Radioen

On air

Resonanzen  |  Friedrich Burgmüller - Dräi Nocturnen, I. Andantino - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU bréngt zweete Sanktiounspak op de Wee

Ukrain-Konflikt

EU bréngt zweete Sanktiounspak op de Wee

D'EU huet gëschter Owend op engem Spezial-Sommet ee weidere Pak vu Sanktioune géint Russland op de Wee bruecht. Betraff sinn de Finanz-, den Energie an den Transport-Secteur. Dernieft solle weider Persounen op d'Sanktiounslëschte gesat ginn, an et soll zu Ännerungen an der Visapolitik par Rapport zu Russland kommen. Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe ware sech séier eens. Un den eenzelen Aussoe virun der Reunioun konnt een awer duerchaus ënnerschiddlech Approchen eraushéieren.

auto_stories

4 min

Zil war et virun allem Unitéit ze demonstréieren ënner de 27 Staats- a Regierungscheffen. Wat d'Resultat ugeet, ass dat gelongen. Schonn no enger hallwer Stonn louche schrëftlech Konklusiounen um Dësch, an deenen och déi grouss Linne vum Sanktiounspak gezu goufen.

Bei de Sanktiounen géint de Finanzsecteur geet et drëm, dat russesch Banken keng Sue méi an der EU léine an och keng verléine kënnen. Am Transportsecteur soll déi russesch Aviatioun vu Liwwerunge vun Ersazdeeler ofgeschnidde ginn.

Ukrainesche President war dem Sommet bäigeschalt

Ee Pak, dee scho laang virbereet war, an iwwer deen ee sech um Enn wuel och ouni gréisser Diskussiounen eens ginn ass.

Konklusioune wiere séier ugeholl ginn an dat wier e staarkt Zeechen, esou de Premier Xavier Bettel no der Reunioun gëschter zu Bréissel. Och den ukrainesche President Selenskyj wier dobäi geschalt ginn.

Doorstep Interview mam Xavier Bettel virum Sommet

Virun der Reunioun awer haten déi 27 e bëssen een anert Bild gebueden.

Do gouf et der, déi méi virsiichteg waren, wéi den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz. Hie wollt trotz där massiver russescher Attack net iwwer dat eraus goen, wat scho virdrun als Sanktiounen ausgeschafft gi war.

Ausschléissung aus dem Swift-System staark ëmstridden

Fir anerer, wéi de belsche Premier awer sollt een elo alles op den Dësch leeën, wat een u Sanktiounen huet. Een drëtte Paak, sou den Alexander de Croo sollt et net ginn.

Domat hat sech de Belsch och dofir ausgeschwat, datt een eng vun de wuel schäerfsten ekonomesch Kaarten zéie soll, nämlech Russland aus dem System Swift, wat Transaktiounen tëscht Banken erméiglecht, auszeschléissen. Eng ëmstridde Mesure, déi um Enn net zeréckbehale gouf. Op der Brems stoungen hei der DPA no ënner anerem Däitschland, Eisterräich an Italien.

Doorstep Interview mam Xavier Bettel nom Sommet

Ënner anerem den iresche Premier, de Michael Martin, hat sech fir déi strengste Sanktiounen ausgeschwat, besonnesch am Finanz-, Energie- an Transportsecteur.

Manner forsch ass iwwerdeems de Lëtzebuerger Premier opgetrueden:

"Ech kucken elo wéi den Echange leeft. Mir wäerten näischt blockéieren. Wat wichteg ass, datt wa mer Sanktiounen huelen, déi och fir aner Partner, wéi Groussbritannien, wéi d'Schwäiz, wéi Amerika och gëllen. Mir dierfe keng nei Schlupflöcher schafen, déi duerch d'Net-Applikatioune Méiglechkeete wieren."

Zu deenen, déi däitlech Wierder fonnt hunn gehéieren da virun allem déi, déi historesch méi enk Liene mat Russland hunn. "Mir ware net decisiv genuch, fir Russland vun dësem Schratt ofzehalen", stellt de litauesche President Gitanas Nauseda fest. Et misst een doraus Léieren zéien.

"Ëstlech Flank vun der NATO verstäerken"

D'Argument, d'Ukrain misst drop verzichten, Member vun der Nato ze ginn, fir esou Russland ze berouegen, gëtt vun deenen ëstleschen EU-Memberen iwwregens ëmgedréint. De lettesche Premier Krijansi Karins sot:

"Fir eis ass d'Nato eng Verdeedegungs-Allianz. Länner wéi mir wollten an d'Nato, well mer eis vu Russland bedreet gefillt hunn. D'Nato ass keng Menace fir de Putin, et ass déi ukrainesch Onofhängegkeet an Demokratie, déi hien zerstéiere wëll an dogéint musse mir eis wieren."

Och de Polnesche President Mateusz Morawiecki setzt éischter op eng méi staark, wéi eng méi schwaach Nordatlantik-Allianz:

"Mir mussen déi ëstlech Flank vun der Nato verstäerken, fir all weider Aggressioun vun dësem aggressive Staat, der russescher Federatioun ze verhënneren."

Polen huet déi längste Grenz mat der Ukrain - an ass sech deemno méi ewéi bewosst, datt déi russesch Bedreeung elo ëmmer méi no réckelt.

De Xavier Bettel huet och gesot, datt een iwwer en drëtte Pak u Sanktioune géing schaffen. Onkloer bleift, wat genee muss geschéien vu russescher Säit, fir datt dee géif a Kraaft trieden. De Lëtzebuerger Premier hofft weiderhin op eng Deseskalatioun.

Haut am Nomëtteg kommen zu Bréissel d'Ausseministeren zesummen, fir d'Detailer vum Sanktiounspak duerchzehuelen an d'Mesuren formell ze adoptéieren.

De Jean Asselborn, dee jo positiv op Corona getest gouf, ass nees gesond a wäert bei der Reunioun zu Bréissel derbei sinn