Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU finanzéiert Liwwerunge vu Waffen a Material an d'Ukrain

Krich an der Ukrain

EU finanzéiert Liwwerunge vu Waffen a Material an d'Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'EU-Ausseministeren si sech gëschter Owend an enger Videokonferenz driwwer eens ginn, eng 20 russesch Oligarchen, Politiker an Geschäftsleit op d'Lëscht vun de Sanktiounen ze setzen. Transaktioune mat der Russescher Zentralbank sollen an der EU verbuede ginn. Eng Partie russesch Banke sollen iwwerdeems vum Informatiounsaustausch-System "SWIFT" ausgeschloss ginn. D'EU wëllt och eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Et ass fir d'éischt, datt d'Europäesch Unioun esou eng Mesure hëlt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Et ass effektiv fir d'éischte Kéier, datt d'Europäesch Unioun Liwwerunge vu letalen, also déidleche Waffe finanzéiert. Dozou gehéiere konkret och Kampffliger, sou den EU-Chefdiplomat Josep Borell. "Mir schwätzen net nëmmen iwwert Munitioun, mee iwwer wichteg Waffe fir Krich ze féieren", sou de Spuenier.

D'Material soll vun allen 27 EU-Länner geliwwert ginn, dorënner och Lëtzebuerg. De Verdeedegungsminister Francois Bausch wëllt d'Chamber de Moien doriwwer informéieren. D'Liwwerunge riichte sech no enger detailléierter Demande vun der Ukrain.

D'Land soll och anert Material, wéi Helmer, schosssécher Westen an éischt Hëllef-Kitten an Héicht vu 50 Milliounen Euro kréien. D'EU hëlt déi Suen aus der sougenannter "Europäescher Friddens-Facilitéit". Dat Instrument gëtt et zanter zejoert an ass am EU-Budget mat fënnef Milliarden Euro dotéiert.

Weider Sanktioune kéinten de Gas- an Uelegsecteur viséieren

Eng Partie russesch Banke sollen iwwerdeems vum Banken-Informatiouns-System SWIFT ausgeschloss ginn. D'Detailer dozou mussen awer nach ausgeschafft ginn. Op d'Fro vun enger ukrainescher Journalistin, firwat een net all d'russesch Banke blockéiere wëllt, sot den EU-Chefdiplomat - de Finanzsystem misst weider funktionéieren. Haut am Laf vum Dag soll d'Lëscht vun de concernéierte Banken, déi och mat den USA ofgeschwat gouf, publizéiert ginn. Et gëtt Hiweiser dorop, datt de Gas- an Uelegsecteur eventuell net drënner falen.

Wat d'Effikassitéit ugeet, dierften d'Sanktioune vis à vis vun der russescher Zentralbank mat wichtegste sinn. D'Hallschent vun hirem Verméige wier duerch déi Mesuren agefruer, sou den EU-Chefdiplomat.

RT a Sputnik solle verbuede ginn

D'EU wëllt och russesch Propagandamedien RT a Sputnik verbidden. Dat war gëschter Nomëtteg d'Annonce vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Wéi genee esou ee Verbuet soll ausgesinn, ass iwwerdeems net kloer. Et hätt een technesch Moyenen, sou gëschter Owend de Josep Borrell ouni awer ze soen, wéi eng dat kéinte sinn.

Diskussiounen iwwer Fluchtstréim huet och ugefaangen

D'EU-Inneministeren hu gëschter Sonndeg iwwert den Ëmgang mat de Refugiéen aus der Ukrain beroden. Et misst ee sech drop astellen, datt sech Millioune vu Leit op de Wee maachen, fir aus dem Land ze flüchten, sot déi fir d'Migratioun zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson. Si huet proposéiert eng Direktiv ze applizéieren, déi de Refugiéen eng temporär Protektioun garantéiert. Lëtzebuerg ass do dofir. En Donneschdeg soll doriwwer eng Decisioun op enger weiderer Reunioun vun den zoustännege Ministeren zu Bréissel geholl ginn.