Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Better Way To Live Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gespenst vum TTIP light geeschtert duerch d'EU

EU-Handelspolitik

D'Gespenst vum TTIP light geeschtert duerch d'EU

Als Auswee aus der Handelskris mat den USA hu verschidde Politiker eng Light-Versioun vum ëmstriddenen TTIP-Ofkommes an d'Spill bruecht. D'EU huet den Ament kee Mandat dofir, soe Kritiker. Den aktuellen Trend, fir déi kontrovers Schiidsgeriichter aus Handelsaccorden erauszehuelen, gëtt iwwerdeems vun TTIP-Géigner net gutt opgeholl. Domat ëmgeet d'EU-Kommissioun d'Kritik, sou hiert Argument. D'Prozedur gëtt méi efficace, soen déi aner.

auto_stories

4 min

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel soll op hirer Visite beim amerikanesche President dovu geschwat hunn, den italienesche Wirtschaftsminister Carlo Calenda fuerdert e ganz direkt: een TTIP Light Ofkommes mat den USA als laangfristeg Léisung fir de Sträit ëm Stroftaxen.

Am Interview mam italienesche Radio 24 seet den EU-Kommissär Jyrki Katainen net direkt neen: "D'EU kann net menacéiert ginn, weder duerch d'USA nach duerch een Aneren. Mir verhandelen am Numm vun eise Memberlänner a mir sinn ëmmer prett mat den USA iwwer Handelssujeten ze diskutéieren, mee op enger gläichberechtegter Basis".

EU ass prinzipiell prett, ze verhandelen

"Sou bal d'EU permament vun de Stroftaxe befreit ass, sti mir zur Verfügung, fir un engem positiven trans-atlanteschen Ordre du jour iwwer Handel ze schaffen, sot och de Spriecher vun der Kommissioun, den Enrico Brivio, Enn der leschter Woch:

Geet et dem italienesche Minister no, sollt d'EU een Accord mat den USA ustriewen, an deem all déi ëmstridde Punkten ewech gelooss ginn.

Weder hien nach déi däitsch Kanzlerin hunn e Mandat, doriwwer ze schwätzen, reege sech déi europäesch Gréng an engem oppene Bréif un d'EU-Handelskommissärin Cecila Malmström op. Handelspolitik ass eng Kompetenz vun der EU, heescht et am deem Schreiwes.

Net esou streng gesäit dat déi handelspolitesch Spriecherin vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament, Godelieve Quisthoudt-Rowohl. Et wier sécher net virgesinn, elo direkt ze verhandelen, fir dann bannent dräi Woche keen Handelsaccord um Dësch ze hunn, sou d'Europadeputéiert. Et wier awer duerchaus sënnvoll a legitim doriwwer nozedenken.

"EU-Kommissioun ëmgeet Kritiker"

Sënnvoll ass fir déi däitsch Europadeputéiert mat flammännesche Wuerzelen och een Trend, deen et den Ament an der Kommissioun gëtt.

Ëmmer méi dacks proposéiert Bréissel, den Deel vun den ëmstriddenen Investiouns-Schiidsgeriichter aus den Accorden erauszehuelen.

Dat ass richteg, sou d'Europadeputéiert a verweist op een Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff. D'Geriicht hat virun engem Joer dekretéiert, datt notamment den Investitiounsschutz ënner d'Kompetenz vun de Memberlänner an net vun der EU fält.

Vu datt domat den Haapsträitpunkt evakuéiert ass, wier ze erwaarden, datt de Ratifizéierungsprozess däitlech méi kuerz gëtt, seet de Gabriel Siles-Brügge, Professor fir Politik op der Uni zu Warwick.

D'Kommissioun géif der Kritik vun den ONGen awer domat aus dem Wee goen.

Den Expert vun der englescher Uni gesäit och en Nodeel fir d'EU am neien Trend. D'Kommissioun géif en Drockmëttel verléieren, andeems se op komplizéiert national Prozedure verweise muss.

TTIP-Kritiker géint Splitting

Déi ugeschwate Kritiker vun TTIP oder CETA reagéieren erwaardungsgeméiss net positiv op de Splitting vun Handelsaccorden.

D'Beispill vu Ceta, dem Deal tëscht der EU a Kanada hätt gewisen, wéi wichteg et ass, datt national Parlamenter mat schwätze kënnen, seet de Fabian Flues vu Friends of the Earth. Doduerch wieren déi wichtegst Sträitpunkten eréischt op den Dësch komm. Et sollt een dowéinst national Parlamenter éischter nach méi fréi an d'Prozedur abannen.

Paradoxerweis ass d'ONG hei awer och net d'accord domat, d'Diskussiounen iwwer d'Investitioune just an de Parlamenter doheem ze féieren. Friends of the Earth gesäit hei d'Gefor vun enger Renationaliséierung vum Debat.

Italien, déi nächst Wallonie?

Net d'accord ass d'chrëschtdemokratesch Europadeputéiert Godelieve Quisthoudt-Rowohl Rowohl. Si freet sech doriwwer, datt d'Prozedur méi efficace gëtt.

Dem Lissabonner EU-Vertrag no wier Handel eng EU a keng national Kompetenz, an a punkto Demokratie gesäit si och kee Problem, well schliisslech d'Europaparlament säin Accord zu Handelsverträg gi muss. An och dat Parlament wier, wéi all déi aner, demokratesch legitiméiert.

Egal wéi ass d'EU gespléckt an der Fro vun den Handelsaccorden. Virun allem a verschiddene westeuropäesche Länner gëtt et vill Kritik. Och an Italien. Mat der Fënnef-Stäre-Beweegung kéim beispillsweis eng TTIP Géignerin un d'Rudder.

Ass Italien déi nächst Wallonie? Et ass ze fréi, dat ze soen, sot déi lescht Woch d'Handelskommissärin Cecilia Malmström. D'Kommissioun géif ofwaarden, an da mat där neier italienescher Regierung zesummeschaffen.

Wat den Handel ugeet, huet Bréissel grouss Ambitiounen. Nom Accord mat Mexiko soll dee mat de Mercosur-Länner geschwë stoen. Och Verträg mat Australien an Neuseeland sinn an der Maach.