Fräihandelsaccord EU-Japan EU gëtt sech anti-protektionistesch

D'EU ass, am Géigesaz zu den USA, fir de fräien Handel. Dat ass de Message, deen d'Europäesch Kommissioun kuerz virum G20 Sommet wollt an d'Welt erausschécken. Japan an d'EU si sech iwwert ee Fräihandelsaccord eens ginn. An de Beräicher Investoreschutz, Datesécherheet an Emweltschutzstandarden bleiwe vill Froen op .

Danièle Weber / cs

Japanesche Premier Shinzo Abe, Donald Tusk, Jean-Claude Juncker op PK no Sommet
De Japanesche Premier Shinzo Abe, den Donald Tusk an de Jean-Claude Juncker nom Eu-Japan-Sommet (Foto: picture alliance / Photoshot)

D'EU a Japan si sech iwwert ee Fräihandelsofkommes eens ginn. Deen Accord de principe, deen elo steet, koum no bal 14 Joer Verhandlungen zestanen. Zum Schluss ware béid Partië ganz presséiert fir dee provisoreschen Accord virzestellen. Dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no géifen déi europäesch Produzenten eng Milliard un Douanestaxen aspueren. Deen Accord wier och am Interessi vun der EU, wëll all d'Norme respektéiert wieren.

EU setzt op fräien Handel - USA net

D'Virdeeler vum Accord wiere grouss, Japan ass ee vun de gréissten Handelspartner vun der EU an d'Betriber kéinten an Zukunft hir Produite méi séier a méi einfach a Japan liwweren, seet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Mat deem Accord wéilt een och en Zeeche setzen, datt d'Europäesch Unioun op ee fairen a fräien Handel setzt a sech net ofschotte léisst.

Virun allem dee Message soll op Hamburg op de G20 Sommet geschéckt ginn. D'EU grenzt sech domat vun den USA of a steet fir de fräien Handel. D'USA dogéint stinn neierdéngs, ënnert dem President Donald Trump, fir Protektionismus.

Greenpeace: Detailer am Accord feelen

Et bleiwen nach vill Froen op, warnt de Jürgen Knirsch vum Greenpeace-Büro zu Bréissel. Suerge mécht hie sech iwwert den Investoreschutz an iwwert d'Datesécherheet. Am Ofkommes wieren eng Rei wichteg Froen ausgeklamert ginn, wéi zum Beispill d'Mënscherechter. Elo hätt een en Text deen den Erwaardungen net entsprécht.

Greenpeace hat virun ee puer Wochen Extraiten aus dem provisoreschen Accord mat Japan geleakt. D'Ëmweltschutzorganisatioun koum do zur Konklusioun datt am Géigesaz zu deem wat d'EU-Kommissioun behaapt, déi europäesch Standarden net respektéiert ginn. Beim Fräihandelsaccord mat den USA war dat och de Fall, sou Greenpeace.

Thinktank: Signal vun EU fir oppene Welthandel

Am Géigesaz zu Greenpeace mengt de Fabian Zuleeg, Generaldirekter vum Thinktank European Policy Centre, datt deen Accord ee Signal ass, datt Japan an d'EU un een offene Welthandel gleewen. Iwwerdeems géife béid Länner weiderhin Institutiounen ënnerstëtze wéi d'Welthandelorganisatioun.

De Fabian Zuleeg ass och net averstane mat der Kritik vu Greenpeace, datt et am Accord keng konkret Moossname gëtt fir d'Paräisser Klimaschutzofkommes ëmzesetzen. Hien denkt, datt souwuel d'EU wéi och Japan sech, onofhängeg vun deem Ofkommes, zum Paräisser Accord bekennen.

D'Fro vum Investoreschutz steet awer nach op. Dat war ee vun de gréisste Sträitpunkte bei de Verhandlungen iwwert CETA, seet de Fabian Zuleeg.

EU ass, grad ewéi d'USA, protektionistesch

Wuel plädéiert den US-amerikanesche President Donald Trump fir eng protektionistesch Handelspolitik. D'EU wier awer net kredibel wa se géif behaapten, datt d'europäesch Unioun net protektionistesch wier.

Tëscht der EU a Japan gouf et ganz haart Verhandlungen iwwer d'Ouverture vun de Mëllech- a Fleeschmäert. Wann een d'Negociatiounen mam Latäinamerikanesche Mercosur ënnert d'Lupp hëlt, gesäit een, datt et op béide Säite Wirtschaftsinteressie gouf, wéi am Secteur vum Zocker oder vum Fleesch. D'Länner sinn alleguerten protektionistesch, seet de Jürgen Knirsch. De Greenpeace Aktivist gëtt och zou datt, am Géigesaz zu CETA oder TTIP, d'Organisatioune sech elo eréischt dermat befaassen.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker rechent dogéint net mat gréissere Problemer. Den JEFTA, den Accord tëscht der EU a Japan, kéint schonn 2019 a Kraaft trieden.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Donald Trump a seng Fra Melania kommen zu Hamburg um Fluchhafen un Analys
Wirtschaft

Zu Hamburg ass de G20-Sommet. Et ass dem Donald Trump seng zweet Auslandsrees. Ee vu senge grousse Rendez-vousen ass dee mam russesche President Vladimir Putin. Wat sinn déi amerikanesch Perspektiven?

Xavier Bettel
Fräihandelsaccord EU-Kanada

D'EU-Kommissioun wëll déi national Parlamenter net an d'Decisioun iwwer de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada abannen. De Premier Xavier Bettel bréngt juristesch Schrëtter géint déi Approche an d'Gespréich.

Raymond Aendekerk
Raymond Aendekerk am Gespréich

De Raymond Aendekerk ass neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. Säin neit Mandat kënnt parallel mam Leak vun TTIP-Dokumenter. Hie rechent net mat engem séieren Accord zwëschent Europa an den USA.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen