Radioen

On air

Tockcity  |  Juniore - Le Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Budget: de Sträit ass nach net um Enn

EU-FINANZPAK

EU-Budget: de Sträit ass nach net um Enn

Dës Woch si sech d'Europaparlament an d'Memberlänner no Méintlaangen Diskussiounen eens ginn iwwer den EU-Budget. D'Parlament schwätzt vun enger Victoire. Wat verstoppt sech hannert deem Budget? A kënnen Ungarn a Polen dee Pak nach blockéieren? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Daniele Weber ass EU-Korrespondentin vum 100,7. Foto: Archiv

Wat huet d'Europaparlament konkret erreecht?

Am Fong eng ganz Partie: eng zentral Fuerderung war jo, datt dee Budget misst eropgesat ginn.

Wat den EU-Budget vu ronn enger Billioun Euro ugeet, hat d'Parlament ganz ursprénglech emol ee Plus vun 100 Milliarden Euro gefrot. Dat gouf dono revidéiert, och well ee wosst, datt d'Memberlänner sécher net op dee Wee géife goen, dee Pak, deen si mat esou vill Méi ausgehandelt hunn, nach eng Kéier ganz opzemaachen.

D'Staats- a Regierungscheffen haten am Juli bal véier Deeg iwwer dee ganze Pak verhandelt, zu deem och de Fonds de Relance mat 750 Milliarden Euro gehéiert.

Wat de Budget ugeet, sou huet d'Parlament et erreecht, datt en ëm 16 Milliarden Euro eropgesat gouf. Dat ass net immens vill, mee et kann een trotzdeem vun engem klenge Succès vum Parlament schwätzen.

Wou sollen déi Suen dann agesat ginn?

Do läit deen eigentleche Succès, well d'Parlament huet et effektiv fäerdeg bruecht, datt op wichtege Posten nogebessert gouf

Zum Beispill bei der Recherche, dem "Horizon Europe", hei ass et ee Plus vu véier Milliarden Euro, oder beim Studenten-Austauschprogramm Erasmus, an deen elo och zwou Milliarden Euro méi investéiert ginn, wéi dat virdru geplangt war.

An dann, wat a Pandemie-Zäiten net ganz onwichteg ass: de Gesondheetsberäich. Do haten d'Staats- a Regierungscheffen, zum Onverständnis vu ville Leit de roude Bic ugesat an dee Posten drastesch gekierzt.

Elo geet en nees vun 1,7 op 5,1 Milliarden Euro erop. Dat ass fir d'ganz EU ëmmer nach net vill, mee et ass ëmmerhin eng Verdräifachung an dorop ass d'Parlament besonnesch stolz.

Wou kommen déi zousätzlech Suen dann elo hir?

Hei huet d'Parlament eppes duerchgesat, wat et am Fong scho laang fuerdert.

Dee gréissten Deel vun deenen zousätzlech 16 Milliarde kënnt nämlech aus Strofen, déi Entreprisë musse bezuelen, wa se sech net un d'EU-Reegele vun der Kompetitivitéit halen. Wa se zum Beispill géint d'Kartell-Rechter verstoussen.

Déi Suen si normalerweis un d'Memberlänner zeréckgelooss a sollen elo op mannst zu engem Deel am EU-Dëppe bleiwen. Do kommen, hunn ech mer soe gelooss, all Joers grouss Zommen eran.

Wat d'Recetten am Allgemengen ugeet, huet d'Parlament et iwwregens och fäerdeg bruecht, datt d'EU sech elo een Zäitplang gëtt, fir méi eege Recetten ze kréien, also Steieren, déi dann net an déi national Keesen, mee an d'EU-Keese fléissen.

Dat war ee Punkt, an deem d'Staats- a Regierungscheffe ganz vage bliwwe sinn. Ausser bei enger Plastikssteier hate si sech net konkret festgeluecht.

Aner Steieren, wéi eng Digitalsteier, oder nei Recetten am Emissiounshandel oder awer eng CO2-Ausgläichssteier goufen zwar ernimmt, ouni awer Detailer festzeleeën, wéi een do virgoe soll. D'Parlament huet elo erreecht, datt genee Datume festgeluecht goufen, bis wéini d'Kommissioun eng Propose fir déi Steieren anzeféieren, maache muss.

Domat sinn déi Steieren allerdéngs nach net Realitéit. Well ëmgesat an akasséiert gi mussen se vun de Memberlänner. A bis dohin ass et nach ee laange Wee.

Déi zousätzlech Recettë ginn allerdéngs no 2027 immens wichteg. Well da muss ugefaange ginn d'Suen aus dem Fonds de Relance zeréckzebezuelen, dee jo bei de Budget derbäi kennt an de Länner aus der Kris hëllefe soll. Dat si Scholden, déi d'EU mécht a fir déi zeréckzebezuelen, ginn zousätzlech Recettë ganz dringend gebraucht

D'Parlament hat sech och dofir agesat, datt an Zukunft d'Ausbezuele vun EU-Suen u Konditioune geknäppt gëtt, datt ee sech och un d'Grondwäerter vun der Unioun hält. Och do gouf nogebessert. Ass dee Mechanismus dann effikass?

Dat muss sech natierlech nach an der Praxis weisen. Op alle Fall geet deen Text, deen elo zeréckbehale gouf, däitlech méi wäit wéi dat, wat déi däitsch Presidence als Kompromëss virgeluecht hat. Esou wéi do de Mechanismus beschriwwe gouf, wier en warscheinlech um Enn sou gutt wéi ni agesat ginn.

D'Parlament huet duerchgesat, datt d'Konditioune vill méi breet sinn. Datt de Mechanismus net just da gräift, wann EU-Suen kloer mëssbraucht ginn, wann zum Beispill Korruptioun virläit.

E kann och declenchéiert ginn, wann de Justizapparat an engem Land net als onofhängeg gëllt an dowéinst d'Kontroll vum Asaz vun de Suen net garantéiert ass.

Och d'Méiglechkeet fir d'Staats- a Regierungscheffen dee ganze Mechanismus ze blockéiere gouf méi kleng gemaach.

Et gëtt eng Partie Juristen-Experten, déi zum Schluss koumen: dee Mechanismus ass nach laang net perfekt, mee d'Parlament huet dat Schlëmmst verhënnert an dofir gesuergt, datt eng Grondlag do ass, fir een effikasst Instrument. Et ass ëmmerhi fir d'éischte Kéier, datt esou ee Mechanismus an der EU a Kraaft trëtt.

Dee Mechanismus gefält allerdéngs dem ungaresche Premier Viktor Orban an aneren net. A si menacéieren elo domat, hirersäits de Fonds de Relance ze blockéieren. Wéi geet et elo virun?

Ungarn huet ee Bréif un d'Kommissioun geschriwwen an dreet effektiv domat. A wéi gëscht bekannt gouf, huet och Polen dat elo gemaach a sech géint dee Mechanismus ausgeschwat a mat engem Veto gedreet.

Béid Länner kënnen sech queesch stellen, wann et ëm d'Deblockéiere vun de Mëttele geet. Allerdéngs ass et ongewëss, ob si dat um Enn wierklech maachen. Well si selwer zu engem groussen Deel vun EU-Mëttelen ofhänken a zum Beispill och vum Fonds de Relance largement profitéiere géifen. Si géife sech also selwer bestrofen.

Fir datt de Fonds ausbezuelt ka ginn, mussen elo op nationalem Niveau d'Ratifikatiounsprozesser an de nationale Parlamenter ulafen. Däitschland wëllt dat bannent zwee Méint maachen. Vu Lëtzebuerg héiert een, datt een och séier prett wier.

Am éischten Trimester 2021 kéinten déi Sue fléissen, op déi verschidde Länner dringend waarden, wann d'Memberlänner sech elo tommelen. De Ball läit elo bei hinnen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.