. An anerer, wéi den Däitsche CDU-Politiker Peter Liese - hunn do gëscht e bësse gebremst.

"D'Gesetz schwätzt kloer vu 55 Prozent", sou den Europadeputéierten. Hie betount datt dëst Gesetz am Fong genee deem entsprécht, fir wat sech seng Partei vun de Chrëschtdemokraten agesat huet. Grouss Deeler vun hinnen haten dat méi ambitionéiert Zil vun de 60 Prozent Reduktioune bis 2030, dat d'Parlament majoritär festgehalen hat, net matgedroen.

Ee Jo vum Europaparlament schéngt sécher

A Wierklechkeet ginn d'Engagementer awer nach manner wäit, seet iwwerdeems de Grénge Michael Bloss. Dat well d'Länner bei de Reduktiounsziler hir aktuell CO2-Späichere kënne mat urechnen, a fir deen Deel also keng zousätzlech Efforte maache mussen. Fir de Michael Bloss gouf hei ee Rechentrick gemaach. Och d'Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz vun deene Grénge geet dovun aus, datt déi Reduktiounsziler fir 2030 net dozou féiere, datt d'Paräisser Klimaziler agehale ginn.

Trotzdeem dierft dat Gesetz, iwwer dat d'Parlament nach ofstëmme muss, vun enger Majoritéit aus Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberale mat gedroe ginn.

Fir d'sozialistesch Europadeputéiert Jytte Guteland steet all Zäit fest, datt d'Europäesch Unioun sech duerch dat Gesetz déi éischt Plaz am Klimaschutz geséchert huet.

Déi richteg Rechnung gëtt dann eréischt an e puer Joer gemaach, wa ka gemooss ginn, op déi Mesuren effektiv fir manner Emissioune gesuergt hunn an de Klimawandel konnt gestoppt ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.