Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU bleift gespléckt iwwer Corona-Bonds

EU-Finanzministeren iwwer Corona-Kris

EU bleift gespléckt iwwer Corona-Bonds

Wéi äntwert d'EU ekonomesch op d'Corona-Kris? Bis elo leien d'Meenunge wäit auseneen. D'Diskussioun iwwer déi sougenannte Corona-Bonds gëtt ganz emotional geféiert. Den Ausgang ass ongewëss a kéint Konsequenze fir den Zesummenhalt an der EU hunn.

auto_stories

4 min

Verléiert d'Europäesch Unioun Italien? Déi Fro huet sech gëschter déi brittesch Financial Times gestallt. Masseweis géifen an Italien iwwerzeegte Pro-Europäer zu Euroskeptiker ginn. Et gëtt virdru gewarnt, datt d'Zukunft vun der EU a Gefor ass, wann Europa sech net méi solidaresch weist.

Am Kär vun der Debatt steet ee Sujet, iwwer deen haut d'EU-Finanzministeren diskutéieren an iwwer deen een déiwe Gruef duerch d'EU geet: A wéi engem Ausmooss sollen d'EU-Länner eng gemeinsam wirtschaftlech Äntwert op d'Corona-Kris ginn?

Ëmmer méi Proposen - mee kee Kompromëss en Vue

Déi eng wëllen do méi wäit goe wéi déi aner, an et leie mëttlerweil eng ganz Partie Proposen um Dësch.

Frankräich gehéiert wéi Lëtzebuerg zu deenen néng Länner, déi sech fir Corona-Bonds ausgeschwat hunn. D'Iddi geet op déi vun den Eurobonds zeréck. Dat si gemeinsam europäesch Emprunten, vun deenen d'Länner profitéiere kéinten a fir déi een zesummen d'Garantie iwwerhëlt. Vehement dogéint si Länner wéi Holland, Finnland oder Däitschland.

Konkret proposéiert Frankräich elo een europäesche Fonds, dee "soll de wirtschaftlechen Ustouss ginn, dee néideg ass, wann déi gesondheetlech Kris eriwwer ass", esou de franséische Finanzminister Bruno Lemaire. "Dëse Fonds géif Emprunten erausginn, mat enger gemeinsamer Garantie vun allen EU-Memberstaaten".

Frankräich: EU-Fonds mat Bonds

Genee dat awer wëlle Länner wéi Däitschland guer net.

Si fäerten, datt si duerno fir Länner mat enger schwaacher Ekonomie opkomme mussen. Den däitsche Finanzminister Olaf Scholz huet sech dowéinst fir Kreditlinnen ausgeschwat, déi aus dem Europäesche Stabilitéitsmechanismus, dem ESM, ervir géife goen. Dës Kéier méi onkomplizéiert, wéi dat soss de Fall ass. Also ouni datt eng Troika aus Europäescher Zentralbank, Kommissioun an Internationalem Wärungsfong aktiv gëtt.

Den ESM ass net dat richtegt Instrument, seet awer den italienesche Premier Guiseppe Conte: "Den ESM ass net ubruecht an esou enger Kris. En ass an engem anere Kontext gegrënnt ginn, d'Reegelen sinn net ugepasst."

Wann, da missten déi Reegele komplett geännert ginn an et dierften keng Konditiounen un d'Sue geknäppt ginn, esou säi Message.

An engem Interview mat Radio 24 huet den italieneschen Europa-Minister Enzo Amendola un der Iddi vun de Corona-Bonds festgehalen. "Mir verlaangen net, dat Schold mutualiséiert, mee datt de Risiko zesummegedroe gëtt. De Risiko vu Rezessioun ka kee Land eleng droen, och net dat stäerksten EU-Land."

Och de spuenesche Premier Pedro Sanchez hält u Corona-Bonds fest.

EU-Kommissioun huet keng gemeinsam Positioun

D'Europäesch Kommissioun huet bis elo net gehollef, d'Grief tëschent de Länner méi kleng ze maachen. Am Contraire, d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet duerch dat, wat si iwwer Corona-Bonds an engem Interview mat der dpa sot, just nach Ueleg an d'Feier geschott.

Eurobonds ass ee Schlagwuert, sou d'Presidentin, d'Bedenke vun Däitschland an anere wiere berechtegt. De Chef-Spriecher vun der Kommissioun, den Eric Mamer, hat dorops hunn all Hänn voll ze dinn, fir d'Saach nees riichtzebéien.

"Dat Wuert Schlagwort gouf iwwersat als Slogan, gemengt ass awer ee Konzept, ee Schlësselwuert", huet hie probéiert, d'Gemidder ze berouegen. De Schued awer war gemaach, an aus Italien an Spuenie koume rose Reaktiounen.

D'Kommissioun huet missen zeréckrudderen. Et géifen den Ament all d'Méiglechkeeten vun den EU-Finanzministeren gepréift, huet et duerno an engem Communiqué geheescht.

Iwwer d'Instrument Corona-Bonds schéngt ee sech an der Kommissioun selwer net ganz eens ze sinn. D'Diskussioun géif leider ideologesch geféiert ginn, hat den EU-Kommissär Nicolas Schmit am 100,7-Interview gesot - an huet sech net direkt festgeluecht. Fest stéing, datt gemeinsam Instrumenter gebraucht ginn, fir aus der Kris erauszekommen, esou de Nicolas Schmit.

Ursula von der Leyen: d'Léisung läit am EU-Budget

D'Kommissioun selwer hätt nach keng gemeinsam Positioun, huet gëschter hire Spriecher Eric Mamer betount. Zwee Kommissären, den Italiener Paolo Gentiloni an de Fransous Thierry Breton hu sech hirersäits an engem Zeitungsartikel fir een neien europäesche Fonds ausgeschwat. Si schéngen also dem Bruno Lemaire seng Iddi opzegräifen. D'Kommissiouns-Cheffin Ursula von der Leyen huet sech hirersäits dofir ausgeschwat, d'Léisung am europäesche Budget ze sichen.

Iwwer dee Budget si sech d'Staats- a Regierungscheffen op hirem Spezial-Sommet am Februar bekanntlech net eens ginn. Dat war nach virun der Corona-Kris. Den Debat gëtt elo, matten an der Kris, sécher net méi einfach.