Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Conseil ass sech eens iwwer Energiemesuren

Energiekris

EU-Conseil ass sech eens iwwer Energiemesuren

Um EU-Conseil vun den Energieminister hunn d'Memberstaate sech fir Noutmesuren ausgeschwat fir d'Energiemarchéen ze stäipen an d'Konsumenten ze entlaaschten. Parallel soll d'Versuergungssécherheet garantéiert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Iwwer véier vun de fënnef Virschléi, déi elo un d'EU-Kommissioun ginn, wier ee sech eens ginn, sou de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes. Zur Debatt stounge Mesuren um Stroum- an um Gasmarché.

Well d'Stroumproduzenten deels riseg Beneficer wéinst den héije Präisser maachen, soll elo kënnen agegraff ginn: de Virschlag vu Däitschland wier zeréckbehale ginn, seet de Claude Turmes am 100,7-Interview.

D'EU-Kommissioun wäert déi nächst Woch een Text preparéiere mat Prezisiounen, wéi si déi Suen asammele kann an un d'Verbrauche weider ka ginn.

Fir Lëtzebuerg géif sech d'Fro stellen, ob dat iwwerhaapt Sënn mécht, well ee just 15 Prozent vum Stroum selwer produzéiert.

Gaspräis soll falen

Net zeréckbehale gouf de Virschlag vun engem Präisdeckel fir russesche Gas. Hei wëllt ee méi differenzéiert virgoen, seet de Claude Turmes:

Do war lo vill Skepsis am Raum virun allem, well elo vill osteuropäesch Staate sinn, déi nach bal zu 100 Prozent vum russesche Gas ofhängeg sinn, an da riskéiere mir déi dann ze vill an d'Laberenten ze bréngen, an dat, wat awer méi diskutéiert ginn ass an och zeréckbehale ginn ass, dat ass méi am Allgemengen dofir ze suergen, datt de Gaspräis fält, engersäits doduercher, datt mir déi Akafsplattform, déi mir gegrënnt hunn, nach méi effikass funktionéiert."

Zwar gouf sech prinzipiell fir eng Interventioun um Gasmarché ausgeschwat, d'Staaten an d'Kommissioun wëlle sech hei awer nach méi Zäit gi fir Léisungen ze fannen. Virun allem och mussen esou Decisioune mat Norwegen an verschidden asiatesche Staaten ofgeschwat ginn, déi a Konkurrenz mam Client EU stinn.

Versuergungssécherheet soll assuréiert sinn

Eens war ee sech och iwwer Programmer fir Stroum ze spueren, änlech wéi dat scho beim Gas geschitt ass. Parallel soll séchergestallt ginn, datt déi grouss Importateure finanziell ofgeséchert sinn, fir datt d'Versuergungsketten hannendrun net kollabéiert.

D'EU-Kommissioun soll bis Mëtt nächster Woch Texter fäerdeg stellen, déi da bis Enn des Mounts vun de Staaten ugeholl solle ginn.