Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Etüd: Inflatioun hat wéineg Afloss op Präisser vu planzleche Liewensmëttel

Liewensmëttel

Etüd: Inflatioun hat wéineg Afloss op Präisser vu planzleche Liewensmëttel

D'Inflatioun hat zejoert ee méi klengen Afloss op d'Präisser vu planzleche Fleeschalternativen, wéi op d'Präisser vu konventionellem Fleesch. Dat geet aus engem Rapport vun der ONG "Good Food Institute Europe" ervir. Bei planzlech baséierte Produiten ass den Ëmsaz an de leschten zwee Joer däitlech méi geklomm wéi bei anere Liewensmëttel.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wat déi op Planze baséiert Fleeschalternativen ugeet ass den Ëmsaz vun 2020 bis zejoert ëm 21 Prozent geklommen an huet 2022 ee Rekordwäert vu 5,7 Milliarden Euro erreecht. Wärend am selwechten Zäitraum beim konventionelle Fleesch den Ëmsaz ëm aacht Prozent zeréckgaangen ass.

Duerch d'Inflatioun sinn d'Präisser vun de planzleche Fleeschalternativen ëm ee Prozent geklommen, an déi vum konventionelle Fleesch hunn ëm ganzer eelef Prozent zougeholl.

Mëllechalternativen däitlech méi héijen Ëmsaz gemaach

Ënnersicht goufen 13 Länner an Europa, dorënner och eis dräi Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an d'Belsch.

Aus dem Rapport vun der ONG geet weider ervir, datt planzlech Mëllechproduite mëttlerweil eelef Prozent vum Marché ausmaachen. Hei ass den Ëmsaz vun de Mëllechalternativen an den ënnersichte Länner bal duebelt sou vill geklommen, wéi dee vun der Koumëllech.

Och dëse Secteur war manner vun der Inflatioun betraff. Wärend d'Präisser vu Mëllech op planzlecher Basis zejoert em ee Prozent geklommen ass, si si fir déi konventionell Mëllech ëm 17 Prozent geklommen.

Méi Fuerschung a planzlech Produite gefuerdert

Och wann d'Resultater vum Rapport positiv Unzeeche fir d'Entwécklung vun deem Secteur weise géifen, fuerdert d'ONG "Good Food Institute Europe" méi Investitiounen an d'Fuerschung an an d'Infrastruktur, fir d'Produktioun vu planzleche Produiten ze vereinfachen an d'Präisser erofzedrécken.

D'ONG betount op dëser Plaz nach eemol, datt et net méiglech wier, d'Ziler vum Paräisser Klimaofkommes z'erreechen, wann d'Emissiounen an der Fleeschproduktioun net reduzéiert ginn.

D'Zuelen aus dem Rapport géifen der ONG no weisen, datt zwar den Appetit vun den Europäer fir planzlech Liewensmëttel weider wiisst, mee déi planzlech Alternativen nach ëmmer en ze klengen Deel vum Marché ausmaachen.