Radioen

On air

Notturno  |  Feist - In Lightning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU am Kampf géint déi héich Energiepräisser

EU-ENERGIEPOLITIK

D'EU am Kampf géint déi héich Energiepräisser

Wéi soll d'EU op d'Hausse vun den Energie-Präisser reagéieren? Spuenien fuerdert zum Beispill, datt d'EU soll zesumme Gas akafen. Aner Länner, dozou gehéiert Lëtzebuerg, setzen drop, datt de Marché d'Situatioun laangfristeg reegelt.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / Ezio Gutzemberg

Virun allem Spuenien, wat vill vum Gas ofhänkt, ass ganz staark vun den héijen Energie-Präisser betraff a mécht Drock.

Drock, datt d'EU soll méi staark involvéiert ginn, datt d'Länner eventuell zesumme solle Mesuren huelen, fir déi Kris ze meeschteren.

Europäesch Äntwert op héich Präisser

"Mir hunn eng Partie Proposen un d'Europäesch Kommissioun gemaach, a mir géifen déi gären mat eise Kolleegen aus de Memberlänner diskutéieren", sou déi spuenesch Ëmweltministerin Teresa Ribeira déi lescht Woch zu Bréissel.

Mat am Gepäck hat si ee Pabeier, an deem si d'Europäesch Kommissioun opfuerdert, flexibel Richtlinnen opzestellen, déi de Länner verschidden Optioune bitt, fir d'Konsequenze vun der Hausse ofzefiederen.

An deem Pabeier warnt déi spuenesch Regierung och, datt d'Akzeptanz géintiwwer Klimaschutz-Mesurë kéint rapid ofhuelen, an enger Zäit vun iwwerzunne Stroumpräisser.

Konsumente géifen net dovu profitéieren, datt haut massiv Stroum aus erneierbaren Energiequellen um Maart ass, dee vill méi bëlleg ass - well de Präis vun de Kraaftwierker, déi mat Gas oder Kuel bedriwwe ginn, diktéiert gëtt. D'EU bräicht politesch Moyenen, fir direkt op déi dramatesch Entwécklungen ze reagéieren.

Sujet um EU-Sommet

D'Europäesch Kommissioun hat versprach, haut eng Geschierkëscht mat méigleche Mesuren ze presentéieren. Dat gouf awer elo op déi nächst Woch verluecht.

De Sujet ass delikat, et géif méi Zäit gebraucht ginn, huet et gëscht an der Kommissioun geheescht.

An der Tëschenzäit ass de Sujet zur Chefsaach ginn - an zwou Woche soll um EU-Sommet och iwwer d'Hausse vun den Energiepräisser geschwat ginn.

Et schéngt awer lo scho kloer, datt sech d'Länner net eens sinn, wéi d'EU hei soll virgoen. Déi eng wënschen sech méi Interventioun, déi aner manner.

De Maart wäert dat laangfristeg reegelen, sou een héijen EU-Diplomat. Där Meenung ass och de gréngen Lëtzebuerger Energieminister, eng Iwwerzeegung, déi jo dacks éischter vu liberaler Säit kënnt.

Kuerzfristege Phenomen

Déi aktuell Hausse ass temporär, seet de Claude Turmes. Dat géif ee gesinn, wann ee sech déi zukünfteg Entwécklung ukuckt. D'Präisser a Kontrakter, déi elo fir d'Joren 2024 - 2025 ofgeschloss ginn, wieren nees däitlech méi niddereg.

"Do ass de Präiss ënner 20 pro Mwh - elo ass en bei 80 - 20 ass do wou en normalerweis ass. Dat heescht et gesäit een, datt dat heiten vun allen Acteuren als e kuerze Phenomen ugesi gëtt."

Déi Aschätzung gëtt vun Experte gedeelt. Woubäi kee sech traut, eng sécher Previsioun ze maachen.

Fir de Claude Turmes geet et drëm, laangfristeg dofir ze suergen, datt de Marché méi stabil gëtt. Dowéinst sollt d'EU senger Meenung no ënnersichen, ob et Acteuren um Marché gëtt, déi duerch Spekulatioune profitéieren an deem entgéint wierken.

Mëtt Dezember wëll d'Europäesch Kommissioun eng Revisioun vun der Direktiv, déi de Gasmarché reegelt, op den Dësch leen. Dat wier eng Upak, seet de Claude Turmes, deen dat och der Kommissioun an engem Bréif geschriwwen huet.

"Do kéint een dann zum Beispill eng Mesure huelen, wou ee seet: Acteuren, déi um Gasmarché sinn, mussen ëmmer ee Mix hu vu kuerzfristegen a laangfristege Verträg - wat een technesch als hedging bezeechent. Dat ass eng konkret Mesure, wou ech hoffen, datt mer se de 15. Dezember an d'Legislatioun erakréien."

Bis dohi muss een de Leit, mat niddregem Akommes hëllefen, sou och de Lëtzebuerger Gréngen. D'Regierung wier am gaangen ze kucken, wéi dat soll organiséiert ginn.

Vu Mesuren, déi doriwwer erausginn, zum Beispill de Gaspräis ze deckele wéi Frankräich et proposéiert, hält de Claude Turmes näischt. Hien hëlt d'Entreprisen um Marché a Schutz:

"Déi riskéieren ee Risendefizit ze maachen. An de Calcul vun der Franséischer Regierung ass warscheinlech deen, datt d'Walen eréischt am Abrëll sinn an den Defizit dann eréischt dono explodéiert. Eigentlech ass dat, wat een nennt elektorale Populismus."

Experte wéi de Christian Egenhofer, Chercheur vum Europäeschen Universitéits-Institut zu Florenz ginn him Recht. Och déi spuensch Propose, datt d'EU zesumme Gas akafe soll, fir de Fluktuatiounen um internationale Maart besser entgéint wierken, hält hien net fir eng gutt Iddi.

"Wenn Sie das europaweit machen, dann haben Sie einen Importpreis, das heisst der Wettbewerb fällt weg, das wäre meiner Meinung nach keine positive Entwicklung."

D'EU huet sech a Saache Klimaschutz vill virgeholl. Bis 2050 soll d'Europäesch Unioun klimaneutral sinn, d'Klima-Ziler bis 2030 goufe verschärft, bis dohi sollen op d'mannst 55 Prozent manner CO2 an d'Loft geblose ginn.

Green Deal a Gefor?

Ass dee Green Deal vun der EU elo wéinst de Stroumpräisser a Gefor?

Et dierft een déi zwou Saachen net an een Dëppe geheien, warnt de Kommissiounsspriecher Tim McPhie.

"Et ass wichteg, eng kloer Linn tëscht deenen zwee ze zéien. D'erneierbar Energië sinn déi, déi dee bëllegste Stroum produzéieren. Wa mer also scho méi wäit wiere mat der grénger Transitioun, mam Green Deal, wieren d'Erausfuerderungen, deene mer eis aktuell stelle mussen an déi mam globale Maart vu fossiller Energie ze dinn hunn, manner staark."

Dat gesäit och de Christian Egenhofer esou. Wat méi erneierbar Energie, wat manner Ofhängegkeet, sou de Chercheur.

"Was sich durch diese Krise gezeigt hat, ist wie sehr die EU abhängig ist von den globalen Energiemärkten, in dem Fall Gas. In dem wir die Energiewende vorantreiben, werden wir weniger abhängig von den internationalen Energiemärkten."

Eens schéngt ee sech driwwer ze sinn, datt Stéit mat niddregem Akommes muss gehollef ginn. Esou eng Ënnerstëtzung kéint laangfristeg awer kontraproduktiv sinn, seet de Christian Egenhofer, well een am Fong de Verbrauch vun Energie subventionéiert. Dat wier net am Sënn vum Green Deal.

"Deswegen haben wir vorgeschlagen, dass wenn Sie das machen, dann sollten diese Massnahmen nach einer kurzen Zeit auch wieder rückgängig gemacht werden. Und wenn die Preise niedriger werden - den auch das wird wieder passieren, dass dann eben die Steuern, die jetzt zum Teil ausgesetzt werden, wieder erhoben werden."

Fir de Lëtzebuerger Energieminister gëtt et iwwerdeems keen zeréck méi. D'Engagementer, déi d'EU a Saache Klimaschutz geholl huet, missten agehale ginn, sou de Claude Turmes.

"Ech mengen datt d'Regierunge sech all bewosst: et ass elo wou mer nach kënne géint déi richteg laangfristeg Kris, nämlech d'Klimakris, gewannen. Dat kënne mer net wéinst der kuerzfristeger Gaskris erëm alles no hanne stellen, wou wéi mer dat 30 Joer gemaach hunn an elo esou wéineg Zäit nach hu fir de Klimaschutz."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.