Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Budget: Europaparlament kéint Nee soen

NOM EU-SOMMET

EU-Budget: Europaparlament kéint Nee soen

Fir datt den EU-Budget a Kraaft triede kann, muss d'Europaparlament säin Accord ginn. Ob dat geschitt, ass awer nach guer net sécher. En Donneschdeg gëtt iwwer eng Resolutioun ofgestëmmt, an dat kéint spannend ginn. Och d'Reaktioune bei de Lëtzebuerger Europadeputéiert sinn éischter skeptesch.

auto_stories

6 min

Foto: EP / Pietro Naj-Oleari (Archiv)

Nom Duerchbroch gëschter um EU-Sommet iwwer ee Finanzpak vun 1,8 Billiounen Euro sinn d'Diskussiounen doriwwer nach net eriwwer. Fir datt den EU-Budget vun 2021 un a Kraaft triede kann, muss d'Europaparlament säin Accord ginn.

Resolutioun: Accord an der aktueller Form gëtt net akzeptéiert

Ee Jo vum Parlament ass awer nach net an dréchenen Dicher. D'Parlament géif et begréissen, datt d'Staats- a Regierungscheffe sech iwwer ee Plan de relance eens gi sinn, fir de Länner aus der Kris ze hëllefen, heescht et am Brouillon vun enger Resolutioun, iwwer déi en Donneschdeg ofgestëmmt gëtt.

Allerdéngs steet do och dran: "D'Parlament akzeptéiert de politeschen Accord iwwer de pluriannuelle Budget 2021 bis 2017 an der aktueller Form net."

An éischte Reaktiounen hu sech eng ganz Partie Europadeputéiert effektiv enttäuscht gewisen iwwer den Accord, deen d'Staats- a Regierungscheffen en Dënschdeg de Moien no deeglaange Verhandlunge fonnt haten.

Kierzunge bei Zukunftsprojeten

Grënn dofir gëtt et der eng ganz Partie. Zum Beispill deen, datt d'Rabatter op déi national Contributioune fir den EU-Budget ze fidderen, vun deene verschidden EU-Länner profitéieren, bäibehale ginn.

D'Parlament wollt déi lassginn. Elo goufen se am Contraire deels verduebelt, reegt sech de Marc Angel vun de Sozialisten op.

"Et war gesot, déi Rabatter, déi op d'Madamm Thatcher zeréckginn, géifen elo ofgeschaaft ginn. Elo gi se och nach erhéicht!"

Fir déi Hausse ze finanzéieren, gouf op anere Plazen de roude Bic am Budget ugesat. Ee Posten am Fonds de Relance fir de Gesondheetsprogramm EU4health - eng Äntwert op d'Corona-Kris - ze finanzéieren, gouf ganz gestrach.

An Zäite vun enger sanitärer Kris wier dat net akzeptabel, fënnt déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Och bei den Investissementer an d'Recherche an de Kampf géint de Klimawiessel oder an d'ländlech Entwécklung gouf gekierzt. Domat hätt de Fonds de relance, deen offiziell den Titel "Next Generation EU" dréit, säin Numm net verdéngt, seet d'Tilly Metz.

"Datt elo ausgerechent an den zukunftsorientéierte Beräicher gekierzt gouf, ass net dee richtege Message."

Gréisste Kritikpunkt: Rechtsstaat-Mechanismus

Wien de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet net respektéiert, soll keng Sue méi vu Bréissel kréien, respektiv bestrooft ginn, esou eng zentral Fuerderung vum Europaparlament.

Grad op deem Punkt ass den Text, deen d'Europäesch Kommissioun proposéiert hat, elo awer e puermol am Laf vun de Verhandlunge geännert ginn. Net zum positiven, wéi vill Europadeputéiert soen.

Ufanks war vun engem System vu Konditioune rieds, déi mussen erfëllt ginn, fir iwwerhaapt Suen ze kréien. Wien déi net erfëllt, gëtt vun der Kommissioun sanktionéiert, esou de Plang. A just wann d'Memberlänner sech ongerecht behandelt fillen, da géif doriwwer ofgestëmmt ginn, ob déi Sanktiounen a Kraaft bleiwen oder net.

Elo steet just am Text, datt d'Kommissioun esou ee Regimm ausschaffen a Mesurë proposéiere soll. Mesuren, déi da vun de Länner musse majoritär ugeholl ginn.

Dem Premier Xavier Bettel seng Liesaart vun där Ännerung war kuerz nom Sommet positiv. Endlech géif de Lien mat den europäesche Wäerter gemaach ginn.

"Dat ass eng nei Etapp. Europa ass net nëmmen d'Distributioun vun deene Fongen, mee et ass och de Respekt vun deene Wäerter."

"Kommissioun muss Garantië liwweren"

Fir de Marc Angel awer ass deen neien Text awer däitlech méi schwaach. Ursprénglech wier d'Suspensioun vun de Sue virgesi gewiescht, am Fall, wou ee sech net un d'Wäerter hält. "Elo wësse mer net genee, wat d'Kommissioun an esou engem Fall proposéiert."

Do gouf d'Chance verpasst, Neel mat Käpp ze maachen, fënnt d'Tilly Metz. "Et gëtt keng kloer Konditionalitéit festgehalen", esou déi gréng Europadeputéiert.

De Charel Goerens vun der DP hätt do gäre kloer Aussoen, kloer Engagementer vun der Kommissioun, wéi dat Instrument konkret soll ausgesinn.

"Ech hu ganz konkret Erwaardungen un d'Europäesch Kommissioun. Well si ass déi, déi dem Parlament kann déi néideg Assurance ginn."

Och fir de Christophe Hansen, Europadeputéierte vun der CSV, feelt et do u Prezisiounen.

"Mir brauchen ee ganz geneeën Zäitplang doriwwer, wéi dee Rechtstaats-Mechanismus soll ëmgesat ginn."

Esou Garantië kéint d'Kommissioun allerdéngs à ce stade just mëndlech en Donneschdeg am Debat an der Plenière vum Parlament liwweren. Well um Text kann d'Parlament näischt änneren, dat gëtt de Christophe Hansen zou.

"Amendementer sinn net méiglech. Mee d'Parlament kann Nee soen, an esou wéi den Accord elo ass, hunn ech vu vill Leit bei eis an der Fraktioun héieren, datt si esou mam Pak net liewe kënnen."

Parlament prett, "konstruktiv ze verhandelen"

An deene Fraktioune gëtt elo hefteg diskutéiert. Den Drock op d'Parlament ass grouss. Well elo deen Accord, deen no zéien deeglaange Verhandlungen zustane koum, net unzehuelen, kéint heeschen, datt d'Ausbezuele vun de Sue retardéiert gëtt.

An der Resolutioun, iwwer déi en Donneschdeg ofgestëmmt gëtt, steet och, datt d'Parlament prett ass "direkt konstruktiv Verhandlunge mat de Memberlänner opzehuelen, fir d'Propose ze verbesseren".


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.