Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU 2020: Brexit, Migratioun a Klimaschutz

EU-politeschen Ausbléck

EU 2020: Brexit, Migratioun a Klimaschutz

An der EU huet 2019 de Brexit an der Aktualitéit eng méi grouss Roll gespillt, wéi Verschiddener sech dat gewënscht hätten. Geet dat 2020 esou virun? Wéi eng aner grouss Sujeten erwaarden eis op EU-politeschem Niveau? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

1 min

"Let's get Brexit done", dat ass de Motto vum brittesche Premier Boris Johnson. Allerdéngs ass dat Kapitel, och nodeems de Spëtzekandidat vun de konservativen Tories d'Walen den 12. Dezember haushéich gewonnen huet, nach laang net ofgeschloss. Ass 2020 domat ze rechnen, datt et mam Brexit wierklech gedoen ass?

An der Migratioun si sech d'EU-Memberlänner nach ëmmer net eens. Déi nei Europäesch Kommissioun huet ee Migratiouns-Pakt annoncéiert. Gëtt et do elo wierklech en neien Ulaf?

A wéi geet et viru mam Klimaschutz op europäeschem Niveau, nodeems sech d'EU-Memberlänner (ausser Polen) um leschten EU-Sommet eens goufen, datt d'EU bis 2050 soll klimaneutral sinn?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.