Den europäeschen Energiemaart wier vill méi stabil ewéi nach zejoert, sou d'EU-Kommissärin fir Energie, Kadri Simson. Dat wier op d'Mesuren zeréckzeféieren, déi d'EU op europäeschem Niveau geholl huet. Trotzdeem géif de Marché sensibel bleiwen.
Der Tabell no, déi vun der Europäescher Gas-Infrastruktur lafend à jour gehale gëtt, sinn aktuell an der EU iwwer 1.000 Terawatt Stonne Gas gespäichert. Dat heescht, datt 90,12 Prozent vun de Gasspäichere voll sinn.
Net all d'Memberlänner hunn dat Zil vun de 90 Prozent erreecht. Déi allermeescht sinn awer no drun.
"D'Länner hu verstanen, datt et extreem wichteg ass, d'Späicheren nees opzefëllen, a mir sinn do um richtege Wee", sou de Kommissiounsspriecher Stefan de Keersmaecker.
Lëtzebuerg notzt Späicheren an Däitschland a gëtt an där Tabell net extra ernimmt.
D'EU ass gutt preparéiert
D'Deadline fir d'Gasspächeren op 90 Prozent opzefëlle war schonn zejoert am Fréijoer op den 1. November fixéiert ginn. Am Mee 2022 si sech d'Memberlänner eens ginn, datt bis op deen Dag zejoert op mannst 80 Prozent an dëst Joer 90 Prozent vun de Späicheren misste voll sinn.
Datt een dat Zil elo scho Mëtt August erreecht huet, wier een Zeechen dofir, datt d'EU gutt preparéiert an de Wanter geet an et géif och hëllefen, d'Marchéë fir déi nächst Méint ze stabiliséieren, gëtt d'EU-Kommissärin fir d'Energie, Kadri Simson an engem Communiqué zitéiert. Et hätt een allerdéngs an de leschte Woche gesinn, datt de Gasmarché sensibel bleift.
De Wanter kéint trotzdeem schwéier ginn
Voll Späichere wiere keng Garantie dofir, datt d'EU net awer neie Spannungen um Energiemaart ausgesat ass, hat Mëtt Juli déi International Energie-Agence gewarnt. De Wanter kéint trotzdeem schwéier ginn, am Fall wou d'Temperature ganz niddereg sinn a Russland de Gaskrunn zoudréint. Dat kéint fir Schwankunge bei de Präisser féieren, esou d'IEA. D'EU importéiert nach ëmmer ronn zéng Prozent vu sengem Gas aus Russland, dobäi kënnt nach de Flësseg-Gas.