De Krich huet trotz de Previsioune vun den USA virun allem dee westlechen Deel vun der EU iwwerrascht. Nach e puer Deeg virum russeschen Amarsch hat de Lëtzebuerger Ausseminister der Diplomatie an deem Konflikt gutt Chancen ausgerechent.
"Do gesäit et jo net esou schlecht aus", sou de Jean Asselborn de 25. Januar zejoert am 100 Komma7-Interview.
"Mir hunn ee Prozess ugebueden a mir wëllen kucken d'Suergen déi Russland huet, ze probéieren mat de Waffen vun der Diplomatie eng Léisung ze fannen."
De Premier Xavier Bettel war op där nämmlechter Linn.
"Dialog , Diplomatie an Deseskalatioun ass dat, wat wichteg ass."
Osteuropäesch Länner hunn de Risiko anescht ageschat
Anerer, virun allem Vertrieder aus Osteuropa hu vrun der Gefor gewarnt an scho Méint vrum Krich dofir plädéiert, der Ukraine méiglechst massiv militäresch ënnert d'Ärm ze gräifen. "Dat ass dat, wat déi baltesch Länner scho gemaach hunn", sot ee Mount vrum Krich de Gabrielis Landsbergis, de litaueschen Ausseminister.
Trotz där ënnerschiddlecher Aschätzung huet d'EU net gezéckt, séier ze reagéieren, wéi de Krich uegfaangen huet, seet d'Amanda Paul, vum "European Policy Centre".
"D'EU war sech direkt eens, d'Ukrain z'ënnerstëtzen, politesch a militäresch, eppes wat nach ni do war. D'EU huet eng radikal Kéier geholl an net wéi soss bei Krisen an der Noperschaft reagéiert."
Gasembargo gouf (bal) obsolet
Deels hefteg Diskussioune gouf et awer iwwert d'Ausmooss vun de Sanktiounen, déi d'EU géint Russland op de Wee bruecht huet.
Um Ufank gouf virun allem iwwert ee komplette Gasembargo gestridden, well dee Russland am meeschte getraff hätt. Virun allem Däitschland, wat staark vu russeschem Gas of houng, huet do blockéiert. Ma och Lëtzebuerg war ënnert de Skeptiker, aus Angscht virun ekonomesche Konsequenzen.
Deen Embargo gëtt et bis haut net, allerdéngs huet d'Europäesch Unioun et fäerdeg bruecht, den Undeel vu russeschem Gas vu 40 op 10 Prozent erofzedrécken, sou déi neisten Zuele vun der Internationaler Energie-Agence.
Dat war schlussendlech net esou schwéier, wéi geduecht, sou d'Amanda Paul.
"Et gouf vill Horrorgeschichten iwwert d'Konsequenzen, ma um Enn gouf dat séier realiséiert."
Militäresch Hëllef bléift ënner de Verspriechen
Net genuch ass an den Aen vun der Expertin a Saache militäresch Hëllef fir d'Ukrain geschitt. D'Ukrain waart nach ëmmer op Waffeliwwerungen, fir déi sech d'Länner engagéiert haten.
"Dat ass eng Schan a leider Deel vun der Strategie, der Ukraine genuch Waffen ze ginn, fir Russland e bëssen zeréckzestoussen, awer net genuch fir de Krich ze gewannen."
De Jean Asselborn huet, wéi vill anerer op deem Punkt seng Meenung geännert. Vrum Krich war hien dogéint, d'Ukrain opzerëschten, haut seet hien, et géif keng aner Méiglechkeet.
"Et gëtt nëmmen ee Wee. De Putin setzt schwéier militärescht Gerät an et muss änlech Gerät agesat ginn, fir datt sech d'Ukrain wiere kann. Deen eenzegen, deen de Krich muer stoppe kann, dat ass de Putin selwer. Mee dat ass net de Fall, an dofir musse mer, de Putin an eng Situatioun bréngen, wou hien agesäit, datt en d'Ukrain net ka briechen."
Am anere Fall, sou de Jean Asselborn, géif Russland een Duerchmarsch duerch d'Ukrain maachen "a muer aner Länner iwwerfalen", sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat des Woch am 100Komma7-Interview.
Deen éischten Deel vun deem Krich, sou d'Amanda Paul hätt iwwerdeems schonn 2014 ugefaangen, wéi Russland an d'Krim amarschéiert ass. Deemools hätt d'EU ze schwaach an net gëeent reagéiert. Enner anerem dat hätt de Wladimir Putin dovun iwwerzeegt, deen zweeten Deel vum Krich vru genee engem Joer ze lancéieren.